NOSL - Nordstad Lycée

NOSL - Nordstad Lycée Le Nordstad-Lycée est une école publique fondée en 2007.

Le Nordstad-Lycée est une école publique fondée en 2007, qui prend en compte les talents et les capacités des élèves afin de leur offrir la meilleure qualification possible. Le lycée prépare également les élèves à la vie active dans la société européenne tout en favorisant le respect de soi, des autres et de l’environnement. Une inscription facultative de l'élève à un programme individualisé au Foyer Scolaire peut se faire (École à plein temps, Ganztagsschule).

Den 3. Juli hu mir mat der 1GSO an den Ofschlossklasse vum CCP/DAP an der Aler Seeërei d'Enn vun hirer Schoulzäit am Nor...
17/07/2026

Den 3. Juli hu mir mat der 1GSO an den Ofschlossklasse vum CCP/DAP an der Aler Seeërei d'Enn vun hirer Schoulzäit am Nordstad-Lycée gefeiert. D'Madamm Martine Molitor, Premier Conseiller de Gouvernement, huet an hirer Ried betount, datt hannert all Diplom eng Geschicht steet an déi Jonk encouragéiert mat Courage a Vertrauen a sech selwer hiert nächst Kapitel vum Liewen unzegoen. Et gouf ganz vill emotional Momenter deen Owend, sief et beim musikaleschen Encadrement, sief et bei de ganz perséinleche Riede vun de Schüler:innen an de Regenten. Et war schéin ze héieren, datt eis Schüler:innen net nëmme fachlecht Wësse mat op de Wee kréien, mee och wäertvoll mënschlech Qualitéiten. Mir kënne stolz drop sinn, datt dës jonk Leit hire Parcours hei am Nordstad-Lycée net nëmmen absolvéiert hunn, mee hei zu räifen a ganz empatheschen Erwuessene gi sinn.

Ee Méindeg, 6.7, sinn d’Schüler vun der 5AD1, 5AD2 an 5ADF op Durbuy an den Adventure Valley gefuer. No engem ustrengend...
13/07/2026

Ee Méindeg, 6.7, sinn d’Schüler vun der 5AD1, 5AD2 an 5ADF op Durbuy an den Adventure Valley gefuer. No engem ustrengende Schouljoer war dësen Dag ee flotten Ofschloss fir jiddereen. Sief et mam Kayak oder soss bei all méiglech Aktivitéite konnten d’Schüler sech austoben an een onvergiesslechen Dag genéissen. Mir wënschen all Schüler nëmmen dat Bescht fir d’Zukunft a géifen eis freeën Iech eng Kéier am Nordstad Lycée rëmzegesinn.

Ënnert dem Motto "Demokratie und Freiheit im Wandel der Geschichte" hunn d'Schüler vun der 5G1 eng Studierees op Berlin ...
10/07/2026

Ënnert dem Motto "Demokratie und Freiheit im Wandel der Geschichte" hunn d'Schüler vun der 5G1 eng Studierees op Berlin gemaach. Hei konnten si unhand vu Féierungen, Workshoppen a Monumenter souwuel déi däitsch Nokrichszäitgeschicht ewéi och d'Kultur kennen a verstoe léieren. Um Programm stounge souwuel de Reichstag, d'Brandenburger Tor an d'Holocaust-Mahnmal, ewéi och d'Gedenkstätt Hohenschönhausen an de Futurium. Och op kultureller a kulinarescher Säit, haten d'Schüler hire Spaass, dëst um Musiksfestival a beim Currywurstiessen. Alles an allem fënnef léierräich, sonneg a spaasseg Deeg zu Berlin. E ganz grousse Merci der Oeuvre Nationale, déi dëst méiglech gemaach huet 🫶

No engem ustrengenden an ereegnesräiche Schouljoer hunn sech d'Schüler:inne vun der DP2ED zesumme mat hirer Regente Mme ...
09/07/2026

No engem ustrengenden an ereegnesräiche Schouljoer hunn sech d'Schüler:inne vun der DP2ED zesumme mat hirer Regente Mme Petry an dem Här Susitchii e flotte gemeinsamen Dag am Phantasialand gegënnt.

Tëscht spannenden Attraktiounen, villem Laachen a flotte Gespréicher konnten si de Schoulalldag fir e puer Stonnen hannert sech loossen an nach eng Kéier schéi Momenter als Klass deelen. Dës Sortie war eng flott Geleeënheet, fir den Zesummenhalt an der Klass ze stäerken an d'Schouljoer op eng entspaant a frëndlech Aart ofzeschléissen.

D’7C Découverte huet dës Woch un enger Rees duerch d’Geschicht – vum Ursprong bis an d’Mëttelalter - zu Buerglënster dee...
09/07/2026

D’7C Découverte huet dës Woch un enger Rees duerch d’Geschicht – vum Ursprong bis an d’Mëttelalter - zu Buerglënster deelgeholl. D’Schüler/inne konnte bei Aktivitéiten am Bësch praktesch Erfarunge sammelen an hiren Teamgeescht stäerken.

D'lescht Woch huet den 1. Dag vun der Nohaltegkeet am Nordstad‑Lycée stattfonnt bei deem iwwer 100 Schüler:innen deelgeh...
09/07/2026

D'lescht Woch huet den 1. Dag vun der Nohaltegkeet am Nordstad‑Lycée stattfonnt bei deem iwwer 100 Schüler:innen deelgeholl hunn. 9 interaktiv Atelieren hunn Theme behandelt wéi: Den Assistenzhond (Asa Honn), Liewe mat enger Séihbeanträchtegung (Centre pour le développement des compétences relatives à la vue), Kannerrechter a Klimawandel (Kindernothilfe Luxembourg), d’Welt vun de Restmaterialien (arcus asbl), Klimakompass (solar@school), Mineralien a kënschtlech Intelligenz (partage.lu), Bientraitance (bientraitance.asbl), Häuslech Gewalt, an de Klimawandel am Bangladesch (Friendship). D’Intervenanten hunn duerch Demonstratioune, Diskussiounen an Aktivitéiten d’Schüler:innen sensibiliséiert. D’Atelieren hu praktesch Aarbechten a kreative Methoden agebonne fir Handlungsméiglechkeeten ze weisen. Den Dag huet d’Bewosstsi gestäerkt an d’Schüler:innen motivéiert, kleng Schrëtt fir méi Nohaltegkeet ze huelen.

D’5P-Klasse ware leschten Donneschdeg a Freideg um Ausfluch. Als éischte Stopp sinn si an d’Schwämm 💦 op Beefort gefuer....
30/06/2026

D’5P-Klasse ware leschten Donneschdeg a Freideg um Ausfluch.
Als éischte Stopp sinn si an d’Schwämm 💦 op Beefort gefuer. Wéinst der Hëtzewell 🥵 war dat eng besonnesch wëllkomm Ofkillung, an déi Jonk hu sech richteg ameséiert.
Duerno sinn si mam Bus an d’Jugendherberg 🏕️op Bollendorf gefuer, wou si trotz den héijen Temperaturen e gemittlechen Owend zesumme verbruecht hunn.
D’Schüler:innen hunn déi gemeinsam Zäit genoss an domat hir dräi Joer am « cycle inférieur » op eng flott Aart a Weis ofgeschloss. Mir wënschen hinnen alleguer vill Gléck🍀, Erfolleg an alles Guddes fir hir Zukunft op der nächster Etapp vun hirem Wee.

D’lescht Woch hunn d’Schüler vun der 7C Découverte zu Lëltz u verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl. Um Programm stounge...
30/06/2026

D’lescht Woch hunn d’Schüler vun der 7C Découverte zu Lëltz u verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl. Um Programm stoungen ënner anerem Kayak 🚣‍♀️ a Stand-Up-Paddel. Bei schéinem Wieder ☀️ konnten si nei Erfarunge sammelen an hiren Teamgeescht stäerken. Et war eng flott Geleeënheet, zesummen aktiv ze sinn an d’Natur ze genéissen.

D'Schüler vun der 4GSO hu gëschter d'Thema Nohalteg Entwécklung unhand vun engem Escape Game an engem praktesche Beispil...
30/06/2026

D'Schüler vun der 4GSO hu gëschter d'Thema Nohalteg Entwécklung unhand vun engem Escape Game an engem praktesche Beispill konnten novollzéien. "Bienvenue à Kareco" hëlt Schüler mat op eng Rees wou si Entscheedungen treffe mussen a gesi, wéi dës sech op d’Welt auswierken. Dësen Atelier gëtt ugebuede vum ESE (Education à la soutenabilité et à l'environnement).

D'2GT2S war lescht Woch op Amsterdam. Trotz grousser Hëtzt  an enger ganzer Partie Problemer mam Zuch, duerch déi si bal...
29/06/2026

D'2GT2S war lescht Woch op Amsterdam.
Trotz grousser Hëtzt an enger ganzer Partie Problemer mam Zuch, duerch déi si bal een Dag verluer hunn, war et eng super Rees. Et gouf vill gelaacht, d'Stëmmung war top, an all Mënsch huet säin Deel dozou bäigedroen, datt dëse Klassenausfluch eng Erënnerung bleift, un déi si gär zeréckdenken.
Um Programm stoungen ënner anerem de Besuch vum Anne Frank Haus, der Ausstellung Körperwelten an der Van Gogh Immersive Experience. Ausserdeem hu si sech am Kader vum Holocaust-Namenswee nach méi intensiv mat der Geschicht vum Holocaust a senge Schicksaler auserneegesat.
Nieft de ville flotte Momenter gouf et also och vill Spannendes an Léierräiches ze entdecken.

Adresse

17, Rue Joseph Merten
Diekirch
L-9257

Téléphone

+3528047541

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque NOSL - Nordstad Lycée publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à NOSL - Nordstad Lycée:

Raccourcis

Partager