Schoul LAMADELAINE

Schoul LAMADELAINE D'Schoul Lamadelaine, dat sinn d'Gebaier "Beim Tëtelbierg" [Cycles 2-3-4] an "Gehren" [Cycle 1].

13/10/2025
Léif Rollenger, léif Frënn vun der Schoul LAMADELAINE, Ech probéieren iwwer dëse Wee är Hëllef an Ënnerstëtzung bei enge...
05/05/2025

Léif Rollenger, léif Frënn vun der Schoul LAMADELAINE,

Ech probéieren iwwer dëse Wee är Hëllef an Ënnerstëtzung bei engem Projet ze kréien, dee mir grad um Lafen hunn: d'Primärschoul vu Lamadelaine, déi säit 2009 den Numm Schoulgebai "Beim Tëtelbierg" huet, feiert dëst Joer 100 JOER! Mir sinn der Meenung, datt dëst muss gefeiert ginn. Op eisem Schoulfest, de 27. Juni, wéilte mer eng Ausstellung zu dësem Centenaire an der Schoul weisen. Mir hunn iwwer Internet, Facebook & Co. schonn eng Rei interessant Fotoen vum Schoulgebai fonnt, mee et ginn ëmmer nach Joren oder Joerzéngten, wou et manner gutt ausgesäit. Wien vun iech huet nach déi eng oder aner Foto, wou d'Schoulgebai drop ass? Et gi ganz wéineg Schoulen, déi esou oft ausgebaut a vergréissert goufen wéi eis Schoul zu Rolleng. Maacht mir w.e.g eng PN, wann dir eppes fir eis hutt.

Och al Klassefotoen wiere ganz wëllkomm, da kéinte mer dës och deelweis nei drucke loossen an op der Ausstellung weisen. Mir kënnen och Fotoen aus Bicher oder Brochuren scannen oder fotograféieren fir se duerno ze beaarbechten. Mir hoffen, datt mir iwwer dësen Opruff zousätzlech Fotoen fanne kënnen an esou eng flott Ausstellung ausschaffe kënnen.

Dëse Message dierf ganz gäre gedeelt ginn! Elo schonns villmools merci fir är Hëllef an Ënnerstëtzung!

A knapp engem Mount ass et nees esou wäit! Don't miss it... 😍(Dierf gäre gedeelt ginn)
17/05/2024

A knapp engem Mount ass et nees esou wäit! Don't miss it... 😍
(Dierf gäre gedeelt ginn)

Save the date! Freides, de 17. Juni ab 16:15 Auer ass nees Schoulfest zu Lamadelaine! Don't miss it 😎🌭🥤☕️🍪🍰
01/06/2022

Save the date! Freides, de 17. Juni ab 16:15 Auer ass nees Schoulfest zu Lamadelaine! Don't miss it 😎🌭🥤☕️🍪🍰

SAVE the DATE!
24/05/2018

SAVE the DATE!

Grousse Merci un eis Schoulkanner fir déi flott Lidder déi se haut ënnert der Leedung vum Heng Kleren am Kader vun der S...
25/03/2015

Grousse Merci un eis Schoulkanner fir déi flott Lidder déi se haut ënnert der Leedung vum Heng Kleren am Kader vun der Schoulaweiung gesongen hunn! B R A V O !

Grousst Fréijoers- an Ouschterfest am "neie" Schoulgebai "Beim Tëtelbierg" zu Lamadelaine, e Mëttwoch den 1. Abrëll vun ...
23/03/2015

Grousst Fréijoers- an Ouschterfest am "neie" Schoulgebai "Beim Tëtelbierg" zu Lamadelaine, e Mëttwoch den 1. Abrëll vun 16:00 bis 18:30 Auer. Don't miss it!

An hei dann aus engem anere Bléckwénkel.
11/12/2014

An hei dann aus engem anere Bléckwénkel.

Et geet op de Schluss zou...
09/12/2014

Et geet op de Schluss zou...

Gesäit gutt aus!
21/10/2014

Gesäit gutt aus!

Den neie Käer vum Gebai hëlt Form un...
27/06/2014

Den neie Käer vum Gebai hëlt Form un...

Adresse

17, Rue Providence
Lamadelaine
4885

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Schoul LAMADELAINE publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type