Villa Millermoaler

Villa Millermoaler Grundschule

🌞🌿 E ganz flotten Dag fir eisen C1!Eis Kanner aus dem C1 haten ee wonnerschéinen Dag am Beetebuerger Park bei beschtem W...
17/04/2026

🌞🌿 E ganz flotten Dag fir eisen C1!

Eis Kanner aus dem C1 haten ee wonnerschéinen Dag am Beetebuerger Park bei beschtem Wierder ☀️ a beschter Gesellschaft 🐐🐒🐢🐊🐟✈️

E richteg gelongenen Ausfluch mat ville super Momenter 😊💚

📅 Save the Date!🎉 Schoulfest – Villa Millermoaler🗓️ 11.07.2026Notéiert Iech den Datum schonn elo am Kalenner 📌All weider...
02/02/2026

📅 Save the Date!
🎉 Schoulfest – Villa Millermoaler
🗓️ 11.07.2026

Notéiert Iech den Datum schonn elo am Kalenner 📌
All weider Informatioune komme schnellstméiglich no!

🎉 Gudde Moien léif Elteren,Muer ass et esouwäit – de groussen Trommelzauber-Dag steet un! 🥁✨ Hei fannt Dir nach eng Kéie...
04/12/2025

🎉 Gudde Moien léif Elteren,

Muer ass et esouwäit – de groussen Trommelzauber-Dag steet un! 🥁✨ Hei fannt Dir nach eng Kéier all wichteg Informatiounen:

🕜 Entrée ab 14:30 Auer
• Versammelt Iech w.e.g. am Haff vum C2 bis C4, bis d'Dieren opginn.
• Opgepasst: Den direkten Zougang iwwer d’Haaptentrée vun der Sportshal ass gespaart.

👨‍👩‍👧 No der Show (géint 16:30 Auer):
• Kanner aus dem C1: Ofhuelen op der gewinnter Sammelplaz virum Schoulhaff vum C1.
• Kanner aus dem C2–C4: Ofhuelen am Krees am Schoulhaff C2 bis C4.

🎄 No 16:30 Auer sidd Dir häerzlech invitéiert eise Chrëschtmoart am Haff vum C2–C4 ze besichen

‼️Wichteg‼️
• Vergiesst w.e.g. Är Entréesbännecher nik!
• Kommt pünktlech, well um 15:00 Auer sinn d’Keess an d’Dieren zou.

Mir freeën eis op e fantastescht Fest mat Eech an äre Kanner! ❤️🥁✨

03/12/2025

🎉 Léif Elteren a Frënn vun der Villa Millermoaler,

Aus Kapazitéits- a Sécherheetsgrënn hu mir d'Reservatiounen elo zougemaach. Mir verdeelen d’Sëtzplazen an d’Entréesbännche ginn ee Mëttwoch/Donnëschdig mat heem.

🔔 Wichteg:
👉 Nëmmen déi, déi scho bezuelt hunn, kréien hir Entréesbänncher.

🎟️ Keng Plaz reservéiert?
Kee Problem – den Dag selwer kënnt Dir ab 14:25 nach eng Plaz an der Mëtteskeess kafen a vun der Tribün aus de Spektakel kucken.

Mir freeën eis op e flott Fest mat Eech zesummen ✨🥁

🎉 De Countdown leeft – nach just 1 Woch! 🎉Eise groussen Trommelzauber-Spektakel ass dee nächste Fregdig, 5. Dezember 202...
27/11/2025

🎉 De Countdown leeft – nach just 1 Woch! 🎉

Eise groussen Trommelzauber-Spektakel ass dee nächste Fregdig, 5. Dezember 2025, an der Sportshall vun der Villa Millermoaler – mat uschléissendem Chrëschtmaart. 🌟🥁

👉 Et si nach Plazen fräi!
Iwwert de QR-Code (cf Flyer) oder iwwert folgende Link kënnt dir ganz einfach är Plaze reservéieren:
https://forms.office.com/e/FREfEbyiQx

🎟️ Entrée: 7 € (inkl. Video) – bis 11 Joer fräi
Mir freeën eis op e flott Fest mat iech! ❤️✨

🖊️📜 Villa Millermoaler ass offiziell eng zertifizéiert Schreifmotorik-Schoul! 🎉Mir freeën eis Eech matzedeelen, dass d’G...
15/07/2025

🖊️📜 Villa Millermoaler ass offiziell eng zertifizéiert Schreifmotorik-Schoul! 🎉

Mir freeën eis Eech matzedeelen, dass d’Grondschoul Villa Millermoaler elo offiziell als Schreifmotorik-Schoul zertifizéiert ass! 🙌

Dëst ass dem grousse Engagement vun eisem Léierpersonal ze verdanken, dat sech an de leschte Méint intensiv theoretesch a praktesch weidergebilt huet. Iwwer Formatiounen, Workshops an Austausch hu si vill Input kritt a geléiert, wéi een d’Schreifmotorik gezielt a motivéierend an de Klassen ënnerstëtzen an emsetze kann. ✍️📚

E grousse Merci un eis Formateuren an den CDM (Centre pour le développement moteur) fir hir professionell Ënnerstëtzung an déi gutt Zesummenoarbicht an deene vergaangene Méint! 🤝🙏

🌟 Zesumme fir e gudden Zweck! 🌟Am Numm vun der Grondschoul Villa Millermoaler hu mir am Kader vum Schoulfest der Associa...
15/07/2025

🌟 Zesumme fir e gudden Zweck! 🌟

Am Numm vun der Grondschoul Villa Millermoaler hu mir am Kader vum Schoulfest der Associatioun Wonschstär e Scheck vun 2.500€ iwwerreecht, deen aus den integrale Recettë vun eiser Chrëschtfeier zesummekommen ass. 🎄💫

Mir hoffen, dass mir domat de Kanner, deenen et nik esou gutt geet, verschidde Wënsch erfëllen an hinnen e Laachen op d’Gesiicht zaubere kënnen. 💛

E grousse Merci un all déi, déi dat méiglech gemaach hunn! 🙏

15/07/2025

🎉 MERCI VUN HÄERZEN! 🎉

Mir soen e grousse Merci un all Elteren a Kanner fir är zuelräich Präsenz op eisem Schoulfest! Et war eis eng grouss Freed, iech kënnen ze empfänken, a mir hoffen, dass dir e schéinen Dag mat vill Freed a Spaass hat.

🌞 Mir wënschen all de Kanner a Familljen eng schéin, erhuelsam an entspaant Summervakanz!

📚 Mir freeën eis, iech all gesond a monter den 15. September 2025 fir dat neit Schouljoer erëmzegesin.

🎓 Un all eis Kanner, déi elo eng nei Erfarung am Lycée maachen:
Vill Gléck, Courage a Freed op ärem neie Wee – mir si stolz op iech! 💪🍀

Adresse

9A, Avenue Nicolas Kreins
Wiltz
9536

Heures d'ouverture

Lundi 07:00 - 19:00
Mardi 07:00 - 19:00
Mercredi 07:00 - 19:00
Jeudi 07:00 - 19:00
Vendredi 07:00 - 19:00

Téléphone

95 83 70 649

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Villa Millermoaler publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager