CNEL - Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg

CNEL - Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg D'CNEL ass d'offiziell Vertriedung vun de Schüler zu Lëtzebuerg. https://linktr.ee/cnellux

07/09/2026

De Samschden ass et souwäit! 🛍️♻️

Mir hunn nach e puer limitéiert Plaze fräi! Wann s du spontan Loscht hues, deng Saachen ze verkafen, mell dech nach séier un a gëff hinnen en neit Liewen! 💚

Kommt laanscht, stibitzt iech e puer Schnäppercher a verbréngt e flotte Samschdeg mat eis! 😎

Bichermaart goes Jugendmaart 2026
📅 Samschdes, den 12. September 2026 op der Place d’Armes an der Stad! 📍🤩
Bass du Schüler oder Student? Da passt dat hei genee fir dech!
✅ Du hues doheem Saache leien, déi’s de net méi benotz, mee et wier Schued se ewechzegeheien?
✅ Du wéilts deng Keess e bësse fëllen?
✅ Du hues Loscht aner jonk Leit aus dem ganze Land kennen ze léieren?
Perfekt! 🎯 Verpass also net de Bichermaart goes Jugendmaart! Gëff dengen Saachen en zweet Liewen… a wien weess, vläicht gees de mat neie Schätz erëm heem! ♻️
D’CNEL, déi national Schülerkonferenz, organiséiert zesumme mam Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg dëse Dag speziell fir Schüler a Studenten.
🎉 Wat erwaart dech?
🛍️ Du kanns selwer e Verkafsstand halen
💡 Super Geleeënheeten fir gutt Affären ze fannen
ℹ️ Informatiounen iwwer d’CNEL an d’Schülercomitéen
Komm laanscht luussen, verkafen oder entdecken a genéiss däin Dag! 😎
Wichteg:
🔔 D’Umeldung fir e Stand ass net obligatoresch, mee eng gutt Iddi, fir dass mir dir e Dësch an eng Plaz ënnert engem Zelt reservéiere kënnen.
➡️ Umellen hei: https://www.jugendrot.lu/bgj26
Froen? Schreif eis oder ruff un:
📧 [email protected]
📞 406090333
⚠️ Opgepasst: Nëmmen Schüler a Studenten dierfen e Stand hunn. Eng Begleedung vun engem Erwuessenen ass erlaabt, mee Erwuessener eleng dierfen net verkafen!

13/07/2026

Bichermaart goes Jugendmaart 2026 (Plus d’infos en français sur notre site)
📅 Samschdes, den 12. September 2026 op der Place d’Armes an der Stad! 📍🤩
Bass du Schüler oder Student? Da passt dat hei genee fir dech!

✅ Du hues doheem Saache leien, déi’s de net méi benotz, mee et wier Schued se ewechzegeheien?
✅ Du wéilts deng Keess e bësse fëllen?
✅ Du hues Loscht aner jonk Leit aus dem ganze Land kennen ze léieren?

Perfekt! 🎯 Verpass also net de Bichermaart goes Jugendmaart! Gëff dengen Saachen en zweet Liewen… a wien weess, vläicht gees de mat neie Schätz erëm heem! ♻️

D’CNEL, déi national Schülerkonferenz, organiséiert zesumme mam Service Jeunesse vun der Stad Lëtzebuerg dëse Dag speziell fir Schüler a Studenten.

🎉 Wat erwaart dech?
🛍️ Du kanns selwer e Verkafsstand halen
💡 Super Geleeënheeten fir gutt Affären ze fannen
ℹ️ Informatiounen iwwer d’CNEL an d’Schülercomitéen

Komm laanscht luussen, verkafen oder entdecken a genéiss däin Dag! 😎
Wichteg:

🔔 D’Umeldung fir e Stand ass net obligatoresch, mee eng gutt Iddi, fir dass mir dir e Dësch an eng Plaz ënnert engem Zelt reservéiere kënnen.

➡️ Umellen hei: https://www.jugendrot.lu/bgj26

Froen? Schreif eis oder ruff un:
📧 [email protected]
📞 406090333

⚠️ Opgepasst: Nëmmen Schüler a Studenten dierfen e Stand hunn. Eng Begleedung vun engem Erwuessenen ass erlaabt, mee Erwuessener eleng dierfen net verkafen!

