Péitenger Museksschoul

Péitenger Museksschoul Museksunterrecht an der Gemeng Péiteng

No engem gutt gefëllte Schouljoer mat villen opreegenden Evenementer start d'Péitenger Museksschoul haut an d'Summervaka...
23/07/2026

No engem gutt gefëllte Schouljoer mat villen opreegenden Evenementer start d'Péitenger Museksschoul haut an d'Summervakanz! 🌞

Bis den 7. September inclus bleift eist Sekretariat zou, duerno si mir nees do, fir eis Rentrée vum 15. September ze preparéieren.

Bis dohinner wënsche mer eise Schüler mat hire Famillen a Frënn eng wonnerbar an erhuelsam grouss Vakanz! 🏖️

Deel 2 vun eisem Concert Solféérique - haut sinn eis Jugendlech an déi Erwuessen ënnert der Leedung vun Svetlana Toukale...
12/07/2026

Deel 2 vun eisem Concert Solféérique - haut sinn eis Jugendlech an déi Erwuessen ënnert der Leedung vun Svetlana Toukalevskaya a Marc Desorbay um Tour! 🎼🎵🎶🎹🎷🎹🎸🥁

Éischten Deel vun eisem Concert Solféérique, wou d'Kanner aus de Formation Musicale - Klassen op der Bün stinn! 🎹🎼🎵🎶
11/07/2026

Éischten Deel vun eisem Concert Solféérique, wou d'Kanner aus de Formation Musicale - Klassen op der Bün stinn! 🎹🎼🎵🎶

De Piano ass – wéi a bal all Museksschoul – och zu Péiteng dat beléiftst Instrument. Kee Wonner also, datt eis vill Pian...
29/06/2026

De Piano ass – wéi a bal all Museksschoul – och zu Péiteng dat beléiftst Instrument. Kee Wonner also, datt eis vill Pianosenseignanten dëst Joer hiren eegene Enseignantsconcert gestalt hunn.

Fir dëse besonneschen Owend gouf eise Concertsfligel esouguer duerch säin "Zwilling" ergänzt. Mat zwee Fligelen um Podium konnt de Public sech op e variéierten an aussergewéinleche Programm freeën, mat Wierker fir zwee Pianoen, véier- an esouguer aachthänneg – e musikalescht Erliefnis, dat een net all Dag ze héiere kritt.

📸 E grousse Merci dem Paulo Lobo / der Gemeng Péiteng fir déi wonnerbar Fotoen!

De Piano ass – wéi a bal all Museksschoul – och zu Péiteng dat beléiftst Instrument. Kee Wonner also, datt eis vill Pianosenseignanten dëst Joer hiren eegene Enseignantsconcert gestalt hunn. Fir dëse besonneschen Owend gouf eise Concertsfligel esouguer duerch säin "Zwilling" ergänzt. Mat

Haut starte mer ee klenge Réckbléck op en Deel vun eise Concerten, déi am Kader vun der Aweiung 2026 stattfonnt hunn.Uge...
26/06/2026

Haut starte mer ee klenge Réckbléck op en Deel vun eise Concerten, déi am Kader vun der Aweiung 2026 stattfonnt hunn.
Ugefaang mat der Formatioun "Klein" déi mat hirem Programm eise Sall esou richteg ausgereizt hunn!

📸 Merci dem Paulo Lobo fir séng wonnerbar Fotoen!

A sengem Projet schafft de Jerome Klein mat enger Rei vu Kontraster an engem minimalistesche Kader, a rutscht dobäi an eng niwweleg Stëmmung vu Melancholie an däischtere Faarwen. An dësem bal reng gehalene Kader iwwerrascht seng Musek mat haarde Liichtblëtzer, Energie-Explosiounen an esouguer e...

Adresse

50, Rue Batty Weber
Pétange
4784

Heures d'ouverture

Mardi 10:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Mercredi 10:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Jeudi 10:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Vendredi 10:30 - 11:30
13:30 - 16:30
Samedi 09:30 - 11:30

Téléphone

+3525012515600

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Péitenger Museksschoul publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Péitenger Museksschoul:

Partager