Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS En oppent Haus fir eng dynamesch Sprooch. Den ZLS ass eng Administratioun vum Kulturministère a betreit ë. a. den LOD.

Dir kënnt se bestëmmt: d’Kazenaen, déi laanscht d’Stroosse stinn an d’Luuchte vum Auto am Däischtere reflektéieren, sou ...
26/08/2026

Dir kënnt se bestëmmt: d’Kazenaen, déi laanscht d’Stroosse stinn an d’Luuchte vum Auto am Däischtere reflektéieren, sou dass een de Bord vun der Strooss gesäit. 🐈👁️

Dëst Wuert fält besonnesch duerch säin ongewinnt Schrëftbild op. Waart Dir éieren och den éischte Moment tentéiert, den „e“ laang ze liesen („Kazeena“)? 🤭

Et handelt sech beim Wuert ëm eng Zesummesetzung aus de Wierder „Kaz“ an „A“, den „en“ ass eng Fou 😊 e Verbindungselement) tëschent den zwee Wierder.

👉 Dir fannt d’Wuert och am LOD: https://lod.lu/artikel/KAZENA1

Hätt Dir et richteg geschriwwen? 😇

Am Kader vun der 40. Editioun vum „Luxembourg Fest“ zu Belgium am Wisconsin hat den ZLS d’Geleeënheet, op Demande vun de...
20/08/2026

Am Kader vun der 40. Editioun vum „Luxembourg Fest“ zu Belgium am Wisconsin hat den ZLS d’Geleeënheet, op Demande vun de Responsabele vun der Luxembourg American Cultural Society (LACS) déi hybrid Erweiderung vu senger scho bekannter mobiller Expo „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ eng éischte Kéier engem internationale Public ze presentéieren.

D’„Luxembourg Fest“ ass en Event fir amerikanesch Bierger a Biergerinnen, déi lëtzebuergesch Virfaren hunn. D’Leit reesen alljoers aus deenen ënnerschiddlechsten US-Staaten un, fir zesummen hir Lëtzebuerger Originnen ze feieren. 🎉

Eis Mataarbechterin Sarah Muller war op der Plaz, fir Visite-guidéeën unzebidden, déi vill Succès haten. 🤩

Dës nei Ausstellungsoffer, déi besonnesch op méi en internationale Public ausgeriicht ass an op fënnef Sprooche wäert disponibel sinn – an duerch hiert hybrid Format och iwwerall op der Welt 🌍 ka gewise ginn –, gëtt den Ament nach finaliséiert an dann am Oktober eng éischte Kéier dem Lëtzebuerger Public presentéiert.

👉 Méi Informatiounen iwwer déi nei Offer an iwwer d’Presentatioun am Oktober gëtt et zu engem spéideren Zäitpunkt – sidd gespaant! 😎

ℹ️ Eis bekannte Wanderausstellung bleift weiderhin disponibel.

© LACS

Wann ee vun engem seet, dass e muss Waasser a säi Wäi schëdden, dann heescht dat, dass en nach muss léieren, Kompromësse...
19/08/2026

Wann ee vun engem seet, dass e muss Waasser a säi Wäi schëdden, dann heescht dat, dass en nach muss léieren, Kompromësser anzegoen. 💧🍷
E muss also léieren, dass seng Meenung net ëmmer déi eenzeg richteg ass an dass aner Leit och gutt – vläicht esouguer besser! – Iddien hunn.

👉 Dir fannt den Ausdrock am LOD bei de Wierder „Waasser„ a „Wäin“: https://lod.lu/artikel/WAASSER2 https://lod.lu/artikel/WAIN1

Hutt Dir den Ausdrock kannt? ⤵️

De sougenannten Deenungs-h, deen een aus dem Däitsche kennt, gëtt et am Lëtzebuergeschen am Prinzip net. Am Däitsche mar...
12/08/2026

De sougenannten Deenungs-h, deen een aus dem Däitsche kennt, gëtt et am Lëtzebuergeschen am Prinzip net. Am Däitsche markéiert den Deenungs-h an engem Wuert, dass de Vokal virdru laang geschwat gëtt. Am Lëtzebuergeschen ass dat net de Fall, dofir gëtt d’Wuert „Deenungs-h“ der Lëtzebuerger Orthografie no och ouni genee dësen Deenungs-h (op Däitsch: „Dehnungs-h“) geschriwwen. 🤓

Dëst kann, wann een dat däitscht Schrëftbild gewinnt ass, am Lëtzebuergeschen op den éischte Bléck ongewinnt ausgesinn:

Anung (dt. Ahnung)
Walen (dt. Wahlen)
Bün (dt. Bühne)
Erfarung (dt. Erfahrung)
Feeler (dt. Fehler)
Fön (dt. Föhn)

Méi Informatiounen iwwer den „h“ (resp. d’Absence dervun 😎) am Lëtzebuergesche fannt Dir am Reegelwierk „D’Lëtzebuerger Orthografie“ am Kapitel 4.3.1.

https://zls.gouvernement.lu/lb/actualites/publications.gouv2024_zls+fr+actualites+publications+letzebuerger-orthografie.html

Hutt Dir schonn emol eng Kéier eng Bäckeschdose Kaffiskichelcher kaf? 🥐Falls net: Vun enger Bäckeschdose schwätzt een, w...
05/08/2026

Hutt Dir schonn emol eng Kéier eng Bäckeschdose Kaffiskichelcher kaf? 🥐

Falls net: Vun enger Bäckeschdose schwätzt een, wann een dräizéng Kichelcher fir de Präis vun zwielef Stéck kritt. Am LOD gesitt Der, dass déi englesch Iwwersetzung („baker’s dozen“) dem lëtzebuergesche Wuert am nooste kënnt. 👀

D’Bäckeschdose kann een och mat enger iwwerdroener Bedeitung benotzen:
Si haten eng Bäckeschdose Kanner.
= Si hate vill Kanner.

