22/10/2025
Et ass een als Direkter jo normalerweis frou wa seng Schoul op der Tëlee gewise gëtt. Ech fannen et och net schlecht wann neutral Biller gewise ginn am Kontext vun engem allgemenge Beitrag iwwer Schoulen. Haut am Beitrag iwwer Snus bei hunn ech awer net verstan firwat Biller gewise goufen wou eise Lycée kloer z’identifizéiere war (Vue vu baussen, Portrait vum Michel Rodange) ouni dass den LMRL awer speziell gemengt war. De Beitrag awer ganz informativ, well de Snus ass bei Erwuessenen kaum bekannt.
RTL, dir kënnt iech awer erëm kafen andeem dir eis e Freideg Moien bei eis kommt. Do hu mir eise Minister Claude Meisch op Besuch fir him eise Projet “Silence, on lit!” ze presentéieren, eis deeglech Lieszäit déi zäitgläich am ganze Lycée statt fënnt
JC Hemmer
Send a message to learn more