BTS Media Writing

BTS Media Writing Televisioun, Zeitung, Radio a Social Media, Publicitéit a Kommunikatioun... Ass et hei wou s du wëlls schaffen?

De BTS Media Writing am Dikrecher Kolléisch bitt dir eng zolidd a praxisbezunne Formatioun, déi dech direkt dohinner féiert. Un BTS multilingue, multimédia, interdisciplinaire et professionnalisant

En deux ans, les étudiants du BTS Media Writing apprennent à rédiger, à maîtriser les canaux de diffusion et à adapter leurs techniques, leurs concepts et leurs contenus à l’image, à la vidéo, à l’audi

o, au web. Débouchés:

En agence de publicité, en entreprise ou sur la toile, les débouchés sont multiples : Copywriter, assistant en communication, Corporate Publisher, chargé de communication interne et externe, Community Manager, journaliste d’entreprise, assistant de presse, attaché de presse, bloggeur professionnel, reporter multimédia, rédacteur web…

27/05/2026

Well D’Enn vum Semester sou lues a lues ëmmer méi no kennt, hu mir eng kleng Review-Serie iwwert eis Zäit am BTS gemaach.

Déi véiert Review ass vum Sarah. 📽

20/05/2026

Well D'Enn vum Semester sou lues a lues ëmmer méi no kennt, hu mir eng kleng Review-Serie iwwert eis Zäit am BTS gemaach.

Déi drëtte Review ass vum Filip. 📽

13/05/2026

Well d'Enn vum Semester ëmmer méi no kennt maache mir eng kleng Review Serie iwwert eis Zäit am BTS.

Déi zweete Review ass vum Max.

06/05/2026

Well d’Enn vum Semester sou lues a lues ëmmer méi no kënnt, hu mir eng kleng Review-Serie iwwert eis Zäit am BTS Media Writing gemaach🎤
Déi éischt Review kënnt vum Sam.

Am Kader vun eisem Digital Marketing Cours ware mir bei Snug, d’Firma vun eisem Prof Ricardo Prosperi. Mir hu mat him u ...
27/03/2026

Am Kader vun eisem Digital Marketing Cours ware mir bei Snug, d’Firma vun eisem Prof Ricardo Prosperi. 

Mir hu mat him u Reviews iwwert de BTS Media Writing geschafft…

Results coming soon…Stay tuned!✨

D’lescht Woch hat dat zweet Joer vum BTS Media Writing den Thomas Roland, a.k.a.  , op Besuch.Am Kader vun hirem Podcast...
27/03/2026

D’lescht Woch hat dat zweet Joer vum BTS Media Writing den Thomas Roland, a.k.a. , op Besuch.

Am Kader vun hirem Podcast-Cours hunn d’Student*inne beim Museker geléiert, wéi ee Beats produzéiert, sief et fir herno Jingles oder Hannergrondmelodien fir hir Produktiounen ze maachen.

Vu Kicks bis hin zu Loops, konnte si nom Motto “Learning by doing” selwer am Logic Pro experimentéieren.

An d’Resultater si flott ginn.

Du wëlls och bei cool Workshopen, wéi deen hei matmaachen? Da schreiw dech fir d’Schouljoer 2026/27 an!

Am Audioproduktiouns-Cours léiere mir, wéi een e Podcast opbaut. Dozou gehéiert och, e passende Jingel ze fannen. An dee...
25/03/2026

Am Audioproduktiouns-Cours léiere mir, wéi een e Podcast opbaut. Dozou gehéiert och, e passende Jingel ze fannen. An deem Kader hu mir e Workshop mam gemaach, deen eis gewisen huet, wéi een esou e Jingel selwer produzéiert. 

Mir soe villmools Merci un hien, datt hie säi Wësse mat eis gedeelt huet an eis gewisen huet, wéi vill Aarbecht hannert engem catchy Jingel stécht. 🎧

Wann dir wëllt wëssen, wat mir dobäi kreéiert hunn, da bleift gespaant: e Freideg ginn eis Jingele revealed!

Säit leschtem Joer schaffe mir als Klass zesumme mat der HEX Zeitung u Microtrottoiren, bei deene mir d’Leit aus der Nor...
24/03/2026

Säit leschtem Joer schaffe mir als Klass zesumme mat der HEX Zeitung u Microtrottoiren, bei deene mir d’Leit aus der Nordstad no hirer Meenung froen. Lescht Woch stoung d’Fro am Mëttelpunkt, wat an der Nordstad kéint verbessert ginn, fir de Fräizäitsport méi attraktiv ze maachen. Wat d’Leit dozou ze soen haten, fannt dir an der nächster Ausgab vum HEX raus.

Du wëlls Content Creator ginn… mee du weess net wou ufänken?De BTS Media Writing hëlleft dir dobäi. 🎥✨Et ass eng 2-järeg...
20/03/2026

Du wëlls Content Creator ginn… mee du weess net wou ufänken?

De BTS Media Writing hëlleft dir dobäi. 🎥✨
Et ass eng 2-järeg Formatioun, wou’s du léiers richteg ze filmen, ze schneiden an däi Content professionell ze posten.
Du kriss och d’Wëssen, wat fir Material s du brauchs, fir däi perfect Shot ze kréien. 📸

Mam BTS Media Writing hues du däin Ticket an d’Mediewelt. 🚀

Also… shoot your shot. 🔥

Du begeeschters dech fir Medien, wëlls praktesch Erfarunge sammelen, hues awer keng Anung wou genau s du dofir hi muss?D...
19/03/2026

Du begeeschters dech fir Medien, wëlls praktesch Erfarunge sammelen, hues awer keng Anung wou genau s du dofir hi muss?

Den BTS Media Writing bitt dir praktesch Erfarungen am Podcast, Video-editing, audiovisuell Produktiounen, Social Media Managing an nach vill méi!

Waart net allze laang op deng Opportunitéit a mell dech un!

Dat kéint däin Ticket fir eng erfollegräich Karriär an den digitale Medie sinn!

Adresse

Lycée Classique De Diekirch – Ancien Bâtiment
Diekirch
9233

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque BTS Media Writing publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à BTS Media Writing:

Raccourcis

Partager