Sportlycée Lëtzebuerg

15/07/2026

🎉 Onst diesjähregt Schoulfest war rëm e vollen Erfolleg! ☀️

Mat vill Engagement hunn eis 2e d'Fest zesumme mat eisem SePAS organiséiert. 🫶 Merci un all déi, déi dozou bäigedroen hunn, datt dësen Oofschloss esou flott gelongen war.

Hei kritt Dir e puer Andréck vun dësem schéinen Nomëtteg. ✨

Mir wënschen all eise Schüler*innen, Elteren a Familljen eng schéin, sonneg an erhuelsam Summervakanz. 🌴☀️ Genéisst d'Paus a sammelt vill flott Erënnerungen!

Mir freeën eis elo schonn, Iech alleguerten am September nees an der Schoul begréissen ze dierfen. 💙

🎓✨ Den 08.07. war et endlech esou wäit: Eis Laureatinnen a Laureate konnten hir Diplomer entgéinthuelen – e wichtege Mei...
13/07/2026

🎓✨ Den 08.07. war et endlech esou wäit: Eis Laureatinnen a Laureate konnten hir Diplomer entgéinthuelen – e wichtege Meilesteen an den Ufank vun engem neie Kapitel! 🎉

E grousse Merci un de Gemengerot () , den Hesper Park () fir dat exzellent Iessen an. 🙏

Mir wënschen all eise Laureatinnen a Laureate vill Erfolleg, Gléck a flott Erfarungen op hirem weidere Wee. Mir si stolz op iech a freeën eis ze gesinn, wat d'Zukunft fir iech bereethält! 🚀🌟

No enger intensiver Woch um ISF Basketball World Championship (Foto 1) huet eis Ekipp den Tournoi op enger staarker 12. ...
01/07/2026

No enger intensiver Woch um ISF Basketball World Championship (Foto 1) huet eis Ekipp den Tournoi op enger staarker 12. Plaz vun insgesamt 30 Ekippen ofgeschloss. 👏
Eis Sportschüler hunn de Sportlycée a Lëtzebuerg mat vill Asaz, Teamgeescht an Engagement vertrueden a sech mat e puer vun de beschte Schoulekippen aus der ganzer Welt gemooss.

Resultater:

🇷🇸 Serbien 74–40 🇱🇺 Lëtzebuerg
🇱🇺 Lëtzebuerg 48–40 🇭🇺 Ungarn ✅
🇹🇷 Tierkei 111–54 🇱🇺 Lëtzebuerg
🇧🇷 Brasilien 56–69 🇱🇺 Lëtzebuerg ✅
🇫🇷 Frankräich 56–46 🇱🇺 Lëtzebuerg
🇸🇮 Slowenien 52–47 🇱🇺 Lëtzebuerg

Gratulatioun un eis Spiller, den Trainerstab an de ganze Staff fir hiren Asaz an hir Ausdauer wärend dem ganze Championnat.
Dës international Erfarung ass wäertvoll a wäert eis Schüler sportlech, mee och perséinlech, weiderbréngen. 👏

-----------------------------------------------------------------------------

Mat enger spannender leschter Partie géint Griicheland schléissen eis Handballjongen den ISF-Tournoi (Foto 2) mat enger knapper, awer verdéngter Victoire of .🤾‍♂️🇱🇺
Resultater:
China 🇨🇳 – Lëtzebuerg 🇱🇺 23:40 ✅
Schweden 🇸🇪 – Lëtzebuerg 🇱🇺 27:21
Serbien 🇷🇸 – Lëtzebuerg 🇱🇺 34:28
Zypern 🇨🇾 – Lëtzebuerg 🇱🇺 24:26 ✅
Republika Srpska 🇧🇦 – Lëtzebuerg 🇱🇺 35:25
Griicheland 🇬🇷 – Lëtzebuerg 🇱🇺 23:24 ✅
Am Gesamtklassement gëtt et Plaz 11 vun 21 Ekippen.
Zu Skopje hunn si duerch de ganzen Tournoi eng engagéiert a kämpferesch Leeschtung gewisen a wichteg international Erfarung gesammelt.


Porte ouverte 2026 ✨Ronn 600 Leit hunn e Samschden eis Schoul an eis sportlech Infrastrukturen besicht! 👏E besonnesche M...
28/04/2026

Porte ouverte 2026 ✨

Ronn 600 Leit hunn e Samschden eis Schoul an eis sportlech Infrastrukturen besicht! 👏
E besonnesche Merci geet un eis 3ièmes Schüler, déi d’Visite mat vill Engagement geleet hunn. Super Aarbecht! 🙌
Mir freeën eis elo schonn, vill vun iech am September bei eis dierfen ze begréissen. 🎓
Villmools Merci och un eist Personal an un eis Enseignanten, déi eis Schoul esou gutt representéiert hunn. 💙

Eis Handballer si gutt zu Skopje (Mazedonien) ukomm. Hir Géigner an der Poule: Schweden, Serbien, Zypern a China 🇨🇳. Mir...
22/04/2026

Eis Handballer si gutt zu Skopje (Mazedonien) ukomm. Hir Géigner an der Poule: Schweden, Serbien, Zypern a China 🇨🇳. Mir wënschen hinne vill Erfolleg!

✨ De 25. Mäerz war et rëm esou wäit! ✨Fir dat 3. Joer hannert eneen hunn eis 3ièmes Schüler mat vill Engagement an Häerz...
27/03/2026

✨ De 25. Mäerz war et rëm esou wäit! ✨

Fir dat 3. Joer hannert eneen hunn eis 3ièmes Schüler mat vill Engagement an Häerz beim Young Athletes Day vun de Special Olympics matgehollef 💙 Si hunn d'Sportatelieren begleet an domat fir vill Freed, Beweegung an onvergiesslech Momenter gesuergt 🏃‍♂️🤝
D’Special Olympics Luxembourg () ginn op dësem Dag Jonke mat mentaler Beanträchtegung d’Chance, sech duerch de Sport ze entwéckelen an ze entfalen – ganz ouni Leeschtungsdrock, mee mat vill Spaass an Zesummenhalt 🌟

Merci Special olympics fir dëse schéinen Dag a fir déi gutt Zesummenaarbecht!

🎉 Ofschloss-Table Ronde – Sportlycée Formation pour Parents 2026 🎉Gëschter hu mir mat iwwer 60 Elteren den Ofschloss vun...
26/03/2026

🎉 Ofschloss-Table Ronde – Sportlycée Formation pour Parents 2026 🎉
Gëschter hu mir mat iwwer 60 Elteren den Ofschloss vun eiser Formation pour Parents 2026 gefeiert, an dat mat enger ganz interessanter Table Ronde, moderéiert vum Shari Schenten.
E grousse Merci un eis Invitéen, déi mat hiren Erfarungen an Ablécker fir vill Reflexiounen an Inspiratioun gesuergt hunn:
🔹 Shaheen Helminger – aktuelle SLL Schüler ( )
🔹 Liz Schmitz – SLL-Enseignante an Trainerin
🔹 Tessy Hetting – COSL Vertriederin
🔹 Sarah De N***e – eemooleg SLL-Schülerin an haut Elittesportlerin
🔹 Luc Nothum – Papp vun zwou Nowuesssportlerinnen an Trainer
Si hunn d’Realitéiten, Erausfuerderungen an d’Freed vun enger Dual Career aus ganz verschiddene Perspektive beliicht: e Choix de Vie, deen ouni déi richteg Ënnerstëtzung net méiglech wier.
🎁 Als flott Ofschlossaktivitéit konnten d’Eltere perséinlech Kaddoe vun eisen Invitéen an engem Quiz gewannen. 🎁
❤️En emotionalen Héichpunkt war de Videomessage vun hire Kanner, déi hinne Merci gesot hunn - fir hir Ënnerstëtzung, hir Zäit an hiert Engagement. ❤️
🙏 E groussen MERCI u jiddereen, deen dobäi war oder hanner de Kulisse matgehollef huet. Ouni Iech wier dës Formatioun net méiglech gewiescht! 🙏

Adresse

Rue De Trèves, 66
Luxembourg
L-2630

Heures d'ouverture

Lundi 07:30 - 16:00
Mardi 07:30 - 16:00
Mercredi 07:30 - 16:00
Jeudi 07:30 - 16:00
Vendredi 07:30 - 16:00

Téléphone

+3522675051

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Sportlycée Lëtzebuerg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Sportlycée Lëtzebuerg:

Partager

Type