Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM)

Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) Dëst ass déi offiziell Facebook-Säit vum Lycée Josy Barthel Mamer.

Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) [official page]

Hiweis zum Gendertheema: An alle Bäiträg steet "Schüler" fir Schülerinnen a Schüler, "Enseignantë" fir Enseignanteën an Enseignanten asw. Hiweis zum Gendertheema: An alle Beiträg steet dat Wuert "Schüler" fir Schülerinnen a Schüler, "Enseignantë" fir Enseignanteën an Enseignanten asw.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…🌍 Zwee Deeg, vill Erliefnesser an eng Hellewull f...
07/09/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

🌍 Zwee Deeg, vill Erliefnesser an eng Hellewull flott Erënnerungen!

De 16. Juni huet d’Klass 4G3S Freiburg besicht. Bei engem Tour duerch déi lieweg Universitéitsstad konnten d’Schülerinnen a Schüler hir schéin Alstad an déi gemittlech Atmosphär entdecken. 🏘️☀️

De 17. Juni stoung dunn Action um Programm: Am Europa-Park hunn Achterbunnen, Attraktiounen a gemeinsam Momenter fir vill Spaass a gutt Laun gesuergt. 🎢🤩

Eng gelongen Excursioun, déi Kultur, Entdeckung an Abenteuer perfekt matenee verbonnen huet!

E puermol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Le 7 juillet 2026, nos élèves de la 7G4 sont part...
04/09/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Le 7 juillet 2026, nos élèves de la 7G4 sont partis à la découverte d'une villa romaine puis ont appris à connaître l'histoire du pays, de ses monuments et fortifications.
🏛️ Tout d'abord, direction Goeblange pour découvrir les vestiges d’une villa romaine ! Grâce à une visite guidée passionnante, nos explorateurs en herbe ont appris comment vivaient les Romains au Luxembourg il y a 2000 ans.
🍽️ Place ensuite à un délicieux repas au restaurant Porta Nova. Tout le monde a pu déguster son plat préféré et les estomacs bien remplis, c’était reparti pour l’aventure !

🔦 Grâce à l’ASBL Festungsfrënn, nos élèves ont eu la chance de visiter des parties habituellement fermées au public des casemates de Luxembourg ! Lampe torche en main et pull bleu foncé du lycée imprimé au Makerspace, ils ont découvert des passages mystérieux et l'histoire captivante de notre pays.
🗺️ Armés de leur esprit d’équipe et de leur curiosité, les élèves ont sillonné les ruelles de Luxembourg-Ville pour une chasse au trésor pleine de défis.
Un GRAND MERCI à tous pour cette journée remplie de découvertes, de rires et de complicité !

E puermol d'Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Visite des « Walfer Bicherdeeg » par la 4C1 le 14...
02/09/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Visite des « Walfer Bicherdeeg » par la 4C1 le 14 novembre 2025:

La classe de 4C1 a eu l’occasion d’assister aux Walfer Bicherdeeg. La visite a inclus une visite des différents stands des exposants ainsi qu‘un atelier intitulé: De Wee vum Buch, vum Editeur bis bei de Libraire, animé par Gabi Besenius et Ian De Toffoli. Un exposé sur la littérature luxembourgeoise a été proposé par Nathalie Jacoby du CNL.
La classe a été accompagnée par les enseignants Cynthia Recken et Claudine Ciuca.

E puermol d’Woch, , ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Visite 2TPGC um Site BelvalDen 08.07.26 wor d' Ba...
31/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Visite 2TPGC um Site Belval

Den 08.07.26 wor d' Bautechnikerklass 2TPGC ënnert der Begleedung vun der Mme Telen an Mme Heinrich eng Visitte vum Site Esch Belval maachen. Wärend engem Tour duerch di historesch Gebaier souwéi der Besichtegung vun engem Héichuewen, hunn si vum Guide vill interessant Informatioune vum Ufank vun der Stolindustrie bis hin zum städtebauleschen Konzept vum Site Esch Belval ewéi en Haut ass kritt.

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Europapark 2026 – Egelongenen Ofschloss vum Schou...
28/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Europapark 2026 – Egelongenen Ofschloss vum Schouljoer

Fir d'Schouljoer 2025/2026 op eng besonnesch Aart ofzeschléissen, hunn verschidde Klassen an Optiounen e gemeinsamen Ausfluch an den Europapark ënnerholl.

Mat dobäi waren d'Optioun an den ACTPA Theater, begleet vun den Dammen Diana Ribeiro Alves, Véronique Prim a Kelly Muno, souwéi d'Klasse vun de Régenten Alexis Diederich, Diane Neises, Elvir Frkatovic a Kelly Rodrigues. Och d'Optioun Musek, ënner der Leedung vum Här Maurizio Di Stasi a mat der Ënnerstëtzung vum Här Eric Antoine, huet un dësem flotten Ausfluch deelgeholl.

Bei beschtem Summerwieder konnten d'Schülerinnen a Schüler zesumme vill flott Erfarunge sammelen, den Zesummenhalt stäerken an d'Enn vum Schouljoer an enger entspaanter a frëndlecher Atmosphär genéissen.

Mir si frou a dankbar, d'Joer mat esou engem gelongenen an onvergiesslechen Dag ofgeschloss ze hunn.

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Am drëtten Trimester huet d’4GPS an hirem Lëtzebu...
24/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Am drëtten Trimester huet d’4GPS an hirem Lëtzebuergeschcours un engem Podcast mam Titel „Erziel mir deng Geschicht“ geschafft.

