27/08/2026
Zu Lëtzebuerg liewe fënnef heemesch Aarte vun Eilen: vun der gréisster, dem Uhu, iwwer d’Tuermeil, d’Bëscheil an d'Baméchel bis bei déi klengst Eil, de Steekauz. 🦉
An de Gemenge Réiser, Suessem a Diddeleng haten d’Kanner d’Méiglechkeet, d’faszinéierend Liewensweis vun dësen nuetsaktive Villercher bei enger SICONA Natur-Rallye ze entdecken. 😃🔍 Si hunn hir Besonneschkeete kennegeléiert, Eilen nogezeechent an hir Andréck duerno kreativ ëmgesat, andeems si kleng Eilefiguren geschnëtzt a faarweg ugemoolt hunn. 🦉🖌️
Ville de Dudelange
Gemeng Réiser
Gemeng Suessem