28/08/2026
🇱🇺 ⛔ ROUTE D’ECHTERNACH ZU KONSDREF – KOMPLETT GESPAART
📅 Vum Méindeg, den 31. August, bis Samschdeg, de 5. September 2026 gëtt tëscht der Kierch an dem Multisport-Terrain e faarwege Splittbelag op déi nei Asphaltschicht opgedroen.
⏳ De frësch opgedroene Splittbelag muss aushäerden an et musse nach Markéierungen opbruecht ginn. Dofir bleift de betraffene Stroossenofschnëtt och gespaart, wa grad keng Aarbechten op der Plaz stattfannen. Wgl. eréischt nees befueren, wann d’Strooss offiziell fräiginn ass.
🚧 VERKÉIER AN ZOUFAARTEN
⛔ Keng Duerchfaart tëscht der Rue du Müllerthal an der Route d’Echternach. Eng regional Ëmleedung gëtt ageriicht.
⛔ Vun dëse Stroossen aus kann een net an d’Route de Luxembourg oder an d’Rue de la Mairie ofbéien.
🚗 D’Rue de la Mairie bleift fir Persounenautoen iwwer eng provisoresch Schotterpist an der Verlängerung vun der Rue Greveneck erreechbar. Dës ass net fir grouss Gefierer gëeegent.
🏠 ZOUFAART RUE BURGKAPP
➡️ 31. August bis 2. September Moies: iwwer d’Rue du Müllerthal.
➡️ 2. September Nomëttes bis 4. September: iwwer d’Route de Luxembourg.
🚌 ËFFENTLECHEN TRANSPORT – LINNEN 211, 261 AN 262
• Linnen 211 an 261: Den Arrêt „Consdorf, Post“ gëtt net bedéngt.
• Linn 262: D’Arrêten „Consdorf, Schoul“ a „Consdorf, Konstrëfermillen“ ginn net bedéngt. D’Linn fiert eng méi grouss regional Ëmleedung.
• Provisoresch Arrêten: Rue Hicht bei den Haiser 68 a 75 an an der Rue de Berdorf bei der Kräizung mat der Rue Mélicksheck.
ℹ️ Informéiert Iech iwwer d’Upassunge vun Ärer Buslinn op mobiliteit.lu oder bei den entspriechenden Arrêten.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech. Respektéiert wgl. d’Ofspärungen an d’Signalisatioun op der Plaz.
───────────────
🇫🇷 ⛔ ROUTE D’ECHTERNACH À CONSDORF – FERMETURE TOTALE À LA CIRCULATION
📅 Du lundi 31 août au samedi 5 septembre 2026, un revêtement en gravillons colorés sera posé sur la nouvelle couche d’asphalte, entre l’église et le terrain multisports.
⏳ Le revêtement doit durcir après sa pose et le marquage routier doit encore être réalisé. Le tronçon concerné reste donc fermé à la circulation, même lorsqu’aucun travail n’est en cours sur place. Merci d’attendre la réouverture officielle avant de l’emprunter.
🚧 CIRCULATION ET ACCÈS
⛔ Aucune circulation entre la Rue du Müllerthal et la Route d’Echternach. Une déviation régionale sera mise en place.
⛔ Depuis ces rues, il sera impossible de bifurquer vers la Route de Luxembourg ou la Rue de la Mairie.
🚗 La Rue de la Mairie restera accessible aux voitures particulières par une piste provisoire en gravier dans le prolongement de la Rue Greveneck. Celle-ci ne convient pas aux véhicules de grande taille.
🏠 ACCÈS À LA RUE BURGKAPP
➡️ Du 31 août au 2 septembre au matin : par la Rue du Müllerthal.
➡️ Du 2 septembre après-midi au 4 septembre : par la Route de Luxembourg.
🚌 TRANSPORTS EN COMMUN – LIGNES 211, 261 ET 262
• Lignes 211 et 261 : l’arrêt « Consdorf, Post » ne sera pas desservi.
• Ligne 262 : les arrêts « Consdorf, Schoul » et « Consdorf, Konstrëfermillen » ne seront pas desservis. La ligne effectuera une déviation régionale plus importante.
• Arrêts provisoires : Rue Hicht, aux numéros 68 et 75, et Rue de Berdorf, au carrefour avec la Rue Mélicksheck.
ℹ️ Consultez les adaptations de votre ligne sur mobiliteit.lu ou aux arrêts concernés.
🙏 Merci de votre compréhension. Veuillez respecter les barrières et la signalisation sur place.