05/08/2026
"Gerontokratie an Zukunftsfäegkeet", dat ass d'Thema wat op der REEL 2026 zu Oochen beschwat an diskutéiert gett.
❓Wéi wierkt sech eng alternd Gesellschaft op d'Matsproochrecht vun der Jugend an op d'Reformfäegkeet vu Lëtzebuerg aus❓
Eeler Generatiounen hunn duerch hir Unzuel an hir héich Walbedeelegung e grousst politescht Gewiicht. Jonk Perspektive sinn dogéint a wichtegen Entscheedungsprozesser, wéi dem Sozialdialog nach ëmmer begrenzt vertrueden.
D'Alterung vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg stellt souwuel Chancen wéi och Risiken duer.
Dobäi ass et d'Jugend, déi mat de Konsequenze vun haut getraffen Entscheedunge laangfristeg liewe muss. Fir Lëtzebuerg zukunftsfäeg ze halen, brauch et dofir méi intergenerationelle Dialog, méi Bedeelegung vu Jonken an de Courage, néideg Reformen unzegoen.
Mir gesin eis zu Oochen 👋🏻💛