21/01/2022
Jean BUCK
26.11.1920 – 23.08.1944
De Jean Buck kënnt den 26. November 1920 als Fils vum Ferd Buck an Amélie Cilien zu Esch-Uelzecht op d’Welt. Hei wiisst hien ënnert ville Frënn a Kolleegen op. Well hien musikalesch begaabt ass, schécken seng Elteren de Jean an d’Museksschoul wou hien souguer een Ofschloss mécht. Aus fräie Stécker trëtt hien och dem Turnveräin „CAG La Fraternelle“ bäi wou hien wärend Joren een aktive Member ass. No sengem Schoulofschloss geet de Jean op eng Bank schaffen.
Nom Amarsch vun de Preisen, den 10. Mee 1940, ass näischt méi esou bliwwen wéi et war. Franséisch Virnimm a Familljennimm si grad esou aus dem Sproochgebrauch verbannt ginn wéi déi franséisch Sprooch aus dem Alldag an aus der Schoul. Et ass kaum een Dag vergaangen wou de Gauleiter a seng verbriecheresch Clique Lëtzebuerg a seng Awunner net mat neien „Verordnungen“ schikanéiert hunn.
A wéi de Jean Buck den 2. Oktober 1942 als „tauglich“ fir den sougenannten Wehrdienst gemustert gëtt, muss hien fort vun doheem an hien kënnt, wéi esouvill anerer och, op d’Ostfront. No engem „Heimaturlaub“ am Oktober 1943 desertéiert hien awer nees direkt a geet net méi zréck bei seng Eenheet. De Jean Lhermitte, ee Passeur vun de PI-MEN, bréngt hien iwwert déi belsch-lëtzebuergesch Grenz. Zu Longlier an der Belsch schléisst de Jean sech dem Maquis un. Ab do operéiert de Jean Buck an de belschen Ardennen, zesummen mat aneren Maquisarden. Den 28. Dezember 1943 war et dunn awer em een H**r no ëm hien geschitt. Seng Partisanegrupp gouf am verloossene Schlass vun Vaux-lez-Chaînes vun de Preisen opgespiert an ëmstallt. An engem bluddegen Feiergefecht falen aacht vum Jang senge Kolleegen ënnert de preisesche Kugelen. Ee vun hinnen geréit a Gefaangenschaft an de Jean, bal net ze gleewen, kann mat vill Chance entkommen.
Duerch feige Verrot vun zwee Lëtzebuerger Kollaborateuren gëtt de Jang dann awer den 9. Februar 1944 zu Baraque-Fraiture vun der Gestapo op en Neits opgespiert an dës Kéier verhaft. Iwwert d’Prisongen vun Aye a Léck gëtt hien schliisslech op Aarel transferéiert, wou hien den 14. Abrëll 1944 wéinst „Fahnenflucht“ vun engem sougenannten „Feldkriegsgericht“ zum Doud verurteelt gëtt. Vu senger Tätegkeet als Maquisard haten d’Preisen keng Anung, soss wier hien mat Sécherheet nach op der Platz erschoss ginn.
De 26. Mee 1944 gëtt de Jean Buck aus dem Prisong vu Saarburg an de Prisong op Tréier, heivir an Däitschland, iwwerfouert. Vun do schreift hien deselwechten Dag nach ee Bréif u seng Elteren an u seng Verloobten, d’Renée Lhermitte, dem Passeur Jean Lhermitte seng Duechter. Hien schreift dat hien begnodegt ginn ass an dat seng Doudesstrof a 15 Joer Prisong ëmgewandelt ginn ass. Hien ass reegelrecht erliichtert a biet seng Elteren am selwechte Bréif em Verzeiung „fir all den Misär den hien hinne géif maachen“.
Folgend Zeilen schreift hien awer senger Frëndin, dem Renée: “... von meiner Seite kannst du immer denselben erwarten und meine Gefühle werden auch immer dieselben bleiben. Wir haben nun einmal Pech in unserer Liebe. Andere Leute haben mehr Glück. Aber wir wollen doch noch nicht alle Hoffnung aufgeben und abwarten, was uns das Schicksal, das im Leben oft so allerlei mit sich bringt, für uns beide bestimmt hat ...“
Ma dem Jean seng Hoffnung mam Liewen dovun ze kommen sollt sech séier a Loft opléisen. Nom Attentat op den Ortsgruppenleiter vu Jonglënster, woubäi den ëm d’Liewe kënnt, ginn dem Jean seng 15 Joer Fräiheetsentzuch nees an eng Doudesstrof ëmgewandelt. Entretemps befënnt hien sech zu Siegburg an Däitschland am Prisong. D’Nazien wollten een Exempel statuéieren an hunn willkürlech 10 Jongen ausgewielt déi doropshin vun engem Exekutiounspeloton higeriicht gi sinn. An ee vun hinnen war de Jean Buck.
De Jean hat zwou Stonnen Zäit fir sengen Elteren nach eng leschte Kéier ze schreiwen. Hien schreift: ... ich habe nur noch zwei Stunden Zeit um euch ein paar Worte von mir zukommen zu lassen. Es ist mir nicht möglich euch noch einmal wieder zu sehen. Trotz meiner langen Strafe die ich hatte, hoffte ich doch immer noch einmal unter euch leben zu können ... Ir hien zesummen mam Marcel Charpentier vu Rëmeleng a mam Koerner Camille vun Déifferdeng den 23. August 1944 zesummen erschoss gëtt, beicht den Jean nach eng Kéier bei engem däitschen Paschtouer. Dësen begleet si bis an den Doud. Kee vun deenen dräi Jongen léisst sech d’Aen verbannen. Den Exekutiounspeloton hëlt zirka 8 Meter virun deenen dräi Bouwen Opstellung. Jeeweils zwee Tireuren kréien jeeweils een vun de Jongen zougewisen. Nodeems d’Schëss gefall sinn, briechen déi dräi Lëtzebuerger zesummen a sinn dout!
Dem Jean säi Passeur, de René Lhermitte gëtt den 5. Abrëll 1943 vun de Preisen zu St. Polten bei Mauthausen fusilléiert. Hien gouf nom Krich posthum mat sëllegen Dekoratiounen a Medailen ausgezeechent. Säi Meedchen d’Renée, dem Jean seng Verloobten, iwwerlieft de Krich. Och si war eng groussaarteg Resistenzlerin, gëtt nom Krich héich dekoréiert, féiert duerno een Miwwelgeschäft a stierft 1982.
Am Joer 1946 gëtt de Jang a seng Heemechtsstad op Esch un der Uelzecht rapatriéiert. Do gëtt hien den Dënschdeg, den 9. Abrëll 1946, nomëttes um 15h30 um Jousefskierfecht begruewen. An do rout hien haut ëmmer nach, zesumme mat sengen Elteren. De Jean gouf 23 Joer al.