Little Kids Garden

Little Kids Garden ÖFFNUNGSZEITEN / ÖFFNUNGSZÄITEN
Montags - Freitags/ Méindes - Freides
06:00 - 19:00 HÄRZLECH WËLLKOMM AM ZWERGELAND!

Mir invitéieren Iech eng Plaz kennenzeléieren, wou Äert Kand nach selbstänneg spillen, léieren an Erfahrung sammelen kann – Am Zwergeland. Eis familiär Crèche bitt de Kanner vill Méiglechkeeten fir d'Kand-sinn a vollen Zich auszeliewen. Sief et beim Rolzen an Entdecken an der Natur, oder bei aneren Aktivitéiten an der Crèche selwer. "Am Zwergeland" ass eng Famill-ergänzend Struktur fir Kanner vun

zwee Méint bis fënnef Joër, déi 5 Deeg an der Woch vu 06:00 bis 19:00 fir Iech op. Eis Crèche huet oppen Dieren fir all Mënsch, onofhängeg vun der Uertschaft wou ee wunnt, der Nationalitéit oder der kultureller, reliéiser, philosophescher an ideologescher Iwwerzeegung. Eis geet et drëms, dass Äert Kand sech hei wuel a gutt opgehuewen fillt. Mir engagéieren eis fir déi sougenannten "fréikandlech" Erzéiung, individuell Ënnerstëtzung a Bildung, déi duerch de Kanner hier eegen Initiativ op natierlech Art an Weis initiéiert gëtt. Eis jonk an dynamesch Equipe geet mam gudde Beispill vir, an esou léieren d'Kanner ganz natierlech fir hëllefsbereet, participativ, demokratesch a flexibel ze handelen. Genausou kennt Méisproochegkeet wéinst der verschidden Nationalitéiten vun de Kollegen net ze kuerz. Déi eenzel Besoinë an d'Gefiller vun all Kand huelen mir ganz eescht. Egal ob si Suergen oder Angscht hunn, ob si glécklech sinn, oder Roserei verspieren, mir huelen se eescht an behandelen des't op eng sensibel Aart a Weis mat hinnen zesummen. Well fir d'Kanner (a net nëmme fir si) d'Erléieren vun kognitiven, sozialen, emotionalen a
motoreschen Kompetenzen ganz wichteg ass, schaffen mir a klenge Gruppen. Esou entwéckelt sech eng op Géigesäitegkeet berouend Relatioun vu Vertrauen, wat eng enorm
Observatioun versprécht an domat d'Entwécklung promovéiert. Duerch eis villsäiteg Offer, zu der och gehéiert, dass d'Kanner sech selwer beschäftegen dierfen, stäerken an ënnerstëtzen mir hir individuell Entwécklung, hir Entscheedungskraaft, d'Fähegkeet Spiller matzemaachen a sech fräi auszedrécken.

Adresse

Rue Principale 113
Wormeldange
5480

Öffnungszeiten

Montag 06:00 - 19:00
Dienstag 06:00 - 19:00
Mittwoch 06:00 - 19:00
Donnerstag 06:00 - 19:00
Freitag 06:00 - 19:00

Telefon

35226747389

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Little Kids Garden erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Die Schule/Universität Kontaktieren

Nachricht an Little Kids Garden senden:

Verknüpfungen

Teilen