Lycée de Garçons Esch/Alzette

Lycée de Garçons Esch/Alzette Dëst ass den offiziellen Site vum Lycée de Garçons Esch/Alzette.

Sief derbäi bei der 1. Editioun vum Summer-Schoulfest am LGE, den 9. Juli 2026☀️🍉🍦
01/07/2026

Sief derbäi bei der 1. Editioun vum Summer-Schoulfest am LGE, den 9. Juli 2026☀️🍉🍦

Meilleurs élèves & Scheckiwwerreechung vum Chrëschtmoart💚Am Kader vun enger feierlecher Zeremonie goufen de 16. Juni d‘C...
22/06/2026

Meilleurs élèves & Scheckiwwerreechung vum Chrëschtmoart💚

Am Kader vun enger feierlecher Zeremonie goufen de 16. Juni d‘Certificaten un d’Meilleurs élèves vun de Klasse 7e bis 2e am Festsall vum LGE iwwerreecht. Insgesamt 130 Schülerinnen a Schüler kruten dës Auszeechnung als Unerkennung fir hir exzellent schoulesch Leeschtungen. Als zousätzlech Belounung krut all ausgezeechente Schüler e Bicherbong, dee vun der APELGE, der Elterevereenegung vum LGE, gestëft gouf.

No der offizieller Remise waren déi bescht Schülerinnen a Schüler zesumme mat hire Familljen, Enseignanten an Invitéen op e Patt am Schoulhaff agelueden.

Den LGE gratuléiert allen Ausgezeechenten häerzlech a wënscht hinne weiderhi vill Erfolleg op hirem schoulesche Wee.

Den nämmlechten Owend gouf dann och de Scheck vum Chrëschtmoart un d'Blëtz a.s.b.l. iwwerreecht (https://www.rtl.lu/life/spenden/4-000-euro-fir-dbletz-a-s-b-l-1532746799)

⏰Aschreiwunge fir 7e (classique)Dir kënnt Är Demande fir eng definitiv Inscriptioun op enger 7e an eisem Sekretariat vun...
05/06/2026

⏰Aschreiwunge fir 7e (classique)

Dir kënnt Är Demande fir eng definitiv Inscriptioun op enger 7e an eisem Sekretariat vun e Méinden, den 8. Juni bis e Freiden, de 26. Juni 2026 ofginn.

Eist Sekretariat ass op vu méindes bis freides vun 08:00 bis 12:30 a vun 13:30 bis 16:00.

Wat soll am Dossier ze fanne sinn?

・d’Orientéierungsdecisioun;
・den Umeldungsformulaire, deen uerdnungsgeméiss ausgefëllt ass (beim Enseignant ze kréien);
・eng Fotokopie vum Ofschlossbilan vum Cycle 4;
・e Wunnsëtz-Zertifikat;
Bei der Aschreiwung kritt Dir eng Fiche, op där Dir de Klassentyp präziséieren (Musek, Sport, Konscht, Allemand renforcé oder eng Klass ouni Spezialitéit) oder eventuell perséinlech Wënsch (Desiderata) ugi kënnt.

Weider Informatioune sinn op eisem Site https://lge.lu/inscriptions-2026/ ze fannen.

⏰Aschreiwunge fir 6e – 1re

D’Aschreiwunge fir 6e – 1re sinn en Donneschden, de 16. Juli, e Freiden, de 17. Juli an e Méinden, den 20. Juli méiglech.
Bréngt wgl. Kopië vun den Zensure vun deene leschten zwee Schouljoer mat (bei 6e just vun engem Schouljoer méiglech).

Eis Optiounsfächer aus dem Konschtberäich stelle bei eis am Studio71 aus: "Les options exposent".An dir sitt alleguerten...
02/06/2026

Eis Optiounsfächer aus dem Konschtberäich stelle bei eis am Studio71 aus: "Les options exposent".

An dir sitt alleguerten häerzlech op de Vernissage vun der Ausstellung invitéiert, den 8. Juni um 18.30 Auer am Studio71 um Rez-de-Chaussée vum LGE!

E puer Andréck aus de Prouwe vun eisem Schülertheater DramatEsch🎭Si spillen hiert neit Stéck "Ein Sommernachtstraum/ Son...
30/04/2026

E puer Andréck aus de Prouwe vun eisem Schülertheater DramatEsch🎭

Si spillen hiert neit Stéck "Ein Sommernachtstraum/ Songe d’une nuit d’été" donneschdes, de 7., a freides, den 8. Mee 2026, all Kéiers um 19:30 Auer am Festsall vum LGE.

