11/06/2026
Praxisbeispill 118: Emmis Forschertagebuch zu den HohlmaĂen đ¶đ§Ș
Am C3.2 stoungen dĂ«s Woch dâHohlmaĂe um Programm. DâEmmi hat de Kanner hei 3 Statiounen matbruecht, fir dâEenheeten praktesch unzewenden an Ă«mzewandelen.
Statioun 1: 400ml đ¶
Forschungsfro: Wéi kann ech 400ml offëllen?
DâKanner kruten en DĂ«ppche mat 300ml FaassungsvermĂ©igen an eent mat 500ml. Elo sollten si e Wee fannen, fir genau 400ml domat ofzemoossen.
Statioun 2: Medizin đ©șđ§Ș
DâEmmi gouf vun engem Insekt um Bak gepickt (true story) a krut vum DĂ©irendokter e Medikament verschriwwen, wat verdĂ«nnt muss ginn (fake news đ
). An der Apdikt gouf dâZoubereedung vum Medikament awer anescht verschriwwen, wĂ©i vum DĂ©irendokter. Et war elo un de Kanner rauszefannen, wĂ©i ee MĂ«schverhĂ€ltnis wuel Ă©ischter richteg wier a wou wiem e Feeler Ă«nnerlaf ass.
Statioun 3: Gleich voll? đŠ
Hei hunn dâKanner misste schĂ€tzen. 10 verschidde BehĂ€ltere mat Ă«nnerschiddlechem FĂ«llstand u Waasser stoungen um Buedem. Si missten elo Folgendes erausfannen:
- Wéi eng 2 BehÀlteren hu genau de selweschte Contenu?
- Wéi vill ass jeeweils an de BehÀlteren?
Fir dat erauszefannen haten dâKanner kleng KĂ€ertercher mat verschiddenen Eenheeten zur VerfĂŒgung, dĂ©i si de BehĂ€lteren zouuerdne sollten (zB 500ml & 0,5l fir 2 glĂ€ich voll BehĂ€lteren).
Op 4 Kaarte stounge falsch WĂ€erter drop, dĂ©i net konnten zougeuerdent ginn (zB 2,5l). Op dĂ«se Kaarte sollten dâKanner Leckerlie fir dâEmmi placĂ©ieren.