25/02/2026
Eng 7. ëffentlech Europaschoul - Ass dat dee richtege Wee?
D'Chambre des Fonctionnaires et Employés publics (CHFEP), an där d'FÉDUSE-CGFP béid Vertrieder fir d'Fonctionnairen aus dem Enseignement Secondaire stellt, huet sech an hirem Avis kritesch zum Gesetzesprojet zum Bau vun engem Lycée zu Schëffleng geäussert.
Monéiert gëtt virun allem, dass den Ausbau vun ëffentlechen internationale Schoulen hei am Land weider virugedriwwe gëtt, obwuel rezent Etuden op en Neits gewisen hunn, dass d'Schüler aus dëse Schoulen hei zu Lëtzebuerg am Verglach zu hire Kolleegen aus den Europaschoulen am Ausland a quasi alle Fächer méi schlecht ofschneiden. Wann ee bedenkt, dass trotz deene schlechte Performancen den Taux de réussite am europäesche BAC hei am Land no bei 100% läit, drängt sech d'Fro op, wéi gläichwäerteg dësen Ofschloss wierklech soll zu eisem nationale Premièresdiplom sinn. Donieft kritiséiert d'CHFEP, dass zu kengem Zäitpunkt e reelle politeschen Debat iwwert méiglech Alternativen zu dëse Schoule gefouert gouf.
Genee ewéi d'CHFEP ass och d'FÉDUSE-CGFP dofir der Iwwerzeegung, dass et héich Zäit gëtt, de Modell vun deenen ëffentlechen internationale Schoule kritesch op de Leescht ze huelen amplaz weider blannemännerches den Ausbau vun dëser konkurréierender Parallelwelt zu eisem traditionelle Schoulsystem virunzedreiwen. Um Spill steet heibäi nämlech net nëmmen d'Qualitéit vun eiser Schoul allgemeng, mee och déi sozial Kohäsioun insgesamt!
Dee ganzen Avis vun der CHFEP genee ewéi de Projet de loi selwer fannt Dir ënnert deem follgende Link:
https://mcusercontent.com/96cf4e777e4f194de32d6ca1c/files/aa9ea71b-3621-93fd-bf3d-506533774c6a/Avis.pdf