Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft

Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg informéier

Du wëlls bei der Erfuerschung vun der Jugendsprooch zu Lëtzebuerg dobäi sinn oder kenns Jonker, déi interesséiert sinn? ...
01/08/2023

Du wëlls bei der Erfuerschung vun der Jugendsprooch zu Lëtzebuerg dobäi sinn oder kenns Jonker, déi interesséiert sinn? Da mell dech beim Melissa Mujkić 📩 Méi Informatioune ginn et hei: https://infolux.uni.lu/workshopjugendsprooch/

Do ass en erëm 🤩 De Programm vun eisem Colloque vun der Luxemburgistik fir d'Summersemester! Kommt op de Belval mat eis ...
27/02/2023

Do ass en erëm 🤩 De Programm vun eisem Colloque vun der Luxemburgistik fir d'Summersemester! Kommt op de Belval mat eis diskutéieren oder sidd online mat dobäi. Weider Informatiounen iwwer de Colloque an aner Aktivitéite vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft fannt dir hei 👉https://infolux.uni.lu/colloque-vun-der-luxemburgistik-summersemester-2023/👈

Och dëst Semester freeë mir eis op e flotte Programm am Colloque vun der Luxemburgistik 🤩 Mat ë.a. Virträg iwwer den nei...
03/10/2022

Och dëst Semester freeë mir eis op e flotte Programm am Colloque vun der Luxemburgistik 🤩 Mat ë.a. Virträg iwwer den neie Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen, der Geschicht vun der Sproochwëssenschaft zu Lëtzebuerg, de Sproochideologien an -astellunge vun Enseignanten a Frontalieren, mee och iwwer Poesie a Jugendliteratur zu Lëtzebuerg, an enger Virstellung vum neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire! Mellt iech un a sidd online mat dobäi oder kommt eis op de Belval besichen!

Wéi dréckt een am Lëtzebuergesche d'Léift aus? Domat beschäftegt sech d’Nathalie Roettgers an hirer Masteraarbecht. Et k...
04/05/2022

Wéi dréckt een am Lëtzebuergesche d'Léift aus? Domat beschäftegt sech d’Nathalie Roettgers an hirer Masteraarbecht. Et kann ee frou mat engem sinn oder ee gär hunn. Vläicht liibt Dir och een oder Dir hutt ee léif? Maacht mat bei der Ëmfro: https://leiftopletzebuergesch.limesurvey.net/239964?lang=lb

29/04/2022

Der Master en Enseignement Secondaire möchte die Studierenden dazu befähigen, als hochqualifizierte Lehrkräfte im luxemburgischen Schulsystem tätig zu sein.

An Zesummenaarbecht mam Institut d'études romanes vun der Uni Lëtzebuerg an dem Kulturzentrum Rotondes organiséiert den ...
03/03/2022

An Zesummenaarbecht mam Institut d'études romanes vun der Uni Lëtzebuerg an dem Kulturzentrum Rotondes organiséiert den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft en Owend zum Theema Text/Bild-Relatiounen. D'Participatioun kann attestéiert ginn. Fir méi Informatiounen a fir d'Umeldung: www.rotondes.lu an [email protected].

Adresse

Porte Des Sciences 11
Esch-sur-Alzette
4366

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager