17/05/2026
✨ E staarke Wuertschatz ass de Schlëssel fir eng Geschicht richteg ze verstoen ✨📚
Wann d’ kleng Kanner wichteg Wierder schonn virun der Geschicht kenneléieren, kënnen si vill méi einfach der Geschicht suivéieren, aktiv matschwätzen an Zesummenhäng besser verstoen 💛
Nei Wierder spilleresch ze üben hëlleft de Kanner dobäi, méi Sécherheet beim Schwätzen a Verstoen ze kréien — an d’Freed um Liesen gëtt nach méi grouss 🐻🍯
Passend zum Billerbuch „Den zockerséisse Paangech“ hu mir dofir verschidde spilleresch Aktivitéiten ausgeschafft:
🗣️ Wuertschatz erfillen
Nei Wierder entdecken a verstoen
⚡ Dobble
Wierder erkennen, benennen a séier reagéieren
🧠 Memory
Spilleresch widderhuelen an erënneren
🎉 Bingo
Lauschteren, vergläichen a matschwätzen
Esou gëtt d’Sproochfërderung zu engem richtege Spillmoment ✨
👇 Entdeck d‘Buch & d’Babbelzäit op eiser Säit (de Link ass an der Bio)
21/04/2026
✨ Den zockerséisse Paangech ✨
E klenge Bär, e grousse Wonsch… an eng spannend Sich no Hunneg 🐻🍯
Mat dësem Billerbuch tauchen d’Kanner an eng léif Geschicht an,
wou net nëmmen nogelauschtert gëtt…
mee matgeschwat, nogespillt a matgelieft gëtt 💛
🌼 Ideal fir:
– Sprooch ze entdecken a ze stäerken
– Fantasie fräi lafen ze loossen
– gemeinsam Momenter am Klassenzëmmer oder doheem
Mat eiser MINI NUMIS-Babbelzäit gëtt aus enger Geschicht
eng richteg Erfarung:
Spiller, Iddien a kleng Aktivitéiten maachen d’Buch lieweg ✨
👉 Perfekt fir Cycle 1 an déi éischt Joren aus der Grondschoul
💬 Lauschteren. Schwätzen. Spillen. Erliewen.
🖥️ https://shop.numulis.lu/products/alles-dran-den-zockerseisse-paangech-billerbuch-erzieltheater-a-lieszait-alles-an-engem
13/04/2026
Mir freeën eis ganz besonnesch,
bei dëser flotter Bicherbourse dobäi ze sinn 💛
Komm laanscht an entdeck mat eis
léif Bicher, spannend Spiller an nei Iddie ronderëm d’Liesen 📚✨
Mir freeën eis op flott Gespréicher mat iech – kleng & grouss!
Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt eis nächst Bicherbourse de 17. Abrëll (16-18h) an 18. Abrëll (8h30-12h00) stattfënnt.
Nieft eisem gewinnte Bicherverkaf hu mir dëst Joer eng flott Neierung dobäi:
Mir schaffen zesumme mat Numulis, enger Initiativ déi sech op d’Fërderung vu Liesfreed a Sproochentwécklung spezialiséiert. Si wäerte Freides zu zwee do sinn, an och sécher op e puer Froen äntwerten. A Samschdes wäerten si zu dräi laanscht kommen a spezifesch Lies- a Spillatelieren fir Kanner ubidden, souwéi Tipps an Tricks fir Elteren, Erwuessener an och Léierpersonal, fir Kanner mat enger Liesschwächt nach besser beim Liesen ze ënnerstëtzen. Numulis.lu
Zousätzlech si mir frou, d’ Renée Hutmacher-Reding ( Renée schreibt ) bei eis begréissen ze dierfen. Si ass eng Autorin, déi mat vill Gefill iwwer Theme wéi Selbstwäert, Emotiounen an d’Akzeptanz vun sech selwer schreift an domat als Public eeler Kanner a Jugendlecher uviséiert. Si wäert déi zwee Deeg op der Bicherbourse sinn a Samschdes eng Virliesung aus hirem Buch „Weil du du bist – wenn Schule zum Albtraum wird“ maachen. D’Buch handelt vum Thema Mobbing an de Schoulen, ee leider allgegenwärtegt Thema an eiser heiteger Zäit dat sécherlech interessant ass fir sech ulauschteren ze kommen.
09/11/2025
Books for Kids | Walfer Bicherdeeg
Venez découvrir le monde fantastique de la littérature enfantine ! Chaque année, nous préparons un programme varié pour nospetits visiteurs
14/10/2025
LUXDIDAC 2025! Komm bis laanscht a looss dech inspiréieren!