👉 Dir fannt d’Wuert och am LOD: https://lod.lu/artikel/BACKESCHDOSEN1

Hutt Der et kannt a wa jo, benotzt Dir et selwer? ⤵️

Den neie KONTERBONT ass do! 🎉Dës Kéier dréit sech alles ronderëm d’Handwierk. Gitt bis luussen! 👀⤵
31/07/2026

Den neie KONTERBONT ass do! 🎉
Dës Kéier dréit sech alles ronderëm d’Handwierk. Gitt bis luussen! 👀⤵

Konterbont 23 | Hummeren a seeën: d’Lëtzebuerger Handwierk

„Wou gehuwwelt gëtt, fale Spéin“, heescht et bekanntlech. Allgemeng dréckt d’Spréchwuert aus, datt eng Handlung eng negativ Konsequenz kann hunn. Am wuertwiertleche Sënn gëllt dat och fir d’Handwierk, virun allem mat Bléck op d’Schräinereien. Mee wéi gesäit et da mat de Spéin aus, wann d’Lëtzebuerger Handwierksbetriber stënterlech mat der Digitaliséierung konfrontéiert ginn? Oder ass déi negativ Konsequenz dann esou radikal, datt d’Hummeren an d’Seeë schlussendlech komplett ofgeschaf ginn?

De KONTERBONT presentéiert seng moossgeschneidert Fabrikatioun vun Handwierksartikelen, déi iwwer de Rand vun der Huwwelbänk erausluussen an och e Bléck op d’Konschthandwierk an déi nei digital Geschierkëscht geheien:

• De Verantwortleche vun den zwee Verbänn „Chambre des métiers“ a „Fédération des artisans“ hu mir ënner anerem Froen iwwer d’Digitaliséierung an den Undeel vun de Fraen am Handwierk gestallt.
• D’Digitaliséierung mécht net virun den Inklusiounsatelieren Halt. Dofir hu mer dem Atelierschef Bob Felz beim 3D-Drock iwwer d’Schëller gekuckt.
• Eng wichteg Fro hu mer gekläert: Wou fannen ech dann elo en Handwierker?
• Inspiréiert vun de Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster hu mer eis zu enger manner pragmatescher an dofir méi philosophescher Begrëffs-Excursioun verleede gelooss.
• De benevollen Handwierker Christophe Görtz huet eis op d’Spuer vum historeschen „Train 1900“ bruecht, deen zum „Minett Park“ gehéiert.
• De CELL-Coordinateur Ben Bossi huet eis mat op eng nohalteg Rees an d’Häerz vun de futtisse Geräter an de Lëtzebuerger Repair-Caféë geholl.
• No deem ganzen handwierklechen Asaz hu mer eis bei der Reitsportsuedlerin Monique Back beim Hufbett-Reiden entspaant.

Du wëlls wëssen, wien nach gehummert huet? Da kuck der eis nei KONTERBONT-Ausgab un: https://konterbont.app/aktuell-nummer/

Chambre des Métiers Luxembourg
Monique Back
LAM - Lycée des Arts et Métiers

Wat eng Frechheet! 💥Dajee! D’Träntelkätti mécht nees net virun ... 🫠Wéi vernennt Dir d’Leit?Maacht mat beim Frechheete-V...
30/07/2026

Wat eng Frechheet! 💥

Dajee! D’Träntelkätti mécht nees net virun ... 🫠

Wéi vernennt Dir d’Leit?
Maacht mat beim Frechheete-Voting a fannt eraus, wat fir eng Äre Favorit ass! 🤩
👉 https://www.frechheeten.lu/

LB: Träntelkätti
DE: Trödelliese
FR: traînarde, lambine
EN: dawdler, slowcoach
PT: pastelona, molengona

Ministère de la Culture, Luxembourg

Läit de Rimm bei Iech och erof? 😴 Da gëtt et héich Zäit fir Congé!Wann de Rimm nämlech bei enger Persoun erofläit, dann ...
29/07/2026

Läit de Rimm bei Iech och erof? 😴 Da gëtt et héich Zäit fir Congé!
Wann de Rimm nämlech bei enger Persoun erofläit, dann huet se keng Energie méi. 🥲
Mir hoffen awer natierlech, dass Dir nach Energie hutt! 🍀

👉 Dir fannt d’Expressioun och am LOD: https://lod.lu/artikel/RIMM1

Adresse

163, Rue Du Kiem
Strassen
L-8030

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS:

Raccourcis

Partager