Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer

Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer Association sans but lucratif (RCS : F10264)

02/07/2025

📣 D’AAALJBM sicht dech – komm an den Comité a bréng frësche Schwong mat! 📣

Mir sichen ancien Schüler & Schülerinnen, ancien Mataarbeschter & Mataarbeschterinnen, oder Partner vum Lycée. Hues du Loscht, dech fir d’Zesummenhalt an d’Erënnerunge ronderëm de Lycée Josy Barthel anzesetzen?

👉 Mir sichen motivéiert Leit, déi Loscht hunn, de Comité z’ënnerstëtzen – op fräiwëlleger Basis, mat Freed un der Saach an ouni Drock.

📩 Interesse? Schreif eis eng PN hei op Facebook!

Mir erklären der gären, wat de Comité mécht, wéi eng Rollen aktuell oppen sinn a wéi vill Zäit et ongeféier brauch. Alles ganz flexibel – einfach mol nofroen 😊

Mir freeën eis drop, vun dir ze héieren! 🙌

Kommt laanscht op d’Portes Ouvertes am Lycée Josy Barthel zu Mamer! Mir vun der AAALJBM si mat dobäi – mir freeën eis ie...
25/04/2025

Kommt laanscht op d’Portes Ouvertes am Lycée Josy Barthel zu Mamer! Mir vun der AAALJBM si mat dobäi – mir freeën eis iech ze gesinn!

Invitatioun op d’Portes Ouvertes! 🚪
Mir invitéieren Iech häerzlech op d’Portes Ouvertes vum Lycée Josy Barthel Mamer, fir e Bléck an eis dynamesch a modern Schoul ze werfen!
📅 Wéini?
Freides, den 16. Mee 2025 vu 16:30 bis 19:00 Auer
Samschdes, den 17. Mee 2025 vu 9:00 bis 13:00 Auer
📍 Wou?
Lycée Josy Barthel
2, rue Gaston Thorn
L-8268 Mamer
Kommt laanscht fir:
✅ Visitten duerch d'Schoul
✅ Flott Atelieren
✅ Vill Animatioun a méi
👀 Komm bei eis kucken a léier eise Lycée a seng Offer kennen – mir freeën eis op Iech!
🔗 Méi Info op ljbm.lu

06/04/2025

🎓 Neien Discord-Server fir d'AAALJBM! 🎓

Sidd dir e Ancien oder eng Ancienne vum Lycée Josy Barthel Mamer? Oder einfach eng Amie oder e Ami vum LGLB?

Da kommt elo op eise Discord-Server vun der Associatioun "Anciens et Amis du LJBM" – e flotte digitale Treffpunkt fir all eis Anciens, Frënn an Supporter! 💬🤝

Hei hale mir:
📣 Kontakt mam Lycée
📆 Organiséiere gemeinsam Eventer
🗣️ Tausche Geschichten a flott Erënnerungen aus
👥 Bleiwe mateneen a Kontakt – och no der Schoulzäit!

👉 Kommt bäi a bleift verbonnen enner Discord op https://aaa.ljbm.lu
Mir freeën eis op jiddereen, deen deel huele wëll! 🎉

Zesumme baue mir eng dynamesch a lieweg LJBM-Community op!

Adresse

2, Rue Gaston Thorn
Mamer
8268

Téléphone

+3522631401

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer:

Partager

Type