Crèche Beim Musekshaus - Services d'Éducation et d'Accueil de Bissen

Crèche Beim Musekshaus - Services d'Éducation et d'Accueil de Bissen Notre structure fait partie de Elisabeth Enfance
🌹Elisabeth, am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg

🇱🇺 Déi Kléng sinn elo Grouss ginn! 🥹✨ Zënter enger Woch ginn d’Pampersrocker an d’Bemöllecher an déi grouss Gruppen schn...
10/09/2026

🇱🇺 Déi Kléng sinn elo Grouss ginn! 🥹✨
Zënter enger Woch ginn d’Pampersrocker an d’Bemöllecher an déi grouss Gruppen schnupperen fir sech lues a lues un hiren neien Grupp ze gewinnen.

Mir begleeden si dobäi ganz roueg a mat vill Gedold, fir dat si sech sécher a wuel fillen an esou gutt op d’Rentrée an den neien Dageeoflaf am neie Grupp virbereet sinn. 🌈✨

🇫🇷Les petits sont maintenant devenus grands ! 🥹✨
Depuis une semaine, les petits « Pampersrocker » et les « Bemëllecher » découvrent les grands groupes, afin de s’habituer petit à petit à leur nouveau groupe.

Nous les accompagnons dans cette transition tout en douceur et avec beaucoup de patience, pour qu’ils se sentent en sécurité et à l’aise, et qu’ils soient ainsi bien préparés pour la rentrée et le nouveau rythme de la journée dans leur nouveau groupe. 🌈✨

🇱🇺 An de leschte Wochen hunn d’Kanner sech mat vill Freed mat Bicher a Geschichten beschäftegt. 🌈📖Déi Kleng hunn de Reeb...
28/08/2026

🇱🇺 An de leschte Wochen hunn d’Kanner sech mat vill Freed mat Bicher a Geschichten beschäftegt. 🌈📖
Déi Kleng hunn de Reeboufësch entdeckt 🐠, wärend déi Grouss sech mat der Welt vun den Emotiounen beschäftegt hunn. 📚 💛💙
E besonnesche Moment war et, wéi déi Grouss d’Geleeënheet haten, de Kléngen hir Geschichten virzeliesen. 🥰
Esou ginn net nëmme Geschichten, mee och Freed um Liesen a gemeinsam Momenter weiderginn. ✨
📚☀️ Ces dernières semaines, les enfants ont pris beaucoup de plaisir à découvrir des livres et des histoires. 🌈📖

Les plus petits ont découvert le Poisson Arc-en-ciel 🐠, tandis que les plus grands se sont plongés dans le monde des émotions. ❤️💛💙

🇫🇷 Un moment tout particulier a été celui où les plus grands ont eu l’occasion de lire leurs histoires aux plus petits. 🥰

Ainsi, ce ne sont pas seulement des histoires qui se transmettent, mais aussi le plaisir de lire et de partager de beaux moments ensemble. ✨

🇱🇺Dës Woch hu mir mat de Kanner e flotten a spilleresche Waasser-Parcours gemaach! 💧😊D’Kanner konnten aus engem groussen...
21/08/2026

🇱🇺Dës Woch hu mir mat de Kanner e flotten a spilleresche Waasser-Parcours gemaach! 💧😊
D’Kanner konnten aus engem groussen Eemer mat Becheren d’Waasser schëpfen an et an e méi klengt Gefäss schëdden. Duerno hu si Waasserbommen aus enger Schossel geholl & an en Eeërkartong geluecht an dat mat vill Konzentratioun a Geschécklechkeet! 🥚💦
Zum Schluss goufen d'Schwämm aus engem Eemer mat Waasser geholl an schnellstmeiglech an en eidelen Eemer gedroen an do ausgedréckt🧽💧
D’Kanner ware mat vill Freed, Energie a Motivatioun dobäi a konnten dobäi hir Motorik, Koordinatioun an Selbststännegkeet fërderen. 💙

🇫🇷 Cette semaine, nous avons réalisé avec les enfants un parcours aquatique amusant et ludique ! 💧😊
Les enfants pouvaient prendre de l’eau dans un grand seau à l’aide de petits gobelets et la verser dans un récipient plus petit. Ensuite, ils ont pris des bombes à eau dans un bol et les ont déposées dans une boîte à œufs, le tout avec beaucoup de concentration et d’adresse ! 🥚💦
Pour terminer, les enfants ont retiré des éponges d’un seau rempli d’eau, les ont transportées le plus rapidement possible jusqu’à un seau vide, puis les ont essorées. 🧽💧
Les enfants ont participé avec beaucoup de plaisir, d’énergie et de motivation, tout en développant leur motricité, leur coordination et leur autonomie. 💙

🇱🇺🌿 Entdecken, fillen a mat der Natur spillen! 🌿D'läscht Woch hu mir mat de Kanner eng flott Aktivitéit dobausse gemaach...
17/08/2026

🇱🇺
🌿 Entdecken, fillen a mat der Natur spillen! 🌿

D'läscht Woch hu mir mat de Kanner eng flott Aktivitéit dobausse gemaach. Si kruten verschidden Naturmaterialien zur Verfügung gestallt: Bängelen, Stréi, Mulch, Steng a Blieder. 🪵🌾🪨🍂

D’Kanner konnten noeneen eraussichen, wéi ee Material si gär hätten a wou si et an de Reef leeë wollten. Duerno hu mir zesummen d’Reefer no hire Wënsch gefëllt. D’Kanner waren ganz motivéiert a hu super matgemaach! 💚

Awer domat war d’Aktivitéit nach net eriwwer! 😊 Duerno goufen d’Schong an d’Strëmp ausgedoen an et goung barfuß duerch de Parcours. D’Kanner konnten déi verschidde Materialien, déi si selwer erausgesicht haten, mat de Féiss entdecken a spieren. 👣🌿

Si hu sech ganz couragéiert duerch de Parcours bewegt an haten dobäi vill Spaass! 🥰

Spillen, entdecken a léieren mat alle Sënner, esou mëscht Naturerfahrung Spaass! 🌱💚

🇱🇺D'Kanner waren zesumme mam Lisa an de Bësch. Si hunn eng eidel Eeërkëscht mat Biller kritt. D'Aufgab war, déi verschid...
07/08/2026

🇱🇺D'Kanner waren zesumme mam Lisa an de Bësch. Si hunn eng eidel Eeërkëscht mat Biller kritt. D'Aufgab war, déi verschidde Naturmaterialien, déi op de Biller ze gesi waren, am Bësch ze fannen an an d'Eeërkëscht ze leeën. Op dës spilleresch Aart a Weis hunn d'Kanner d'Natur entdeckt, genee observéiert a vill Freed beim Sammelen gehat.🌳🌿🍃

🇨🇵Les enfants sont allés en forêt avec Lisa. Ils ont reçu une boîte à œufs vide illustrée avec des images de différents éléments de la nature. Leur mission était de retrouver ces éléments dans la forêt et de les placer dans les compartiments correspondants. Cette activité ludique leur a permis d'observer la nature, de développer leur sens de l'observation et de prendre plaisir à explorer leur environnement.🌳🌿🍃

D'Kanner hunn en flotten moien am Sportskomplex zu Bissen verbruecht. 🏀⚽️Zesumme si si zu Fouss dohinner gaangen an made...
31/07/2026

D'Kanner hunn en flotten moien am Sportskomplex zu Bissen verbruecht. 🏀⚽️
Zesumme si si zu Fouss dohinner gaangen an madeneen gefrühstückt.
Duerno hunn d'Kanner un engem spannende Parcours mat verschiddenen Hindernisser deelgeholl.
Dobäi konnten si op spilleresch Aart a Weis hir Motorik, hir Koordinatioun an hiert Gläichgewiicht stäerken.
De Sportsmoie war eng flott Geleeënheet, sech ze beweegen, nei Erausfuerderungen unzegoen an zesummen eng aktiv Zäit ze verbréngen.🎾⚾️🏅

🌳☀️ Fir hiren Ofschloss sinn de Grupp 3 a 4 op kléng Ausflich gaangen. De Grupp 3 huet um Wobierg mat engem leckere Pick...
27/07/2026

🌳☀️ Fir hiren Ofschloss sinn de Grupp 3 a 4 op kléng Ausflich gaangen. De Grupp 3 huet um Wobierg mat engem leckere Picknick déi lescht flott Momenter zesummen am Bësch verbruecht an d’Natur entdeckt. 🌿💚

De Grupp 4 war am Déierepark ënnerwee, wou d’Kanner mat vill Begeeschterung déi verschidden Déieren entdeckt hunn. 🦌🐐

Mir soen all de Kanner Merci fir déi schéi gemeinsam Zäit a wënschen hinnen alles Guddes fir hiren nächste Schrëtt! 💚✨

🌳☀️ De Grupp 3 ass fir hiren Ofschloss op ee klengen Ausfluch op de Wobierg gaangen. Mat engem leckere Picknick am Gepäc...
24/07/2026

🌳☀️ De Grupp 3 ass fir hiren Ofschloss op ee klengen Ausfluch op de Wobierg gaangen. Mat engem leckere Picknick am Gepäck hu si déi lescht flott Momenter zesummen am Bësch verbruecht an d’Natur entdeckt. 🌿💚
Mir so merci fir déi schéi gemeinsam Zäit!

🇱🇺  ☀️ Dës Woch hu mir dat schéint Wieder genoss! D'Kanner konnten hir eege Minzwaasser preparéieren, frësch Äerdbiere p...
26/06/2026

🇱🇺 ☀️ Dës Woch hu mir dat schéint Wieder genoss! D'Kanner konnten hir eege Minzwaasser preparéieren, frësch Äerdbiere plécken an op spilleresch Aart a Weis mam Waasser experimentéieren. Eng Woch voller Entdeckungen, Freed a flotte Summermomenter! 🌿🍓💧

🇫🇷 ☀️ Cette semaine, nous avons profité du beau temps ! Les enfants ont préparé leur propre eau à la menthe, cueilli nos fraises et expérimenté avec l'eau de manière ludique. Une semaine remplie de découvertes, de plaisir et de beaux moments d'été ! 🌿🍓💧

✨Op Entdeckungsrees duerch d’Welt vun den Déieren aus de verschiddene Kontinenter! 🌍🐘 Eis Kanner hunn hire Liewensraum u...
19/06/2026

✨Op Entdeckungsrees duerch d’Welt vun den Déieren aus de verschiddene Kontinenter! 🌍🐘 Eis Kanner hunn hire Liewensraum um Globus entdeckt, hir Beweegunge bei engem Motoresch-Parcours nogemaach an eng sensoresch Aventure erlieft, andeems si iwwer verschidde Biedem aus der ganzer Welt gaange sinn. Eng flott Aart a Weis, mat alle Sënner ze léieren! 🐊🐼
À la découverte des animaux des différents continents ! 🌍🦭Nos enfants ont exploré leur habitat sur le globe, imité leurs mouvements lors d’un parcours moteur et vécu une aventure sensorielle en marchant sur différents sols du monde. Une belle façon d’apprendre avec tous les sens ! 🦩🐆

Adresse

4, Rue De La Gare
Bissen
7773

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Crèche Beim Musekshaus - Services d'Éducation et d'Accueil de Bissen publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Crèche Beim Musekshaus - Services d'Éducation et d'Accueil de Bissen:

Raccourcis

Partager