Elterenvereenegung Schoul Elweng

Elterenvereenegung Schoul Elweng Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Elterenvereenegung Schoul Elweng, École, 10, Rue de l'Ecole L Elvange, Schengen.

Wëllkomm bei der EVE,
Mir sinn eng motivéiert Ekipp, maachen de Kanner gär eng Freed an hëllefen der Schoul Elweng do, wou mer hëllefe kënnen 😉
Wann dann nach Zäit bleift, organiséieren mir och mol gär daat eent oder aanert Event fir d'Kanner 😉

🇱🇺Nach ass Vakanz a mir hoffen dass dir se genéisst a gutt profitéiert.Mir wëllen Iech awer drop opmierksam maachen, das...
29/08/2026

🇱🇺Nach ass Vakanz a mir hoffen dass dir se genéisst a gutt profitéiert.

Mir wëllen Iech awer drop opmierksam maachen, dass mir den Dag vun der Rentrée, virun der Schoul op Iech waarden.
Et ass fir jiddereen eppes dobäi. 😊

🇫🇷Les vacances touchent bientôt à leur fin et nous espérons que vous en profitez pleinement.

Nous souhaitons toutefois attirer votre attention sur le fait que nous vous attendrons devant l’école le jour de la rentrée, avant le début des cours.
Il y en aura pour tout le monde. 😊

16/07/2026
15/07/2026
For your information⬇️
15/07/2026

For your information⬇️

Hei fannt dir eng Iwwersiicht vun eisen Aktivitéiten am Laaf vum Schouljoer 2025/2026☺️⬇️
15/07/2026

Hei fannt dir eng Iwwersiicht vun eisen Aktivitéiten am Laaf vum Schouljoer 2025/2026☺️⬇️

🐝
15/07/2026

🐝

Gëschter hu mir op e gemittlecht Zesummesinn nom Schoulfest agelueden.D'Schüler aus dem Cycle 4.2 stounge besonnesch am ...
14/07/2026

Gëschter hu mir op e gemittlecht Zesummesinn nom Schoulfest agelueden.
D'Schüler aus dem Cycle 4.2 stounge besonnesch am Vierdergrond. Sie kruten e Kaddo souwuel vun der Schoul, wéi och vun eis🎁💝
Fir sie geet lo eng nei Etapp un. Mir wënschen hinnen nëmmen dat Bescht, vill Erfolleg, Freed a Spaass op hirem neie Wee.
Fir de Recht wënsche mir all de Kanner e schéine leschte Schouldag an e gudde Start an déi wuelverdéngte grouss Vakanz☀️🤩

06/07/2026

Mir wëssen all net richteg em wat et geet,sinn och all liicht genervt wann d'Kanner bis domadder ufänken an awer fanne vill Kanner et aus iergendengem Grond witzeg 😉
Dofir huelt et w.e.g. mat Humor 😂

Den 1. Juli huet d'Schoul Elweng op hire Vernissage agelueden.WOW🤩 D'Kënschtler hunn zesumme mat all de Kanner an dem Sc...
03/07/2026

Den 1. Juli huet d'Schoul Elweng op hire Vernissage agelueden.
WOW🤩
D'Kënschtler hunn zesumme mat all de Kanner an dem Schoulpersonal eng super Aarbecht geleescht. Et si superschéi Konschtwierker entstanen. D'Schoul krut och e Make-Over🤩. D'Maison Relais Elweng huet fir eng superschéin Deko gesuercht. Eng flott Zesummenarbescht mat de Kanner😍
D'Gemeng huet dofir gesuercht dass keen duuschtereg Heem gang ass.
Mir als Elterevereenegung, hunn der Joffer Monique an der Joffer Ely e Kaddo iwwerreecht als Start an hier wuelverdéngte Pensioun.🍀
Et war e flotten Owend am Schoulhaff❣️

Adresse

10, Rue De L'Ecole L Elvange
Schengen
5692

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Elterenvereenegung Schoul Elweng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Elterenvereenegung Schoul Elweng:

Raccourcis

Partager

Type