ECG Luxembourg

ECG Luxembourg

Partager

École de Commerce et de Gestion - School of Business and Management

Accueil 19/06/2026

Tout savoir sur la Section Data Literacy (GDL) 🚀

🚀 Passionné(e) par les données, le numérique et l'innovation ? La Section Data Literacy te prépare aux métiers de demain grâce à une formation orientée vers l'analyse et l'exploitation des données.

🤝 Développe des compétences recherchées par les entreprises, tisse des liens avec le monde professionnel et apprends à collecter, analyser et interpréter les données afin de prendre des décisions éclairées.

🎓 À la clé : un diplôme de fin d’études secondaires qui ouvre les portes du monde du travail comme celles des études supérieures.

Plus d'informations sur notre site : www.ecg.lu/portesouvertes

Accueil École de Commerce et de Gestion

Photos from ECG Luxembourg's post 18/06/2026

Die Klasse 2CN unternahm mit ihren 17 Schülerinnen und Schülern einen Ausflug nach Trier. Im Karl-Marx-Haus informierten sich die Jugendlichen über das Leben und Wirken von Karl Marx und erhielten spannende Einblicke in seine Zeit.

Anschließend erkundete die Klasse die Trierer Innenstadt und genoss bei schönem Wetter die Sehenswürdigkeiten der ältesten Stadt Deutschlands.

Photos from ECG Luxembourg's post 18/06/2026

De 17. Juni hat d’2GMM2 d’Geleeënheet, un engem Finanzmodul vun der JEL deelzehuelen, deen a Zesummenaarbecht mat der ALFI ausgeschafft gouf. D’Schüler konnten net nëmmen en Abléck an d’Finanzwelt kréien, mee och verschidde Finanzproduiten entdecken an op Basis vu fiktive Fallbeispiller selwer finanziell Decisioune treffen.
E grousse Merci un d’JEL fir dësen interessanten, interaktiven a produktiven Échange! 💼📈

Photos from ECG Luxembourg's post 16/06/2026

🧑‍⚖️ Eis véier 3GCM-Klassen haten d’Geleeënheet, am Kader vum Droit-Cours eng Visite an der Cité Judiciaire ze maachen.
Während dëser Visite konnten d’Schüler reell Geriichtsprozesser matverfollegen an haten d’Méiglechkeet, Froen ze stellen an d’Aarbecht vun der Justiz besser kennenzeléieren.
Nodeems si am Cours schonn déi theoretesch Grondlage vum Droit behandelt haten, war dës Visite eng flott Geleeënheet, Theorie a Praxis mateneen ze verbannen.
Mir soen der Cité Judiciaire e grousse Merci fir dëse flotten an léierräiche Moien.

Photos from ECG Luxembourg's post 15/06/2026

🇱🇺💬🏛️ De 15. Juni haten d’Schüler vun den 2e d’Geleeënheet, sech mam Här Wiseler auszetauschen. Hien huet hinnen en interessante Bléck a seng Roll als Chamberpresident ginn an Abléck an d’Aarbecht vun der Chamber vermëttelt.
An uschléissend Diskussioune konnten d’Schüler sech mat véier aktuellen Themen auserneesetzen: dem Militärdéngscht, der Kriminalitéit zu Lëtzebuerg, der Representatioun vun de Jonken an der Politik souwéi der direkter Demokratie.
E spannenden a beräicherenden Austausch, deen de Schüler erlaabt huet, hir Meenungen anzebréngen an d’Politik aus éischter Hand kennenzeléieren.
Claude Wiseler

Photos from ECG Luxembourg's post 14/06/2026

♟️Schachturnéier am Lycée Hubert Clément
Fënnef Schachspiller hunn den 12. Juni den ECG zu Esch vertrueden. Dobäi hunn eis zwee Spëtzespiller jeeweils déi éischt Plaz beluecht: den Nicolas Bourg ënnert de Lizenzspiller an de Fabio Valério Neves ënnert den Net-Lizenzspiller. An der Teamwäertung huet den ECG knapps de Podium verpasst an ass déi 4. vu 14 Ekippe ginn. Felicitatiounen all eise Spiller fir dat schéint Resultat an déi staark Leeschtung!

