Maison Relais Nommern - Services d'Éducation et d'Accueil de Nommern

Maison Relais Nommern - Services d'Éducation et d'Accueil de Nommern Notre structure fait partie du réseau elisabeth enfance du groupe elisabeth, acteur social majeur au Luxembourg.

Le rôle des éducateurs dans notre crèche est d'accompagner le développement de l'enfant selon le concept pédagogique du Dr Emmi Pikler.

☀️ Summervakanz – Woch 7 🌿Lescht Woch hunn d’Beate an d’Sarah nees e flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir eis Kann...
08/09/2026

☀️ Summervakanz – Woch 7 🌿

Lescht Woch hunn d’Beate an d’Sarah nees e flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir eis Kanner an der Maison Relais organiséiert. 🥰

Ënnert dem Motto „Abenteuer Natur“ gouf et vill ze entdecken an ze erliewen! 🌳🐿️ D’Kanner hunn Experimenter ronderëm d’Natur gemaach, sech bei Waasserspiller ameséiert 💦 an hunn bei enger Stadtrallye mat Picknick zesummen op Entdeckungstour gaangen. 🧺🔎

Och beim Geocaching zu Miersch, verbonne mat enger flotter Spillplazvisitt, waren Entdeckergeescht an Teamwork gefrot. 🗺️🌿

Kreativ gouf et natierlech och: D’Kanner hunn Gipsschuelen hiergestallt an duerno bemoolt. 🎨

Bei „Natur on Tour“ goung et eraus an d’Natur, wou et vill ze entdecken an ze beobachten gouf. 🌲🍃 An nieft all dësen Aktivitéite blouf natierlech och genuch Zäit fir Fräispill a gemeinsam Momenter.

Eng flott Woch voller Natur, Bewegung, Kreativitéit an Abenteuer! 💚🌞

E ganz besonnesche Merci geet un d’Beate an d’Sarah ❤️, déi dëse Summer souguer zwou Woche fir eis Kanner geplangt a mat vill Engagement, Kreativitéit an Häerz ëmgesat hunn. Merci fir déi vill flott Iddien an déi schéi Momenter, déi dir de Kanner geschenkt hutt! 🥰🌿☀️

🧑‍🚒👩‍🌾 Kleng Hänn – grouss Beruffer! 👩‍🚒🧑‍🌾Déi fünft Woch vun der Summervakanz hunn d’Beate an d’Sarah eng spannend an o...
24/08/2026

🧑‍🚒👩‍🌾 Kleng Hänn – grouss Beruffer! 👩‍🚒🧑‍🌾

Déi fünft Woch vun der Summervakanz hunn d’Beate an d’Sarah eng spannend an ofwiesslungsräich Woch ronderëm d’Thema Beruffer fir eis Kanner organiséiert. ✨

🚒 D’Pompjeeë waren bei eis an der Maison Relais op Besuch. D’Kanner kruten en Abléck an hir spannend Aarbecht an duerften esouguer selwer mam Waasserschlauch sprëtzen – natierlech e groussen Highlight! 💦🔥

🧻 Beim SuperDrecksKëscht hu mir entdeckt, wéi Pabeier hiergestallt gëtt, an dobäi selwer aktiv matgemaach.

🧁 Bei eisem Ausfluch bei Luxlait konnten d’Kanner hannert d’Kulisse kucken an dobäi selwer Muffins maachen. Duerno hu mir den Ausfluch nach mat engem gemittleche Picknick ofgeronnt. 🥛✨

💭 Beim „Steckbréif – Wat wëll ech mol ginn?“ konnten d’Kanner sech Gedanken doriwwer maachen, wéi ee Beruff si spéider eng Kéier ausübe wëllen. Ausserdeem waren mir zu Besuch beim Bauer Marc 🚜

🪖 Zum Ofschloss vun der Woch stoung nach en Ausfluch bei d’Arméi um Programm, wou et fir d’Kanner nees vill Neies ze entdecken an ze erliewe gouf.

Eng Woch voller Entdeckungen, neien Andréck a prakteschen Erfarungen, bei där d’Kanner verschidde Beruffer op eng flott a lieweg Aart a Weis kenneléiert hunn. 🌟

❤️ E grousse Merci un d’Beate an d’Sarah fir dës kreativ, spannend an ofwiesslungsräich Woch!

