10/09/2026
Mir bauen net nëmme Maueren. Mir bauen Zukunft.
Eis Schoul ass a Beweegung. Ronderëm eis wiisst de Campus Bouneweg – an och mir entwéckelen eis weider. Mat neie Raim, neie Plazen an neien Iddie schafe mir eng Schoul, an där ee léieren, sech begéinen, sech beweegen an zesumme wuesse kann.
Mir maachen eis prett fir d’Erausfuerderunge vu muer: an der Gesellschaft, an der Beruffswelt an am perséinleche Liewe vun eise Schüler. Well Schoul bedeit net nëmme Wëssen ze vermëttelen. Et bedeit och, jonke Mënsche Vertrauen, Halt a Perspektiven ze ginn.
De Wandel ass schonn ze gesinn. An dat Bescht läit nach virun eis.
BLL – kooperativ, innovativ, engagéiert.