20/05/2026
Voici quelques impressions de l‘animation théâtrale „le 17ème en scène“ qui s‘est déroulée au CDI pou les classes de 2eG. Un grand merci à Aude-Laurence et Stéphane du TOL pour ce moment très inspirant 🎭🙏
18/05/2026
Mir wënschen alle Primaner bonne chance! Dir rockt dat!🍀🍀🍀
27/04/2026
Warnung ab Slide dräi: Fake Blutt 🩸
Leschte Freiden haate mir eis Kriminuecht an der Bibliothéik vum Fieldgen. 16 Schüler*innnen waren an d’Retenue geruff ginn, well si op déi eng oder aner Manéier de Bibliothécairë Frechheete gemaach hunn. Mee dës Retenue kruut e bluddegen Twist!
De Bibliothécaire ass vun enger Schülerin ëmbruet ginn, well dës Schülerin no Corrigéën um Büro gesicht huet fir déi um Schoulhaff ze verkaafen…do wosst een wuel ze vill 🤐
D’Mäerderin an hir Komplizin konnten um Enn vum Owend gefaast ginn. 🔍🕵️♂️
23/04/2026
Klenge Réckbléck op eisen „Dress up as your favorite character“ fir de Weltdag vum Buch? Erkennt dir wee mir duerstellen?😁
A weider geet et mat de Preparatiounen fir wis nächst Aktivitéit zum Joresthema „Liesen a Liewen am Däischteren“… more to come soon
22/04/2026
Muer ass Weltdag vum Buch📚. Wien ass äre Liblings-Personnage? Alice🐇 oder Harry 🪄? Katniss 🏹 oder Conan💥? Oder…? Kommt muer bis laanscht am CDI a weist eis är anert Gesiicht😊
24/03/2026
On Friday, 20th March, we welcomed American author Tim Byers at our library! His novels center 14 year old Henri Broussard and his adventures amid WWII in Luxembourg. Mr Byers held lectures on Luxembourg during WWII and on creative writing for students throughout the day. We would like to thank him and his wife for joining us last week and for the many insights! 📝📚
His book “The Red Lion” is available at our library for checkout 👀😎
11/03/2026
Eng super Schüler-Initiative zum Thema Nohaltegkeet 🌍♻️👍🏻
𝐋𝐮: De Fieldgen For Future an de CDI vum Fieldgen hunn eng nei Initiativ gestart fir Bicher an Zäitschrëften ze verwäerten: Read For Future
𝐄𝐧𝐠: The group Fieldgen For Future and the CDI vum Fieldgen have launched a new initiative to put books and magazines to good use: Read For Future
Ecole Privée Fieldgen
10/03/2026
Library at Night - Kriminuecht am CDI Freides, den
24.04. mat Iwernuechten
Mir siche 15 “kriminell” Schüler*inne fir eis Kriminuecht, de
24. Abrell! Wien ass de Mäerder?
Bei eiser Kriminuecht gëtt et e Mordfall opzeklären...sidd gespaant! Jidderee kritt eng Roll ze spillen a ka matiwwerleen, wien eise Bibliotécaire embruecht huet. Et gett och eppes ze gewannen!
Wéini? Freides, de 24. Abrëll 2026
Wou? CDI
Wéi mellen ech mech un? Komm an den CDI bis Donneschdes, de 26. Mãerz laanscht a bezuel d’Umeldungskäschten vun 10€. Deen Éischten ass vir!
Bass du bereet, de bluddege Mord opzeklären?
09/03/2026
»Ihr dürft nicht zulassen, dass der Kreis geschlossen wird«, […] »Und ihr dürft den Grafen niemals wieder in der Vergangenheit aufsuchen. […]« (S. 329)
D’Gwendolyn ass knapps 16 Joer al an huet esou zimmlech de Kéis, besonnesch mat senger Cousin d’Charlotte, dat ëmmer mengt, et wier eppes Besseres. Mee da muss hat feststellen, dass hat an net d’Charlotte dat ominéist Zäitreese-Gen geierft huet! Seng Welt steet vëlleg op der Kopp, wéi hatt ëmmer méi déif an d’Geheimnisser vun der Loge a vum Grof vu Saint-Germain geréit… wat huet et mam Krees op sech? Wisou duerf de Krees net zougemaach ginn? An iwwerhaapt wisou seet him keen, wat lass ass?
Du wëlls méi gewuer ginn? Da léin dir Rubinrot am CDI aus! Mir hunn déi komplett nei iwwerschafften Edelstein-Trilogie, sou dass een d’Bicher alleguer hannerteneen ewech liese kann! 🤓📚
04/02/2026
Gëschter war den Deputéierten aus der a Member vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg Paul Galles am CDI vum op Besuch an huet zwou Stonnen mat eise Schüler*innen iwwer aktuell politesch Themen, déi si beschäftegen, geschwaat. Mir soen him e grousse Merci, dass hien sech d’Zäit geholl huet, eise Schüler*innen nozelauschteren an eis vu sengem politeschen Alldag ze erzielen 📝