An dem Kontext war d‘Klass zweemol op Besuch am HIPPA zu Mamer, wou d‘Schüler d‘Geleeënheet haten a klenge Gruppe mat 6 Bewunner aus dem Altersheem ze schwätzen a vun hinnen hier ganz perséinlech Geschicht erzielt ze kréien. Vu perséinleche Liewensweeër, iwwert d‘Schaffen an de Minnen, grousse Sportlerkarriäre bis hin zu beweegenden Krichserfarungen, war wierklech alles dobäi.
Am Uschloss hunn d‘Schüler déi vill Erzielungen an engem Podcast verschafft an och hier perséinlech Andréck a Gedanken zu dem, wat si gezielt kruten, mat erabruecht. Mir soen deene 6 Bewunner an och der Ekipp vum HIPPA Mamer villmools Merci, dat mir duerfte bei si kommen an e ganz spezielle Merci dofir, dat si eis esou déif an hiert Liewen erakucke gelooss hunn.

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…Den Ofschloss vum Schouljoer hätt net besser kënn...
20/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

Den Ofschloss vum Schouljoer hätt net besser kënne sinn! ☀️Den zweetleschte Schouldag waren d'Klassen 2e C, B, COMED an URBS op engem flotten Ausfluch an der Base Nautique zu Lëltz.
Dat supert Wieder huet fir déi perfekt Stëmmung gesuergt. 😎
Um Programm stounge Sit-on-Top-Kajak a Stand-Up-Paddle. Nodeems d'Gläichgewiicht getest gouf, waren d'Schüler an d'Proffen um Enn awer méi dacks am Waasser wéi geplangt (ob fräiwëlleg oder net) ! 🏄‍♂️💦

E grousse Merci u jidderee fir dat flott Schouljoer. Genéisst är verdéngte Vakanz! 🏖️

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…End-of-school-year Ausfluch an den Escape Game – ...
17/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

End-of-school-year Ausfluch an den Escape Game – 7G1 & 7G4

Den 8. Juli 2026 hunn d'Klassen 7G1 an 7G4 d'Enn vum Schouljoer 2025/2026 mat engem gemeinsamen Ausfluch an den Escape Game zu Gaasperech gefeiert.

Nieft dem gemeinsame Spaass stoungen och Teamgeescht, Kommunikatioun an Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt. D'Schülerinnen a Schüler konnten a klenge Gruppen hir Problemléisungskompetenzen, Kreativitéit an hiert logescht Denken ënner Beweis stellen an zesummen Erausfuerderunge meeschteren.

Begleet goufen d'Klassen vun hire Régenten, Madamm Debbie Stranen a Madamm Cheryl Espen, der Proff fir Sciences naturelles Madamm Kelly Rodrigues, souwéi den Tutricen Madamm Emelie Trindade a Madamm Kelly Muno.

E flotte gemeinsame Moment, fir e gelongent Schouljoer op eng positiv an onvergiesslech Aart ofzeschléissen.

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…D’2e GIG an d’2e G3S haten vum 1. bis den 3. Juli...
13/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

D’2e GIG an d’2e G3S haten vum 1. bis den 3. Juli d’Méiglechkeet, am Kader vun hirer spezifescher Ausbildung dräi spannend Deeg zu Paräis ze verbréngen. Am Fokus stoungen dobäi virun allem technesch an naturwëssenschaftlech Themen. E ganzen Dag hu mir an der Cité des Sciences verbruecht, wou d’Schülerinnen an d’Schüler bei villen interaktiven Experimenter matgemaach, d’Welt vun der Robotik entdeckt an eng faszinéierend Virstellung am Planetarium erlieft hunn.

Nieft dem fachleche Programm ass och d’Kultur net ze kuerz komm. Mir hunn ënner anerem d’Notre-Dame bewonnert, sinn op den Eiffeltuerm geklommen an hu Paräis souwuel bei Dag wéi och bei Nuecht vu senger schéinster Säit entdeckt. Bei engem Spadséiergang laanscht d’Seine konnte mir déi impressionant Gebaier an déi eenzegaarteg Atmosphär vun der franséischer Haaptstad genéissen. Och déi kulinaresch Säit vu Paräis ass net ze kuerz komm an huet de flotte Programm perfekt ofgerënnt.

Et war eng gelongen an onvergiesslech Rees, déi eis nach laang a gudder Erënnerung wäert bleiwen.

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

☀️ Summer am LJBMEis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…En Ausfluch op Freiburg an an den Europapark🎓🚌 Zu...
10/08/2026

☀️ Summer am LJBM
Eis Summerserie geet weider! Haut kucke mir zeréck op…

En Ausfluch op Freiburg an an den Europapark

🎓🚌 Zum Ofschloss vum Schouljoer sinn d’Klassen 2e BC an 3e BC, begleet vun hiren Enseignanten, op Freiburg an an den Europa-Park gereest.

Um Programm stoung eng Visitt vun der wonnerschéiner Stad Freiburg, wou d’Schülerinnen a Schüler déi charmant Alstad an hir besonnesch Atmosphär entdecke konnten. 🏛️☀️

Fir no engem intensiven a villfältege Schouljoer nach eemol gemeinsam ofzeschalten, goung et duerno fir een Dag voller Spaass, Spannung a gudder Laun an den Europa-Park. 🎢🎠

Eng flott Rees mat ville schéinen Erënnerunge fir d’Schouljoer zesummen ofzeschléissen! ✨

Zweemol d’Woch, ëmmer mëttes, entdecke mir zesummen en anere flotte Moment aus dem vergaangene Schouljoer.

Adresse

Mamer

Téléphone

+3522631401

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type