28/04/2026
Sortie an de Spilly:🤩
Zesumme mat de Kanner ware mir an de Spilly an der City Concorde wou si hirer Kreativitéit fräie Laf gelooss hunn. Egal ob Polizist, Bäcker oder Pompjee, et war fir all Kand eppes dobäi. D'Kanner hate vill Spaass an hunn zesummen hir eege kleng Geschichten nogespillt.👮♀️👮🥖
----------------------------------
Sortie au Spilly :🤩
Avec les enfants, nous sommes allés au Spilly dans le centre commercial City Concorde, où ils ont pu laisser libre cours à leur créativité. Que ce soit policier, boulanger ou pompier, il y en avait pour chaque enfant. Les enfants se sont beaucoup amusés et ont rejoué ensemble leurs propres petites histoires.👮♀️👮🥖
17/04/2026
Neies vun eise klengsten🥰👶
Och bei eise klengsten an der Crèche ass a leschter Zéit vill lass. Si hunn o vum gudde Wieder profitéiert an hu vill Zäit dobausse verbruecht. Beim Picknick an der Natur a beim Mëttegiessen am Gaart, haten si net nëmmen d'Méiglechkeet nei Andréck ze sammelen, mee konnten och d'Natur mat all hire Sënner entdecken. D’Raschele vun de Blieder, de Gesang vun de Villercher an déi waarm Sonn op der Haut hu fir vill flott Momenter gesuergt.
Zesummen iessen, observéieren an erliewe stäerkt net nëmmen d'Gemeinschaftsgefill, mee ënnerstëtzt och d’Entwécklung vum Kand op eng ganz natierlech Aart a Weis. Eng schéin Zäit voller klengen Aventurë fir eis Jéngst. 🌳🍎🔎
---------------------------------
Des nouvelles de nos tout-petits🥰👶
Chez nos tout-petits à la crèche, il s’est passé beaucoup de choses ces derniers temps. Ils ont profité du beau temps et ont passé beaucoup de moments à l’extérieur. Lors du pique-nique dans la nature et du déjeuner dans le jardin, ils ont non seulement eu l’occasion de découvrir de nouvelles impressions, mais aussi d’explorer la nature avec tous leurs sens. Le bruissement des feuilles, le chant des oiseaux et la chaleur du soleil sur la peau ont créé de très beaux moments.
Manger ensemble, observer et faire des découvertes renforce non seulement le sentiment de communauté, mais soutient également le développement de l’enfant de manière très naturelle. Un joli moment plein de petites aventures pour nos plus petits.🌳🍎🔎
03/04/2026
Ouschteren an der Crèche Babasi 🐰🥚🤩
Wéi mir zesumme mat de Kanner iwwert den Ouschterhues geschwat hunn, hu mir eis d'Fro gestallt, op hien dann och géif bei eis op Besuch kommen. D’Kanner hu gemengt dat hien nach e laangen Ouschterweekend virun sech huet a wollten him eng kleng Freed maachen. Ganz houfreg hunn d’Kanner him lauter kleng Ouschtereeër präparéiert, déi sie mat Gras gefëllt hunn. D’Kanner wollte sécher goen dat den Ouschterhues genuch Energie huet, fir den anere Leit eng Freed ze maachen. Am Nomëtten ass den Ouschterhues dunn och bei eis passéiert an huet de Kanner als Merci hir gebastelt Ouschterkierf mat e puer leckere Séissegkeete gefëllt.🍬🍫
--------------------------------------------------------
Pâques à la Crèche Babasi 🐰🥚🤩
En parlant du lapin de Pâques avec les enfants, nous nous sommes demandé s’il viendrait aussi nous rendre visite.
Les enfants pensaient qu’il avait sûrement encore un long week-end de Pâques devant lui et voulaient lui faire un petit plaisir.
Très enthousiastes, ils ont préparé plein de petits œufs de Pâques qu’ils ont remplis d’herbe. Ils voulaient s’assurer que le lapin de Pâques ait assez d’énergie pour faire plaisir aux autres.
Dans l’après-midi, le lapin de Pâques est effectivement passé chez nous et a rempli les paniers de Pâques fabriqués par les enfants avec quelques délicieuses sucreries. 🍬🍫
02/03/2026
D’Kanner kreéieren hiere Menu🍗🍅🥦
Mir hunn eis mat de Kanner zesummegesat, fir hinne selwer d’Méiglechkeet ze gi fir ze entscheede wat et ze iesse gëtt. Sie konnten aus villen verschiddenen Saache wielen an sou hir eege lecker Menue zesummestellen.
Dono ware mir du mat de Kanner an de Restaurant, vun dem mir d’Iesse kréien, an hunn hinnen déi verschidde Menue präsentéiert. Lo gëtt et all Dënschdeg e komplette Menu den d’Kanner selwer rausgesicht hunn.
Dëst ass deel vun der Participatioun, déi fir d'Crèche ganz wichteg ass. Dofir haten mir d’Iddi dat d’Kanner sollen un der Kreatioun vum Menu deel huelen. Sou fillen d’Kanner sech eescht geholl an entwéckelen e Bewosstsinn fir eng gesond Ernärung a léieren néi Liewensmëttel kennen.
-------------------------------
Les enfants créent leur menu🍗🍅🥦
Nous nous sommes réunis avec les enfants afin de leur donner la possibilité de décider eux-mêmes ce qu’il y aura à manger. Ils pouvaient choisir parmi de nombreux aliments différents et composer ainsi leurs propres menus délicieux.
Ensuite, nous sommes allés avec les enfants au restaurant qui nous fournit les repas et nous leur avons présenté les différents menus. Chaque mardi, il y aura un menu complet choisi par les enfants eux-mêmes.
Cela fait partie de la participation, qui est très importante pour la crèche. C’est pourquoi nous avons eu l’idée d’impliquer les enfants dans la création du menu. Ainsi, les enfants se sentent pris au sérieux, développent une conscience d’une alimentation saine et découvrent de nouveaux aliments.
24/02/2026
Fueswoch an der Crèche Babasi🎉🥳🤡
Och an der Fuesvakanz war bei eis an der Crèche eng mei lass. Freides virun der Vakanz haten mir eis Fuesparty an der Crèche, wou sech d’Kanner an och d’Personal verkleed hun. D’Elteren waren natirlech och inviteiert un der Party deelzehuelen. Bei flotter Fuesmusek, engem gudden Austausch mat den Elteren an leckeren Scheeckereien, dei d’Kanner iwwert d’Woch virbereet hun, haten mir en scheinen Nometten. 🎈🎉🧁
Während der Vakanz haten mir verschidden Sortien mat den Kanner geplangt fir e bessen Oofwiesslung an hiren Alldag ze kréien. Vun engem Tour mat de Päerd duerch d’Natur an der Robbescheier, enger Visite am Zirkus zu Bauschelt, vill Action am All-In zu Heischent oder vill Spass op der Rutschbahn an der Schwämm zu Reiden. Et war fir jidwereen eppes dobäi.
Ausflich sinn e wichtege Bestanddeel vun eiser pädagogescher Aarbecht. Kanner léieren am beschten duerch eegent Erliewen, duerch gesinn, spieren, ausprobéieren a staunen. Nei Ëmfelder fërderen hir Selbststännegkeet, stäerken hiert Selbstvertrauen a vergréisseren hiren Horizont. Gläichzäiteg wuessen si als Grupp méi no zesummen a sammelen wäertvoll gemeinsam Erënnerungen.🤩🔎🍀
------------------------------
Semaine de Carnaval à la Crèche Babasi🎉🥳🤡
Même pendant les vacances de Carnaval, il y avait beaucoup d’animation dans notre crèche. Le vendredi avant les vacances, nous avons célébré notre fête de Carnaval à la crèche, où les enfants ainsi que le personnel se sont déguisés. Les parents étaient bien sûr également invités à participer à la fête. Avec de la musique festive, de beaux échanges avec les parents et de délicieuses gourmandises préparées par les enfants tout au long de la semaine, nous avons passé un très bel après-midi.🎈🎉🧁
Pendant les vacances, nous avons organisé différentes activités afin d’apporter un peu de variété dans le quotidien des enfants. D’une promenade en calèche à travers la nature à la Robbesscheier, une visite au cirque à Boulaide, à beaucoup d’action au All-In Heiderscheid, jusqu’aux grands moments de plaisir sur le toboggan à la piscine de Redange – il y en avait pour tous les goûts.
Les sorties constituent un élément essentiel de notre travail pédagogique. Les enfants apprennent le mieux à travers leurs propres expériences : en voyant, en ressentant, en expérimentant et en s’émerveillant. De nouveaux environnements favorisent leur autonomie, renforcent leur confiance en eux et élargissent leurs horizons. En même temps, ils se rapprochent en tant que groupe et créent ensemble de précieux souvenirs.🤩🔎🍀
18/02/2026
Vältesdag an eiser Crèche 🥰❤️🌹
Zum Vältesdag ass et bei eis an der Crèche ganz häerzlech ginn. Zesumme mat vill Freed a Kreativitéit hunn d’Kanner kleng Iwwerraschunge fir hir Eltere gemaach. Mat vill Häerzer an enger grousser Portioun Léift si flott Konschtwierker a kleng Cadeauen entstanen.
Dobäi stoung net nëmmen d’Bastelen am Mëttelpunkt, mee och d’Thema „Léift a Wäertschätzung“. Mir hu mat de Kanner doriwwer geschwat, wéi schéin et ass, engem aneren eng Freed ze maachen an „Merci“ ze soen.
D’Kanner ware ganz houfreg op hir Wierker a konnten et kaum erwaarden, den Elteren hir Konschtwierker zesumme mat enger Rous ze iwwerreechen. 🥰❤️🌹
--------------------------------------------------------
Saint-Valentin à la crèche 🥰❤️🌹
À l’occasion de la Saint-Valentin, l’ambiance était particulièrement chaleureuse dans notre crèche. Avec beaucoup de joie et de créativité, les enfants ont réalisé de petites surprises pour leurs parents. Avec de nombreux cœurs et une grande portion d’amour, de jolies œuvres d’art et de petits cadeaux ont vu le jour.
Ce n’est pas seulement le bricolage qui était au centre de l’attention, mais aussi le thème de « l’amour et de la reconnaissance ». Nous avons discuté avec les enfants de la beauté de faire plaisir à quelqu’un et de dire « merci ».
Les enfants étaient très fiers de leurs réalisations et avaient hâte d’offrir leurs œuvres à leurs parents, accompagnées d’une rose. 🥰❤️🌹
10/02/2026
Och dëst Joer ware mir mat de Kanner aus der Crèche Babasi souwéi mat anere Kanner aus der Gemeng, zu Baschelt ënnerwee fir de Liichtmëssdag ze feieren.🌙🌟
Mir haten eis an dräi verschidde Gruppen opgedeelt a sënn vun Haus zu Haus schelle gaang fir de Leit "Léiwer Härgottsblieschen" ze sangen. D’Kanner ware stolz, den Awunner hir Lampione weisen ze kennen, an déi si déi letzt Woche vill Aarbecht investéiert hunn. Belount goufen d’Kanner du mat allerlee Séissegkeeten, déi zum Schluss an der Crèche opgedeelt goufen.🍭
Ausserdeem hunn si Sue kritt, déi benotzt ginn, fir am Kader vun der Aktioun „L'arbre à vœux“ vun der Gemeng Bauschelt an Zesummenaarbecht mam Office social de Wiltz aner Kanner ze verwinnen. Mir si gutt verwinnt ginn – elo ass et un eis, och anerer ze verwinnen. Dës Aktioun ass eng staark Symbolik fir d’Wäerter, déi d’Crèche weidergi wëll.
Mir soen Iech villmools Merci dat dir zu souvill un dësem Evenement deel geholl huet, et war eis wéi all Joer eng Freed.🥰
----------------------
Cette année encore, nous sommes partis avec les enfants de la crèche Babasi ainsi qu’avec d’autres enfants de la commune de Boulaide pour célébrer le « Liichtmëssdag ». 🌙🌟
Nous nous sommes répartis en trois groupes différents et sommes allés de maison en maison afin de chanter « Léiwer Härgottsblieschen » aux habitants. Les enfants étaient fiers de montrer leurs lanternes aux résidents; lanternes dans lesquelles ils avaient investi beaucoup de travail au cours des dernières semaines. En récompense, les enfants ont reçu toutes sortes de friandises, qui ont ensuite été partagées à la crèche.🍭
Ils ont également reçu de l’argent qui servira à gâter d’autres enfants lors de l’action « « L’arbre à vœux » » de la commune de Boulaide en collaboration avec l’Office social de Wiltz. Nous avons été bien gâtés, à nous de gâter à notre tour. Cette action est une symbolique forte dans les valeurs que la crèche souhaite transmettre.
Nous vous remercions chaleureusement d’avoir été si nombreux à participer à cet événement. Ce fut, comme chaque année, un réel plaisir pour nous.🥰
30/01/2026
Dat deeglecht gemeinschaftlecht Liewen an eiser Crèche erméiglecht de Kanner, hir éischt Erfarunge vum Zesummeliewen an der Gesellschaft ze maachen.
D’Partizipatioun vun de Kanner ass fir eis an der Crèche Babasi ganz wichteg. Duerch eng gelonge Partizipatioun entwéckele Kanner scho ganz fréi e Versteesdemech fir en demokratescht Zesummeliewen, souwéi d’Fäegkeet, Erausfuerderungen op eng konstruktiv Aart a Weis unzegoen. Si entwecklen ënner anerem och nach eng respektvoll Kommunikatioun, d’Deelen an Empathie. Dëst setzt viraus, datt d’pädagogescht Fachpersonal sech bewosst Zäit hëlt, fir en Dialog op Aenhéicht ze féieren an d’Kanner als vollwäerteg an essentiel Acteuren am Alldag vun der Crèche unzeerkennen. Zousätzlech iwwerhuelen d’Kanner schonn am jonken Alter Verantwortung, wat hinnen hëlleft, hir Plaz an der Struktur ze fannen an hiert Selbstvertrauen ze stäerken.
Dat weist sech an der Gestaltung vun eisem Maskottchen, wou d’Kanner aktiv an d’Decisiounen iwwert säin Ausgesinn agebonne waren. Och haut ass dëst Maskottchen e feste Bestanddeel vun der Crèche. Et steet och am Mëttelpunkt vun engem Kooperatiounsprojet mat den Elteren. D'Elteren hunn d’Méiglechkeet, d’Maskottchen iwwer de Weekend mat heem ze huelen an zesumme mat hirem Kand an op hirer Mammesprooch eng Geschicht opzehuelen. Dono kann d’Maskottchen, dank engem integréierten Opnamssystem, d’Geschicht de Gruppen erëm weiderginn – mat der Stëmm vun den Elteren an hirem ursprénglechen Accent. Esou ginn d’Sprooche vun all de Kanner all Dag berécksiichtegt an d’Kand gëtt a senger Mammesprooch unerkannt.
--------------------------------------------------------------------------
La vie collective quotidienne au sein de notre crèche permet aux enfants de vivre leurs premières expériences de vie en société.
La participation des enfants occupe une place particulièrement importante à la crèche Babasi. Grâce à une participation réussie, les enfants développent dès le plus jeune âge une compréhension du vivre-ensemble démocratique ainsi qu’une capacité à faire face aux défis de manière constructive. Ils apprennent entre autres la communication bienveillante, le partage, ou encore l’empathie. Cela suppose que les professionnels de l’éducation prennent consciemment le temps d’instaurer un dialogue sur un pied d’égalité et reconnaissent les enfants comme des acteurs à part entière et essentiels du quotidien de la crèche.
De plus, les enfants assument des responsabilités dès leur plus jeune âge, ce qui les aide à trouver leur place au sein de la structure mais aussi d’acquérir une meilleure confiance en eux.
Cela se traduit déjà dans la création de notre mascotte où les enfants ont été activement impliqués dans les décisions relatives à son apparence. Aujourd’hui encore, cette mascotte fait partie intégrante de la crèche. Elle est également au centre d’un projet de collaboration avec les parents. Ils ont l’opportunité d’emmener la mascotte dans leur domicile durant le week-end et de lui raconter une histoire en compagnie de leur enfant dans leur langue maternelle. Par la suite, grâce à un système d’enregistrement intégré, la mascotte peut retranscrire l’histoire aux groupes en conservant la voix des parents et leur accent d’origine.
Les langues de tous sont ainsi évoquées quotidiennement et l’enfant reconnu dans sa langue maternelle.
12/01/2026
Hei e puer Fotoen vun de Feierdeeg an eiser Crèche. Mir hoffen, datt äer Feierdeeg och schéin verlaf sinn. D’Kanner haten erëm d’Méiglechkeet, un der Virbereedung vun eisem alljährleche Chrëschtmaart deelzehuelen. Och dëst Joer war d’Geleeënheet do, fir mat den Awunner, den Elteren a mat de Veräiner vun der Gemeng a Kontakt ze kommen.
Zum Chrëschtdag- an Neijoerschowend si d’Kanner an de Knauf gaangen, fir all déi néideg Zutaten ze kafen, déi se fir d’Preparatioun vun engem Deel vun hirem Iessen gebraucht hunn. Nodeems alles zesumme war, goung et an d’Kichen, wou all Kand sech eraussiche konnt, wat et kache wollt. Duerno gouf et eng festlech Degustatioun tëscht de Kanner an den Educateuren.
⛷️🎄❄️
Voici quelques photos des fêtes de fin d’année à la crèche. Nous espérons que les vôtres se sont bien passées. Les enfants ont eu l’occasion de participer encore une fois à l’élaboration de notre marché de Noël annuel. Cette année encore, c'était l’occasion de pouvoir aller au contact des habitants, des parents et des associations de la commune.
A l’occasion du réveillon de Noël et Nouvel an, les enfants se sont rendus au Knauf pour acheter tous les ingrédients nécessaires pour la préparation d’une partie de leur repas. Une fois rassemblés, direction la cuisine où chacun a pu choisir ce qu’il souhaitait cuisiner. S’en est suivie une dégustation festive entre enfants et éducateurs. 🎄🍪🛷🎨
̂tesdefindannée
12/12/2025
Wärend sengem Tour ass de Kleeschen an d'Crèche komm et war Zäit fit eppes klenges z'iessen🙂
Et ass Zäit fir hien zréck ze goen, fir seng wuelverdéngten Erhuelung🎅.
Merci Kleeschen bis d'nächst Joer❤️✨.
Lors de sa grande tournée, le grand St-Nicolas a fait un arrêt à la crèche, le temps d'un goûter🙂.
Il est temps pour lui de repartir pour un repos bien mérité 🎅.
Merci St-Nicolas, à l'année prochaine❤️✨.
20/11/2025
Am Bébegrupp ass ëmmer eppes lass!
Eis Kleng entdecken, probéieren aus a hunn vill Spaass mat Aktivitéiten, déi un hiert eegent Tempo ugepasst sinn. Si maachen hir éischt kleng Kach-Erfarungen, drécken sech duerch Molerei aus a genéissen vill Spillmomenter, déi hir Sënner an hir Motorik fërderen.
Natierlech rhythmiséieren och Roumomenter an d'Iesse hiren Dag, ëmmer an engem sécheren a
Bei de Bébéen ass all Dag eng nei, spannend Entdeckung!
liewensfrëndleche Kader.
Dans le groupe des bébés, ça bouge tous les jours !
Nos tout-petits découvrent, expérimentent et s’amusent au fil d’activités adaptées à leur rythme. Ils mettent la main à la pâte avec de petites expériences culinaires, s’expriment à travers la peinture et profitent de nombreux moments de jeux pour développer leurs sens et leur motricité.
Et bien sûr, les temps de repos et les repas viennent rythmer leur journée en douceur, toujours dans un environnement sécurisant et bienveillant.
Chez les bébés, chaque journée est une nouvelle aventure pleine de découvertes !
06/11/2025
🎃 Eng Noriicht vun de klenge Zauberer an Zauberinnen vun der Crèche! 🧙♂️🕸️
Dës Woch hu mir , engt grousst Halloween-Fest fir eis Elteren virbereed!
Mir hu zesummen decidéiert wéi mir eise , Sall décoreiren , wéi mir eis undoë a wat et guddes z'iessen gëtt. 👻🍪
An der Kichen hu mir Hexereie gemaach: magesch tränk, monstréis Kuche an aner Séissegkeete fir jiddereng ze begeeschteren! 👩🍳🧁
All Kand huet säi Lieblingskostüm ausgewielt: e witzege Kürbis, e spaassege Geescht, e klenge Vampir oder eng Zauberin … mir ware bereet fir e bëssen Angscht ze maachen! 😱🎭
E grousse Merci un eis Eltere fir hir Präsenz an hiert Laachen – mir waren et immens frou, dëst Fest mat Häerzt virzebereeden an ze deelen! 💜
Vill Spaass nach weiderhi beim Feiere!
🎃 Message des petits sorciers et sorcières de la crèche ! 🧙♂️🕸️
Cette semaine, nous avons choisi de préparer une grande fête d’Halloween pour accueillir nos parents !
Nous avons décidé ensemble des décorations, des déguisements et même des recettes à préparer pour le goûter. 👻🍪
En cuisine, nous avons réalisé de drôles de “sorcelleries” : potions magiques, gâteaux monstrueux et autres douceurs pour régaler tout le monde ! 👩🍳🧁
Chacun a pu choisir son costume préféré : citrouille rigolote, fantôme farceur, petit vampire ou sorcière malicieuse… Nous étions tous prêts à faire (un peu) peur ! 😱🎭
Nous avons ensuite accueilli nos parents pour un moment plein de rires, de partage et de gourmandises.
Un bel après-midi convivial, où nos idées, nos créations et nos sourires ont fait de cette fête un moment magique ! ✨🎃
Merci à tous les parents pour leur présence et leur bonne humeur — nous avons adoré partager cette fête que nous avions préparée avec le cœur 💜