Lycée Technique Agricole

Lycée Technique Agricole 1, Kréiwénkel
L-9374 Gilsdorf

B.P. 115
L-9202 Diekirch De Lycée vun den Natur- an Agrarwëssenschaften

Hei eng interessant Offer fir en Job 👀🌲
28/08/2026

Hei eng interessant Offer fir en Job 👀🌲

Kommt bis laanscht! 👀
27/08/2026

Kommt bis laanscht! 👀

Den 20. an 21. Mee hunn d'Schüler vun der CC2HP vum LTA un engem grenziwwerschreidenden Ëmweltprojet um Kierfecht St. Jo...
24/07/2026

Den 20. an 21. Mee hunn d'Schüler vun der CC2HP vum LTA un engem grenziwwerschreidenden Ëmweltprojet um Kierfecht St. Johann zu Saarbrécken deelgeholl an zesumme mat Schüler*innen aus Däitschland a Frankräich eng Blummefläch mat wëlle Stauden ugeluecht, fir d'Biodiversitéit ze fërderen. Wärend deenen zwee Deeg hu si zesumme geschafft, d'Fläch virbereet, wëll Stauden ugeplanzt an dobäi praktesch Kenntnisser iwwer naturno Gaardenaarbecht gesammelt, wärend den internationalen Austausch an den Teamgeescht gestäerkt goufen. De Projet war fir all Bedeelegt eng wäertvoll Erfarung a weist, wéi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht e wichtege Bäitrag zum Natur- an Ëmweltschutz leeschte kann.

D'Klass DP1EN huet ee flotte Schoulofschloss mat zwou Exkursiounen am Modul „Schützen von Gehölzbiotopen“ gehat. Moies w...
17/07/2026

D'Klass DP1EN huet ee flotte Schoulofschloss mat zwou Exkursiounen am Modul „Schützen von Gehölzbiotopen“ gehat. Moies ware mir am Revéier Stengefort beim Fierschter Ben Louis, deen eis d’Entwécklung vun der Wandworffläch am Herrenbësch zu Käerch vun 2014 bis haut erkläert huet. Mëttes hate mir e gutt Mëttesiesse mat Wëldhamburger. Am Nomëtte si mir du weider an d’Revéier vu Saeul bei de Fieschter Thierry Hollerich gefuer, wou mir eis d’Mardellen am Stiefeschbësch zu Bierkerech méi genau ugekuckt hunn. Mardelle si kleng bis grouss Dëmpelen am Bësch, déi relativ laang Wasser och an Drëscheperioden hale kënnen. Si hunn e positiven Effekt op d'Biodiversitéit fir d’Fauna an d’Flora wéi och op d’Mikroklima am Bësch.

E Mëttwoch den 8. Juli war et fir e puer Klassen aus dem LTA endlech esou wäit!D'Absolvent*inne vun den Techniciens- a G...
16/07/2026

E Mëttwoch den 8. Juli war et fir e puer Klassen aus dem LTA endlech esou wäit!
D'Absolvent*inne vun den Techniciens- a GSN-Klasse kruten hiren Diplom an enger flotter a familiärer Stëmmung!
Mir gratuléieren eise Laureat*innen a wënschen hinnen nëmmen dat Bescht op hirem weidere Wee!

E grousse Merci geet och un d' Personal vum LTA, dat esou Eventer iwwerhaapt méiglech mécht.

Am November ass dei offiziell Diplomiwwerreechung fir all eis Klassen an der Seeërei zu Dikrech.

