Schülercomité - LJBM

Schülercomité - LJBM Wëllkomm um Site vum Schülercomité aus dem Lycée Josy Barthel Mamer. Hei haalen mir iech um Cour

14/07/2022
14/07/2022
31/03/2022

Als Optakt fir eisen Ouschterbasar dëse Freideg, 1. Abrëll, zugonschte vun den ukrainesche Flüchtlingen, hunn d‘4C1, 4C2 a 4TPGC1 zesumme mam Schülercomité e Signal géint de Krich a fir de Fridden an der Ukrain gesat. 👍😀 E grousse Merci un d'Sportsproffen, den Här Köller, den Här Reiles an den Här Weber, fir hir Hëllef bei der Ëmsetzung an dem Fotograféieren vun dëser Aktioun.
Schülercomité - LJBM

Gëschter hat eise Vize-President Luca Delbrassinne Colling, als Member vum Büro exekutiv vun der CNEL - Conférence Natio...
04/02/2022

Gëschter hat eise Vize-President Luca Delbrassinne Colling, als Member vum Büro exekutiv vun der CNEL - Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg, en Interview um RTL fir der CNEL hier Aarbechtstheme vun dësem Joer ze presentéieren. Wann s de interesséiert bass méi iwwert d'CNEL gewuer ze ginn da kuck der den Interview de Sonnden Owend op der Tele un, oder informéier dech bei eis.

Mir wënschen alle Schüler eng gutt Rentrée a freeën eis op en weidert Schouljoer wou mer kenne mat iech zesummeschaffen....
17/09/2021

Mir wënschen alle Schüler eng gutt Rentrée a freeën eis op en weidert Schouljoer wou mer kenne mat iech zesummeschaffen.

Léif Gréiss,
äre Schülercomité

Léif Kolleginnen a Kollegen mer hunn een Team gemaach, an dat jidderee bei Intressi eragoe kann. An desem Team kënnt dir...
19/04/2021

Léif Kolleginnen a Kollegen mer hunn een Team gemaach, an dat jidderee bei Intressi eragoe kann. An desem Team kënnt dir eis direkt uschreiwen, wann dir Probleemer hutt oder iech der an der Schoul opfaalen. All Verbesserungsvirschlo an Projeten sinn och wëllkomm.

17/03/2021

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

hei ass eise Presentatiounsvideo. Mer stellen iech eis Membere fir, wéi och eis Aufgaben an déi verschidde Gremien, wou mir dra vertruede sinn.
Och an dëser Zäit hunn mir en oppent Ouer fir iech. Wann iech Probleemer an der Schoul opfalen, dir Verbesserungsvirschléi hutt etc., kënnt dir eis gäre kontaktéieren.

Mail: [email protected]

CDI: Am Sall bei de Computeren.

Den nächsten Donneschden hues DU d‘Méiglegkeet dem Educatiounsminister Claude Meisch, deng Bedenken zur Covid-Handhabung...
24/02/2021

Den nächsten Donneschden hues DU d‘Méiglegkeet dem Educatiounsminister Claude Meisch, deng Bedenken zur
Covid-Handhabung an der Schoul matzedeelen oder Froen ze stellen.

Wann s de interesséiert bass, dann so eis Bescheed, da kriss du de Link fir den Teamsmeeting geschéckt (esoubal mir en och kruten 😉). Du kanns eis awer och deng Meenung a Froen zoukommen lossen, dann huele mir se mat. 😉

18/02/2021

Wëllkomm op der offizieller Facebook Säit vum Schülercomité aus dem Lycée Josy Barthel Mamer.
Wann dir Froen zu der Schoul oder méi konkret zum Schülercomité hudd, zéckt net fir eis ze kontaktéieren😉

Adresse

Mamer
L-8268BERTRANGE

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Schülercomité - LJBM publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Schülercomité - LJBM:

Raccourcis

Partager

Type