09/09/2026
D’PISA- Etüd 2025 huet schlecht Resultater ervirbruecht. Den SNE/ CGFP begréisst d’Reaktioun vum Ministère, am Joer 2026/2027 mat all de Bildungspartner eng Strategie auszeschaffe fir d’Lieskompetenz ze stäerken. Den SNE/ CGFP ass gär bereet un dëse Gespréicher Deel ze huelen, erhofft sech awer zäitgläich méi e grousse gesellschaftlechen Diskuer iwwer Bildung.
Wat kann all Eenzelnen an der Gesellschaft dozou bäidroen, fir dass Bildung nees (besser) gelénge kann? Wou leien déi divers Ursaache fir dës schwaach Resultater a wéi kann all Eenzelnen dofir suergen, dass Kanner iwwerhaapt léiere kënnen? D’Institutioun Schoul ass e wichtege Partner vu Bildung, mee kann awer net all Problem behiewen, dee mat an d’Schoul bruet gëtt.
Sne/Cgfp Syndicat National des Enseignants