13/06/2026

🏆 Diplom- a Präisiwwerreechung – 12. Mee 2026

Am Lycée Technique du Centre goufen déi bescht Participanten vum nationale Speed-Typing Concours ausgezeechent 🎉

De Concours, organiséiert vun der AETCO, huet dräi Sproochen (FR/DE/EN) an d’10-Fanger-Technik gefuerdert. Den ECG war mat 32 Participanten staark vertrueden 💻

👏 Félicitatiounen un all d’Schülerinnen a Studenten fir hiert Engagement a super Resultater!

🥈 Besonnesch Félicitatioun un Ariana Da Silva Marques fir den Titel Vize-Championne (+20 Kategorie)!

Photos from ECG Luxembourg's post 12/06/2026

💬 Une rencontre inspirante autour de l'entrepreneuriat

Nos élèves ont eu l'opportunité d'échanger avec cinq entrepreneurs aux parcours variés et inspirants.
À travers leurs témoignages sincères, ils ont découvert que l'entrepreneuriat ne repose pas uniquement sur des connaissances techniques, mais aussi sur le courage d'oser, la capacité d'apprendre de ses erreurs et la volonté de se dépasser continuellement.
L'honnêteté des intervenants et le partage de leurs expériences ont été particulièrement appréciés par les élèves, faisant de cette rencontre un moment riche en enseignements et en inspiration.

🙏 Un grand merci à Françoise Bisteur (Innobullus), Patrick Malget (taxx.lu), Sven Kettler et Fabio Falchero (trigger.lu), Steven Machado (Mabu Concepts) ainsi qu'à Emilie Boland (Bogère) pour leur disponibilité, leur engagement et la qualité de leurs échanges avec nos élèves.

Photos from ECG Luxembourg's post 09/06/2026

🏆🌎 Lundi le 8 juin 2026 avait lieu la cérémonie des BNE Awards 2026, un concours national mettant à l’honneur les projets de jeunes engagés en faveur du développement durable et de la sensibilisation aux enjeux climatiques.

Nous sommes particulièrement fiers de nos élèves de 3e et de 4e, qui ont représenté notre école avec créativité, engagement et détermination.

Félicitations tout particulièrement à l’équipe École-Logique de la 3GCM1, qui a décroché une magnifique 2ᵉ place parmi les nombreux projets présentés !

Cette distinction récompense leur travail, leur esprit d’équipe et leur volonté d’agir concrètement pour un avenir plus durable. Elle témoigne également de l’investissement de tous les élèves et enseignants ayant participé au projet BNE cette année.

Bravo à tous les participants pour leur engagement et leur enthousiasme !

Photos from ECG Luxembourg's post 09/06/2026

An de leschte Wochen hunn d'Schüler am Jugendtreff, an Zesummenaarbecht mam Kamellenbuttek, e flotte Graffiti-Projet ëmgesat.
Mat vill Kreativitéit, Engagement a Begeeschterung hu si hir eegen Iddien a Virstellungen entwéckelt an op d'Mauer bruecht. De Graffiti gouf komplett no hire Wënsch a Virschléi gestalt a vun hinnen selwer realiséiert.
Duerch dëse Projet konnten d'Schüler net nëmmen hir artistesch Fäegkeete weisen, mee och léieren, zesummen ze schaffen an eng gemeinsam Visioun ëmzesetzen. D'Resultat ass e faarwegt an ausdrocksstaarkt Konschtwierk, dat hire Jugendtreff representéiert an op dat si mat Recht houfreg kënne sinn.

Vous voulez que votre école soit école la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


21 Rue Marguerite De Brabant
Luxembourg
L-1254

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 16:00
Mardi 08:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 16:00
Jeudi 08:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 16:00