16/07/2026
🇱🇺
👏 Félicitatiounen un déi 79 Graduéierter vun der éischter Promotioun vun der Formatioun fir Touristesch Guiden!
Si hunn dëse Cours nieft hirem berufflechen a perséinleche Liewen absolvéiert, a wäerten elo d'Geschicht, Kultur an natierleche Patrimoine vu Lëtzebuerg mat de Visiteuren deelen.
D’Iddi fir dës Formatioun ass op Initiativ vum Wirtschaftsministère entstan a mat der House of Training ausgeschafft ginn. Guide gestalten aktiv d'Erfarung vun de Visiteuren, dofir war et néideg, der Aktivitéit vum Guide e strukturéierte Programm unzebidden.
"Eng qualitativ héichwäerteg Erfarung fir de Visiteur gestalten, ass e wichtegen Deel vun eiser Tourismus-Strategie. D'Investitioun an d'Ausbildung vun de Guiden ass dofir eng direkt Investitioun an d'Attraktivitéit vum Groussherzogtum," huet de Lex Delles ënnerstrach.
"Är Stäerkt ass et de Visiteuren net nëmme Fakten ze iwwerdroen, mee hinnen d’Land méi no ze bréngen: d'Geschicht vum Minett, d'Liewen op der Musel, d'Stad an hir Festungen," huet d‘Muriel Morbé gesot.
🇫🇷
👏 Félicitations aux 79 lauréats de la première promotion de la formation de base pour guides touristiques !
Ils ont suivi ce parcours en parallèle de leur vie professionnelle ou personnelle. Ils raconteront l’histoire, culture et le patrimoine naturel du Luxembourg à nos visiteurs.
Cette idée est née de l’initiative du Ministère de l'Économie et a été mise en œuvre en collaboration avec la House of Training. Les guides font l'expérience du visiteur, c’est pourquoi il fallait doter l’activité du guide d'un cursus structuré.
« Proposer une bonne expérience aux visiteurs est au cœur de notre stratégie touristique. Investir dans la formation des guides, c'est donc investir directement dans l'attractivité du Grand-Duché.», a souligné Lex Delles.
« Votre force ne réside pas seulement dans la transmission d'informations aux visiteurs, mais aussi dans votre capacité à leur faire découvrir le pays : l'histoire du Minett, la vie à la Moselle, la Ville et ses fortifications. », a déclaré Muriel Morbé.
Ministère de l'Économie - Luxembourg for Tourism GIE Visit Moselle Luxembourg / Visit Minett / Visit Mullerthal / Visit Guttland / Visit Eislek