🌞 SUMMERVAKANZ – Woch 3 🌞E grousse Merci un de Philipp an den Mika, déi eis dritt Summervakanzwoch mat vill Energie, Spa...
07/08/2026

🌞 SUMMERVAKANZ – Woch 3 🌞

E grousse Merci un de Philipp an den Mika, déi eis dritt Summervakanzwoch mat vill Energie, Spaass a flotten Aktivitéiten organiséiert hunn! 🌈🥰

Zesumme si mir op Nommerlayen gaangen, wou mir beim Bowling a bei engem klenge Picknick vill Spaass haten. 🎳🧺 Mir hunn eis beim Fussballgolf sportlech ausgetobt an um Waasserspillplaz fir déi néideg Ofkillung gesuergt. 💦⚽

Bei der Expeditioun Bësch hu mir d’Natur entdeckt 🌳🌿 an zesummen Stockbrot mat Zimt an Zocker um Feier gemaach. 🔥🥖 Dat war e besonnesche Moment, bei deem de gemeinsame Spaass natierlech net gefeelt huet. 🥰

Bei enger Bësch-Schnitzeljuegd hu mir eis Geschécklechkeet an eisen Teamgeescht getest 🔎🌿 an duerno XXL-Sandbuerge gebaut. 🏰
Zum Ofschloss vun der Woch stoungen nach Fussball-Tennis a Volley-Fussball um Programm. ⚽🏐 An bei enger entspaanter Wellness-Stonn mat Massage konnte mir d’Woch gemittlech ausklénge loossen. 🧖‍♀️🌸

Et war eng Woch voller Beweegung, Entdeckungen, Teamgeescht, Laachen a schéine Momenter zesummen! 🥰✨

🤗 Mir freeën eis schonn op déi nächst Abenteuer vun eiser Summervakanz! ☀️🌿

🌞 SUMMERVAKANZ – Woch 1 🌞E grousse Merci un d'Silvia an d'Tanja, déi eis éischt Summervakanzwoch mat vill Léift, Kreativ...
28/07/2026

🌞 SUMMERVAKANZ – Woch 1 🌞

E grousse Merci un d'Silvia an d'Tanja, déi eis éischt Summervakanzwoch mat vill Léift, Kreativitéit a flotten Iddien organiséiert hunn! 🌈🥰

Zesumme si mir op Hollenfels bei d’Béie gefuer 🐝, en Insektenhotel gebaut 🪵🐞 hunn beim Action-Painting eis Kreativitéit ausgeleeft 🎨 an eis Sënner bei verschiddene Aktivitéite gefuerdert. ✨

Et war eng Woch voller Entdeckungen, Laachen, neien Erfarungen a schéine Momenter zesummen. 🤗
Mir freeën eis schonn op déi nächst Abenteuer vun eiser Summervakanz! ☀️🌿

Den Samschdeg huet bei eis e flotte Elterenbrunch stattfonnt 🥐☕️Et war eng schéin Geleeënheet fir zesummen Zäit ze verbr...
29/04/2026

Den Samschdeg huet bei eis e flotte Elterenbrunch stattfonnt 🥐☕️
Et war eng schéin Geleeënheet fir zesummen Zäit ze verbréngen, sech auszetauschen an eng gemmitlech Atmosphär ze genéissen.
Merci un all Elteren, déi dobäi waren!🧡

🌸 Fréijoer = Wieder wiesselt séier! 🌦Fir dat d'Kanner sech ëmmer wuel fillen, empfeele mir si am Zwiebelprinzip unz👕🧥➡️ ...
17/03/2026

🌸 Fréijoer = Wieder wiesselt séier! 🌦

Fir dat d'Kanner sech ëmmer wuel fillen, empfeele mir si am Zwiebelprinzip unz👕🧥

➡️ Méi Schichten undoen, déi een einfach un- an ausdoen kann
➡️ Moies ass nach frësch, mëttes oft méi waarm
➡️ Sou bleiwe d'Kanner flexibel a gutt geschützt

Merci fir Är Ënnerstëtzung 🧡
Äert Maison Relais Team.

D'Kanner vun der Maison Relais waaren an der Fuesvakanz Schlittschong laafen ⛸️ Si haten vill Spaass am Äis an waaren ma...
27/02/2026

D'Kanner vun der Maison Relais waaren an der Fuesvakanz Schlittschong laafen ⛸️ Si haten vill Spaass am Äis an waaren mat dësem Ausfluch super zefridden 🧡

Musek, Danz a vill Spaass 💃🕺
20/01/2026

Musek, Danz a vill Spaass 💃🕺

Beweegung an Spaass 🤸🏻‍♀️ Kanner w.e.g virdru Umellen ⚽️
20/01/2026

Beweegung an Spaass 🤸🏻‍♀️ Kanner w.e.g virdru Umellen ⚽️

Wanterspaass op Äis! ❄️ w.e.g denkt drun är Kanner rechtzäitig unzemellen ⛸️
20/01/2026

Wanterspaass op Äis! ❄️ w.e.g denkt drun är Kanner rechtzäitig unzemellen ⛸️

Adresse

31 Rue Principale
Nommern
7465

Heures d'ouverture

07:00 - 19:00

Téléphone

+352837318500

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Maison Relais Nommern - Services d'Éducation et d'Accueil de Nommern publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager