Maacher Lycée

Maacher Lycée Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Maacher Lycée, Lycée, 18, Rue de Muenschecker, Grevenmacher.

Lycée publique - Enseignement secondaire et supérieur
- Secondaire classique ESC : 7e - 1ère - DFESC
- Secondaire général ESG : 7e - 1ère - DFESG
- Formation professionelle : DAP & DT
- Enseignement supérieur : BTS

https://po.maacherlycee.lu Directioun:

Pierre WEISSGERBER, Direkter
Yves MENTGEN, Sous-Direkter
Mike MORO, Sous-Direkter
Julia KALLFASS, Chargée de direction de la voie de préparation
Colette WEYRICH, Attachée
Christophe ZENDER, Attaché
Josiane FUNCK, Attachée
Keven MULLER, Attaché

Mir wënschen all eise Schüler, Enseignanten an der gesamten Schoulgemeinschaft vum MLG eng schéin an erhuelsam Vakanz!Ei...
29/07/2026

Mir wënschen all eise Schüler, Enseignanten an der gesamten Schoulgemeinschaft vum MLG eng schéin an erhuelsam Vakanz!

Eis Administratioun ass vum 31. Juli bis den 1. September 2026 inclus zou.

Duerno sinn eis Servicer erem wéi gewinnt fir iech z'ereechen.

26/07/2026

Flott Schoulfest mat villen Aktivitéiten – e gelongenen Ofschloss vum d’Schouljoer 2025/2026

Bei schéinstem Wierder huet eis ganz Schoulgemeinschaft de leschten Donneschdeg, den 9. Juli um Schoulfest vill flott Amenter zesummen kënnen erliewen.
Eise Lycée war net méi rëmzeerkennen a gouf zu enger grousser “Spillwiss”.

Fir jidderee gouf bannen a baussen dem Gebai eppes gebueden: vu Bullriding, XXL-Schach an XXL Twister, iwwer Karaoke, Zumba, Slackine, Disc-Golf a Spillkonsole bis hin zu flotte Workshops (e.a. Coiffure, Schmuck, a gesond kachen).
Am Schoulhaff huet en DJ fir gutt Stëmmung gesuergt an eis Schüler/innen konnten z.B. duerch pedalléieren e Mixer a Betrib setzen an als Belounung e leckere Smoothie genéissen.

Besonnesch vill Succès hat eis Fotobox: um leschte Schouldag virun der Summervakanz hu vill Schüler/innen dovun profitéiert fir flott Erënnerunge kënne mat heem ze huelen. Natierlech war bei dem waarme Wierder fir genuch Gedrénks gesuergt an eng Popcorn-Maschinn duerft natierlech och net feelen.

All Fotoen fannt dir hei:

https://mlg.lu/albums/

25/07/2026

Remise des prix 2026

Den 8.Juli goufen all eis Élèves méritants an och aner Schüler für besonnesch Leeschtungen an dësem Schouljoer ausgezeechent.

All Fotoen fannt dir hei:

https://mlg.lu/albums/

BTS-AMA : une formation alliant administration et communication au médical (2 années, 2 stages de 7 semaines)Inscription...
24/07/2026

BTS-AMA : une formation alliant administration et communication au médical (2 années, 2 stages de 7 semaines)

Inscriptions jusqu’au 7 septembre 2026

L’assistant médico-administratif constitue le bras administratif du médecin et est chargé de l’accueil et de la communication en 4 langues avec une patientèle de tous âges et de multiples cultures, du traitement du dossier patient et des tâches qui en résultent, de l’organisation et de la gestion du cabinet ou d’un service.

L’assistant médico-administratif a une grande responsabilité vis-à-vis des patients, des partenaires du secteur de la santé et des fournisseurs. Il/elle démontre chaque jour ses multiples compétences au sein de structures médicales, paramédicales et de santé.

Weider Informatiounen an en aktuelle Video dozou fannt dir hei:

https://mlg.lu/offre-scolaire/bts-ama/

https://youtu.be/EAcu5INNvMw?si=j-031kr1o3dZppMp

Outdoor Survival Day 7C1 a 7 C2Kuerz virun der Summervakanz hunn d’Klasse 7C1 a 7C2 mat hire Regenten, Proffen a Begleed...
23/07/2026

Outdoor Survival Day 7C1 a 7 C2

Kuerz virun der Summervakanz hunn d’Klasse 7C1 a 7C2 mat hire Regenten, Proffen a Begleeder Mara Cammeraat, Joëlle Hubert, Pascale Modert a Fränk Rollinger nach e flotten „Outdoor Survival Day“ op Ënsber gemaach.
D’Schüler a Schülerinnen hu selwer e waasser- a wanddichte Ënnerstand gebaut, fir an der Wildnis iwwerliewe ze kënnen. Si hunn Kräider a Planzen gewise kritt, déi een iesse kann an och wéi ee Feier mat engem Feierstee mécht. Doniewent hunn si awer och Stockbrout gebak, Kräiderbotter selwer gemaach a Bracelete aus Baambast hiergestallt. Op dem schéine Site um Burfelt direkt beim Stauséi, war awer och bei deene waarmen Temperaturen nach Zäit fir eng Ofkillung am Waasser.
Merci soen dem Centre Nature et Forêt Burfelt e grousse Merci fir déi flott Aktivitéiten.

Orientatioun op 2ème : MengStudien.luAm Kader der Orientatioun op eise supérieur‘sKlassen, hunn d’Caroline Haas an de Ya...
22/07/2026

Orientatioun op 2ème : MengStudien.lu

Am Kader der Orientatioun op eise supérieur‘sKlassen, hunn d’Caroline Haas an de Yannick Bertrand vun der „celluled’orientation et d’intégration scolaires – CELLO“, d‘Schüler vun allen 2C, 2Gan 2TP-Klassen aus dem Maacher Lycée iwwert potentiell Studien anhaaptsächlech de Site „MengStudien.lu“ informéiert.