30/06/2026

Save the date 😄 Méi Infoe kommen geschwënn! Plus d’infos à venir bientôt ! 🧡

D’CNEL war haut frou beim offizielle Lancement vum WTOON-Projet an den neie Leonora-Tools dobäi gewiescht ze sinn an am ...
05/06/2026

D’CNEL war haut frou beim offizielle Lancement vum WTOON-Projet an den neie Leonora-Tools dobäi gewiescht ze sinn an am Kader vun enger Table ronde hiren Avis zum Social-Media-Verbuet virstelle konnten. 🎉

An enger Welt,wou Social Media an den Internet zum Alldag gehéieren, ass et fir eis wichteg, d‘Schüler dobäi z’ënnerstëtzen, digital Risike besser ze erkennen, sech online ze schützen an e bewossten a sécheren Ëmgang mat Internet a soziale Medien z’entwéckelen. 📱🔒

Genee do setzt Leonora un: Mat Webtoons an interaktiven Tools ginn Themen ewéi Dateschutz,Privatsphär a sécher Online-Verhalen op eng einfach a spannend Aart a Weis erkläert.

👀 Kuckt onbedéngt op de Site:

👉 leonora-gdpr.lu .lu

Am Mee ware mir um Forum national de la démocratie et de la citoyenneté dobäi, organiséiert vum CePAS, eis der CNEL an d...
02/06/2026

Am Mee ware mir um Forum national de la démocratie et de la citoyenneté dobäi, organiséiert vum CePAS, eis der CNEL an dem ZpB, a mat dobäi den Educatiounsminister Claude Meisch. De Forum ass Deel vun der Semaine de la démocratie, déi all Oktober an de Schoule stattfënnt.

Méi wéi 90 engagéiert Schüler aus verschiddene Lycéeë sinn zesumme komm: Schülercomités-Memberen, Ambassadeuren an d‘Erwuessener, déi si begleeden.

💡 D'Zil? Ze weisen, wéi vill verschidde Méiglechkeeten et gëtt, sech an der Schoul anzesetzen, an de Dialog tëscht Jonken an Erwuessenen nach méi staark ze maachen, ronderëm Theme wéi Matbestëmmung, Participatioun a Wuelbefannen an der Schoul.

🙌 Vill spannend Iddien, flott Gespréicher a motivéiert Jonker, déi sech fir eng Schoul asetzen, déi méi inklusiv, méi partizipativ a méi no un de Besoine vun de Schüler ass.

👏 Merci un eis dräi CNEListen, déi beim Moderéiere gehollef hunn an eis Projete virgestallt hunn. 🧡💛

17/05/2026

🇱🇺Haut, um 18. Mee 2026 gi fir 3.957 Primaner hir Premièresexamen un. D‘CNEL wënscht all Eenzelem vill Gléck a Courage - Dir packt dat!
🇪🇺Vill Gléck och all den Europaschüler op den S7-Klassen ab dem 1. Juni!

🇫🇷Aujourd’hui, le 18 mai 2026, 3.957 élèves de terminale passeront leurs examens finaux. La CNEL souhaite à tous bonne chance et courage! Vous allez y arriver!
🇪🇺Bonne chance aussi à tous les élèves internationaux des classes de S7 à partir du 1er juin!

🇬🇧Today, on May 18, 2026, 3.957 Seniors will take their final exams. The CNEL wishes everyone good luck and courage - You got this!
🇪🇺Good luck to all the international students of the S7-Classes too from the 1st of June onwards!

🍀

✨ D’CNEL war véier Deeg laang op der Schoulfoire an der Luxexpo vertrueden Enn Abrëll. Mir hunn d'Schüler iwwert d'Schül...
11/05/2026

✨ D’CNEL war véier Deeg laang op der Schoulfoire an der Luxexpo vertrueden Enn Abrëll.

Mir hunn d'Schüler iwwert d'Schülercomitéen an d’CNEL informéiert, d'„Nicotine Socks“-Campagne virgestallt a waren zesumme mam 🤖 René Robot ënnerwee.

E grousse Merci un all déi, déi laanscht komm sinn a mat eis geschwat hunn 💬🙌
An natierlech och e risege Merci un eis CNEListen, déi um Stand dobäi waren a mat ugepaakt hunn 💙👏

Un grand merci à Pauline Kayitare pour son témoignage fort et touchant 💛À seulement 13 ans, elle a vécu l’impensable pen...
17/04/2026

Un grand merci à Pauline Kayitare pour son témoignage fort et touchant 💛
À seulement 13 ans, elle a vécu l’impensable pendant le génocide rwandais de 1994. Aujourd’hui, elle partage son histoire pour nous aider à comprendre les dangers de la haine, des rumeurs et de la manipulation.
Nous avons eu l’honneur de l’accueillir à la CNEL, et sa visite nous a profondément marqués.
Son livre Tu leur diras que tu es Hutue nous rappelle à quel point il est important de ne jamais oublier et de toujours défendre le respect, la tolérance et la solidarité.
Si son témoignage vous intéresse, n’hésitez pas à nous contacter ! .pauline

Adresse

87, Route De Thionville
Luxembourg
2610

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CNEL - Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager