Elterevereenegung Konsdref

  • Home
  • Elterevereenegung Konsdref

Elterevereenegung Konsdref Contact information, map and directions, contact form, opening hours, services, ratings, photos, videos and announcements from Elterevereenegung Konsdref, School, .

Eisen 1. Rallye fir Kanner, den 10. Mee! ☀️🥳Bei beschtem Wieder ☀️ sinn déi verschidden Équipen duerch Konsdref gezunn a...
11/05/2026

Eisen 1. Rallye fir Kanner, den 10. Mee! ☀️🥳

Bei beschtem Wieder ☀️ sinn déi verschidden Équipen duerch Konsdref gezunn a hu sech bei flotte Spiller, knifflege Froen an enger klenger Stäerkung mat Uebst ameséiert. 😜 Nom Rallye konnt jiddereen de Mëtteg nach gemittlech bei engem Maufel 🌭 🍟 an engem Patt ausklénge loossen, wärend d’Kanner sech um Sprangschlass ausgetobt hunn.

E grousse Merci un Sponsoren, un all d’Participanten an un all déi, déi gehollef hunn, dësen Dag esou flott ze maachen. 👍🏻 Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun! 😊

05/05/2026

Optakt vun eiser Concertswoch!

Als Ofschloss vun eisem Projet mat der Ecole régionale de musique de la Ville d'Echternach invitéieren d'Kanner an d'Leierpersonal op hir Concertswoch! 🎶
Start ass déi 3 Deeg um 17 Auer am Kuerzwénkel!

👍🏻👍🏻💪🏻💪🏻💪🏻👏🏻👏🏻
29/04/2026

👍🏻👍🏻💪🏻💪🏻💪🏻👏🏻👏🏻

🇱🇺🌿🎉 Kanner-Rallye zu Konsdref – Maacht mat! 🎉🌿  D’Elterevereenegung Konsdref invitéiert Iech den 10. Mee op eng onvergi...
20/04/2026

🇱🇺
🌿🎉 Kanner-Rallye zu Konsdref – Maacht mat! 🎉🌿

D’Elterevereenegung Konsdref invitéiert Iech den 10. Mee op eng onvergiesslech Aventure fir d’ganz Famill!

✨ Spannende Rallye duerch d’Natur
✨ Lëschteg Spiller & kniffleg Froen
✨ Vill Spaass fir Grouss a Kleng

Séchert Iech elo Är Plaz a verbréngt zesummen eng flott Zäit an der Natur!

👉 Mellt Iech nach haut un!

🇫🇷
🌿🎉 Rallye pour enfants à Consdorf – Participez ! 🎉🌿

L’association des parents d’élèves de Consdorf vous invite le 10 mai à une aventure inoubliable pour toute la famille !

✨ Rallye passionnante à travers la nature
✨ Jeux amusants & questions astucieuses
✨ Beaucoup de plaisir pour petits et grands

Réservez dès maintenant votre place et passez ensemble un moment agréable en pleine nature !

👉 Inscrivez-vous dès aujourd’hui !

D'Elterevereenegung Konsdref wënscht iech an ärer Famill Schéin Ouschteren. 🐣🐰🪺🥚
05/04/2026

D'Elterevereenegung Konsdref wënscht iech an ärer Famill Schéin Ouschteren. 🐣🐰🪺🥚

29/03/2026
04/03/2026

D'Lasep vu Konsdref war de Mëtteg op Colmar-Bierg an d'Schwämm fir bäim 1000 KM Schwammen-Challenge vun der Lasep deelzehuelen.

Obwuel d'Kanner no 45 Minutten hunn dierfe spille goen, sinn der ganz vill am Baséng bliwwe fir weider Meteren ze sammelen!!
Niewebäi konnt och mat deene Kanner geübt ginn, déi nach net esou sécher waren fir hir Technik ze verbesseren!
Mat vill Asaz hunn déi 24 Kanner eng Gesamtdistanz vun 13,380 Kilometer zeréckgeluecht! All Respekt fir déi Leeschtung! 💪
Der Gemeng Konsdref e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung, déi eis dës Sortie an och déi nei T-Shirten erméiglecht huet! 😊

23/12/2025
Den 12.12. huet de Cycle 4 vun der Schoul Konsdref säi Chreschtmaart organiséiert 🎄✨Et gouf villes ze kucken a ze schmaa...
19/12/2025

Den 12.12. huet de Cycle 4 vun der Schoul Konsdref säi Chreschtmaart organiséiert 🎄✨
Et gouf villes ze kucken a ze schmaachen 😋, an deen een oder aneren Chrëschtkaddo 🎁 konnt och kaaft ginn.
D’Elterevereenegung Konsdref huet dobäi mat ugepaakt 🤝 an d’Leit mat Glühwäin 🍷, waarmem a kale Viz 🥤 souwéi Gegrills 🌭 verwinnt.
D’Kanner hu mat hirem Concert 🎶 fir déi richteg Stëmmung gesuergt, während d’Adventsfenster Nr. 12 🕯️ an der Schoul opgemaach gouf.
Zesumme mat de Kanner an den Enseignanten 👨‍🏫👩‍🏫 war et e ganz gelongenen Owend ✨🎄

Address


Website

Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Elterevereenegung Konsdref posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Contact The School

Send a message to Elterevereenegung Konsdref:

Shortcuts

  • Want your school to be the top-listed School/college?

Share