D’Zil war de Schüler bewosst ze maache wéi wichteg et ass sech fréizäiteg Gedanken iwwert hir Zukunft ze maachen.

Fir ofzeschléissen, hunn d’Schüler nach ee Questionnaire ausgefëllt, soudass d’Orientatioun och zukünftegt nach meigezielt op hir Wënsch kann opgebaut ginn.

Am Kader vun der Solar Car Challenge, organiséiert vun der Gemeng Mäertert, hunn eis Schüler hir eege Solarcaren entwéck...
21/07/2026

Am Kader vun der Solar Car Challenge, organiséiert vun der Gemeng Mäertert, hunn eis Schüler hir eege Solarcaren entwéckelt a gebaut. De Bausaz mat de wichtegste Komponenten gouf vun der Gemeng gestallt, wärend d'Schüler de Chassis an d’Lenkung selwer konstruéiere missten.

Um Renndag, den 4.Juli am Funpark zu Mäertert sinn déi verschidde Gefierer an de Kategorien Vitesse, Technik, Kreativitéit a Geschécklechkeet géinteneen ugetrueden.

Mir si besonnesch houfreg, dass ee vun eisen Teams d’Kategorie Kreativitéit gewonnen huet.

E grousse Merci un d’Gemeng Mäertert fir dëse flotte Projet an un eis Schüler fir hiren Engagement an hir super Aarbecht!

Une sortie cinéma pour bien terminer l'année scolaireLe 8 juillet 2026, les élèves des classes de 6C1, 6C2 et 5C2 ont cl...
20/07/2026

Une sortie cinéma pour bien terminer l'année scolaire

Le 8 juillet 2026, les élèves des classes de 6C1, 6C2 et 5C2 ont clôturé l'année scolaire par une sortie au Cinemaacher. Ils y ont découvert le film Deviens génial, une comédie racontant les aventures d'un groupe de jeunes élèves français participent à un voyage scolaire en Allemagne. Entre malentendus, situations cocasses et péripéties inattendues, les élèves et leurs enseignants doivent apprendre à dépasser les barrières de la langue et les différences culturelles. À travers l'humour, le film met en avant l'importance de la communication, de l'entraide et de l'ouverture aux autres. Cette dernière sortie de l'année a permis à chacun de partager un moment convivial et de terminer l'année scolaire dans la bonne humeur.

18/07/2026

Let’s talk about entrepreneurship and finance

D’SchülerInnen vun de Klasse 4C1, 4C2, 4GSO1,4GSO2, 3CB, 3CC, 3CD, 3CG, 3CLB an 3TPCM hunn de 6. Juli 2026 um Event „Let’s talk about entrepreneurship and finance“ am Kulturzentrum Machera deel geholl. Dësen Event gouf vun dem Caroline Haas an dem Martina Prosperi, Economie’s Enseignanten aus dem Maacher Lycée,organiséiert.

Zil ass et de SchülerInnen d’Thema vum Entreprenariat a Finanze méi no ze bréngen an si ze motivéieren zukünfteg eventuell selwer de Wee an d’Onofhängegkeet als Entrepreneur ze woen.

No enger kuerzer Begréissung duerch de Mike Moro, Sous-Direkter vum Maacher Lycée, goung et lass matt enger Präsentatioun vum Lola Valerius – Chocolatier du Luxembourg. D’Lola huet de SchülerInnen ee flotten Abléck a säi Betrib ginn, d’Virdeeler awer och d’Challenger vun der Onofhängegkeet erkläert.

Weider goung et matt 4 flotten Atelieren.
Den 1. Atelier gouf vum Patrick Malget geleet. An dësem Atelier sinn d’Paiziedelen an d’Steiererklärung thematiséiert ginn.
Am 2. Atelier kruten d’SchülerInnen vum Max Glesener een Abléck an d’Bourse (Aktien an Obligatiounen).
Am 3. Atelier, dee vum Jerôme Krecké gefouert gouf, waren d’Kreditter um Programm. De Max Glesener an de Jerôme Krecké schaffen alle béid bei der Spuerkees.
Deen 4. Atelier gouf vum Dan Tana (Assurances Foyer) geleet an hat d’Assurancen als Schwéierpunkt.

Zum Ofschloss war nach Quiztime ugesot. D’Schüler goufen an 8 Gruppen opgedeelt an hu missen op 20 Froen zu den Theme vum “Let’s talk about entrepreneurship and finance” äntweren.
Déi 3 beschte Gruppe kruten ee Preis.

De Christophe Zender, attaché à la direction,huet des Editioun clôturéiert.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Eventer wou am Kader vun den „Sustainable Entrepreneurial Schools“ an dem „Financial Literacy Label“ 2026/2027 um Programm stinn.

D‘Klassen 5C1, 2GSO1 an 2CDG waren den 08.07. fir eng Visitte an SS-Sonderlager zu Hinzert. Hei sinn d‘Schüler vill iwwe...
17/07/2026

D‘Klassen 5C1, 2GSO1 an 2CDG waren den 08.07. fir eng Visitte an SS-Sonderlager zu Hinzert. Hei sinn d‘Schüler vill iwwert déi lëtzebuergesch Inhaftéierter an hir Schicksaler gewuer ginn.

Adresse

18, Rue De Muenschecker
Grevenmacher
L-6760

Heures d'ouverture

Lundi 07:00 - 15:30
Mardi 07:00 - 15:30
Mercredi 07:00 - 15:30
Jeudi 07:00 - 15:30
Vendredi 07:00 - 15:30

Téléphone

+3527506650

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Maacher Lycée publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type