31/08/2026
🇱🇺 🎓 Méi wéi just e Summerjob.
All Summer ënnerstëtze Studenten d’Ekippe vun der Gemeng Fréiseng bei verschiddenen Aarbechten. Hir Aufgabe sinn am Reglement festgehalen a bestinn haaptsächlech aus manuellen Aarbechten, bei deene keng Maschinnen agesat musse ginn, wéi zum Beispill Kraut rappen. 🌱
Mee hannert dem Studentenjob stécht nach méi: Als Gemeng wëlle mir jonke Leit d’Méiglechkeet ginn, éischt Erfarungen an der Aarbechtswelt ze sammelen, Verantwortung ze iwwerhuelen an dobäi hiert Täschegeld opzebesseren.
Fir vill vun hinnen ass et een éischten Abléck an den Aarbechtsalldag: Zesumme schaffen, mat upaken, sech organiséieren an Deel vun enger Ekipp sinn. 💪
🎥 Am Video gi mir en Abléck an d’Aarbecht vun eise Studenten a weisen, firwat Studentenjobs och en Deel vun der sozialer Verantwortung vun der Gemeng sinn.
_________
🇫🇷 🎓 Bien plus qu’un simple job d’été.
Chaque été, des étudiants viennent renforcer les équipes de la Commune de Frisange dans différentes tâches. Leurs missions sont définies par règlement et consistent principalement en des travaux manuels ne nécessitant pas l’utilisation de machines, comme par exemple l’arrachage des mauvaises herbes. 🌱
Mais les jobs étudiants vont au-delà du travail accompli. La commune souhaite également offrir aux jeunes la possibilité de faire leurs premières expériences dans le monde du travail, de prendre des responsabilités et de gagner un peu d’argent de poche.
Pour beaucoup, il s’agit d’une première immersion dans la vie professionnelle : Travailler en équipe, mettre la main à la pâte, s’organiser et participer au quotidien d’un service. 💪
🎥 Dans cette vidéo, nous vous proposons un aperçu du travail de nos étudiants et de la manière dont les jobs d’été s’inscrivent aussi dans la responsabilité sociale de la commune.