16/07/2026

D’Schüler*innen aus dem module preparatoire am Däitsche vun de Klassen 2TPAG an 2TPEN hunn um Journalismusconcours vum SEW an Tageblatt deelgeholl. Si hunn Artikelen zu engem méigleche Socialmedia-Verbuet fir Jonker ënner 16 Joër geschriwwen. Besonneg stolz als Schoul si mer op de Jim Klos vun der 2TPAG, deen de Concours vun den 2eme gewonnen huet.
D’Artikele vum Jim a senge Klassekamerod*inne kënnt der ënnert folgendem Link noliesen:

Nachrichten aus Politik, Wirtschaft, Sport und Kultur und alle Informationen aus Luxemburg

Le MUDAM a accueilli les élèves des classes de la CLI-1 et de la 4GSN du cours à option en art pour célébrer le vernissa...
15/07/2026

Le MUDAM a accueilli les élèves des classes de la CLI-1 et de la 4GSN du cours à option en art pour célébrer le vernissage du Projet Scolaire 2026. Ce projet fait référence à l’exposition „Between then and now“ de l’artiste plasticien Igshaan Adams. Son travail mêle art textil, sculpture et performance. Après une visite de l’exposition, les élèves se sont consacré·e·s pendant 4 mois à réaliser une grande tapisserie avec des matériaux identiques à ceux de l'artiste.
C'est un grand honneur d'exposer au MUDAM et nous sommes fier·e·s de représenter notre lycée à travers le travail interculturel de nos élèves.

Hei nach e puer Andréck vun der Foire Agricole 2026.Mir soe Jidderengem Merci, dee sech engagéiert huet an dës flott Foi...
15/07/2026

Hei nach e puer Andréck vun der Foire Agricole 2026.
Mir soe Jidderengem Merci, dee sech engagéiert huet an dës flott Foire an eise Stand erméiglecht huet!

...De Studium baséiert op engem ganzheetlechen Usaz. Nohalteg Entwécklung, Kreeslafwirtschaft, Digitaliséierung, Kommuni...
15/07/2026

...De Studium baséiert op engem ganzheetlechen Usaz. Nohalteg Entwécklung, Kreeslafwirtschaft, Digitaliséierung, Kommunikatioun a Projetsbegleedung si wichteg Bausteng vun der Ausbildung. D‘Spezialiséierung op Landwirtschaft, Gaardebau oder Ëmwelt a Forstwirtschaft geschitt gréisstendeels mat Hëllef vu Stagen an och Projetsaarbecht.
Och interessant: Ween no sengem BTS-Ofschloss mat 120 ECTS-Punkten e Bachelor mat 180 ECTS wëll maachen, hänkt einfach 60 ECTS-Punkten (licence professionnelle) hannendrun.
Iwwregens: D'Sproochkompetenze ginn, dem lëtzebuergesche Modell no, virun allem am Franséischen an am Däitschen, zum Deel och am Engleschen, ugesidelt.
Déi nei Formatioun ass natierlech och fir Schoulabsolvent*innen aus fréiere Joren op.

Am gringe Sektor ass et a Lëtzebuerg an de leschte Joeren ëmmer méi schwiereg ginn, gutt ausgebilt Student*innen ze fann...
10/07/2026

Am gringe Sektor ass et a Lëtzebuerg an de leschte Joeren ëmmer méi schwiereg ginn, gutt ausgebilt Student*innen ze fanne fir de villen Jobofferen ze begéinen.
De BTS-Studium am LTA ass an enker Zesummenaarbecht mat de lëtzbuerger Betriber ausgeschafft ginn. D‘Finalitéit ass een universitäre Studium, dee wärend 2 Joer konkret op d’Berufswelt virbereed, ganz am Géigesaz zu engem éischter (ze) theoretesche Bachelor-Studiegang. D‘Ausbildungslacune tëschent dem Techniker an dem Bachelor gëtt gefëllt mat engem, op universitärem Niveau organiséierten, Studium, wou de Fokus op wëssenschaftlech a polyvalent praktesch Kompetenzen zwecks Realiséieren, Begleeden, Kontrolléieren, Féieren a Verwalte vun Projeten am gringe Beräich läit.

Weider Infoen an Aschreiwungen: www.lta.lu a [email protected]

Adresse

1, Kréiwénkel
Gilsdorf
L-9374

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Téléphone

+3528185251

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lycée Technique Agricole publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type