De Link fir d'Tickete fannt dir hei: https://edulink.lu/DE26

E Réckbléck op eis Porte Ouverte💚Du kanns dech vun elo u bei eis viraschreiwen. Déi definitiv Umeldunge fir d'7e si vum ...
28/04/2026

E Réckbléck op eis Porte Ouverte💚

Du kanns dech vun elo u bei eis viraschreiwen. Déi definitiv Umeldunge fir d'7e si vum 8. bis de 26. Juni. D'Datumer fir d'Aschreiwunge vu 6e bis 1ère kommen no.

➡️ De Link fir d'Preinscriptioun fënns du hei: https://lge.lu/inscriptions-2026/les-modalites-dinscription-preinscription/

E grousse Merci u jiddereen, dee laanscht komm ass, a natierlech och u jiddereen, deen op eiser Porte Ouverte gehollef huet.

A wann s du nach Froen hues, zéck natierlech net, fir eis ze kontaktéieren!

Eise Schülertheater DramatEsch spillt hiert neit Stéck "Ein Sommernachtstraum/ Songe d’une nuit d’été" donneschdes, de 7...
27/04/2026

Eise Schülertheater DramatEsch spillt hiert neit Stéck "Ein Sommernachtstraum/ Songe d’une nuit d’été" donneschdes, de 7. a freides den 8. Mee 2026 um 19:30 Auer am Festsall vum LGE.

Et ass fräien Entrée!

Klick hei fir däin Ticket ze reservéieren: https://edulink.lu/DE26

Klenge Reminder, dass eis Porte Ouverte dëse Samschde, de 25. Abrëll 2026, vun 8:30 - 13:30 stattfënnt!🤓A mir geheien an...
23/04/2026

Klenge Reminder, dass eis Porte Ouverte dëse Samschde, de 25. Abrëll 2026, vun 8:30 - 13:30 stattfënnt!🤓

A mir geheien an dësem Post ee klénge Bléck op eis ausserschoulesch Aktivitéiten!

Mir invitéieren Iech all häerzlech op de Vernissage vun der Expositioun "Carnet de Voyage - À bord du TwingRaid 2026" vu...
18/04/2026

Mir invitéieren Iech all häerzlech op de Vernissage vun der Expositioun "Carnet de Voyage - À bord du TwingRaid 2026" vum Christian Schaack, den 21. Abrëll um 18.30 Auer am Studio71 um Rez-de-Chaussée vum LGE.

16/04/2026

🇱🇺🎓De 15. Abrëll, war eng 5e Klass aus dem Lycée de Garçons Esch zu Besuch op der Schëfflenger Gemeng. Wéi funktionéiert eng Gemeng? Wat ass dem Buergermeeschter seng Roll? Wéi gëtt ee gewielt? Dës an nach vill aner Froen, konnt d‘Klass direkt un de Buergermeeschter Carlo Feiereisen riichten. D’Klass ass mat villen neie Kenntnisser an engem konkrete Verständnis vun der Gemengepolitik heemgaangen.

🇫🇷🎓Le 15 avril, une classe de 5e du Lycée de Garçons Esch a rendu visite à la Commune de Schifflange. Comment fonctionne une commune ? Quel est le rôle du bourgmestre ? Comment est on élu ? La classe a pu poser ces questions – et bien d’autres encore – directement au bourgmestre Carlo Feiereisen. Les élèves sont repartis avec de nombreuses nouvelles connaissances et une compréhension concrète du fonctionnement de la politique communale.

🇩🇪🎓Am 15. April besuchte eine 5e Klasse des Lycée de Garçons Esch die Gemeinde Schifflingen. Wie funktioniert eine Gemeinde? Welche Aufgaben hat der Bürgermeister? Wie wird man gewählt? Die Klasse konnte diese Fragen – und viele weitere – direkt an Bürgermeister Carlo Feiereisen richten. Die Schüler·innen nahmen zahlreiche neue Erkenntnisse und ein konkretes Verständnis für die Funktionsweise der Gemeindepolitik mit nach Hause.

🇬🇧🎓On 15 April, a 5e class from the Lycée de Garçons Esch visited the Municipality of Schifflange. How does a municipality work? What is the role of the mayor? How is someone elected? The students were able to ask these questions – and many more – directly to Mayor Carlo Feiereisen. They returned home with plenty of new knowledge and a concrete understanding of how local politics functions.

| Lycée de Garçons Esch/Alzette

Adresse

71, Rue Du Fossé
Esch-sur-Alzette
L-4123

Téléphone

+3525562851

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lycée de Garçons Esch/Alzette publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Lycée de Garçons Esch/Alzette:

Raccourcis

Partager

Type