01/05/2026
Eis Gewënner sti fest! 🥳
Et wor op alle Fall eng spannend Finall, wou sech alles rondrëm Zockeren gedréint huet an eis Kandidaten hir analytesch Fähegkeeten konnten ënner Beweis stellen, qualitativ wéi och quantitativ. 🧪
Ween vun deenen 11 Finalisten, déi t'lescht Woch fir eis lescht, praktesch Epreuve ugetruede sinn, Lëtzebuerg schlussendlech an Uzbekistan wäert vertrieden, gitt Dir awer eréischt op eiser Präisiwwerreechung de 6. Mee gewuer! 😉
29/03/2026
De leschte Samschdeg hate mir eisen Training Day mat den 12 Finalisten vun der Lëtzebuerger Chimiesolympiad – an dat an de fuschneie Laboe vun der Universitéit Lëtzebuerg um Belval! 🧪✨
D’Stëmmung war super, motivéiert a ganz sympathesch: 12 Schülerinnen a Schüler aus 8 verschiddene Schoulen, all bereet, sech d’Hänn e bëssen “chemesch dreckeg” ze maachen. Um Programm stoung ënner anerem de Calciumgehalt vu Mëllech mat EDTA ze titréieren, Aspirin ze synthetiséieren an duerno seng Rengheet mat enger TLC ze kontrolléieren. An no engem gemittlechen Mëttegiessen zesummen ass et mëttes mat méi fortgeschrattener organescher Chimie weidergaangen.
E grousse Merci un eis motivéiert Kandidaten fir hiren Asaz an hir gutt Laun! Mir wënschen iech all vill Gléck fir eis Finalsexamen de 25. Abrëll! 🍀
05/03/2026
Dëse Mëttwoch si 44 vu 50 invitéierte Kandidaten am LGL fir d'Halleffinall vun der Chimiesolympiad ugetrueden an hu sech mat 4 knifflege Froen auserneen gesat. D'Froen (an och d'Äntwerten) kënnt Dir Iech ab elo op eisem Site ukucken: https://chimie.olympiades.lu/edition-2026/
Hei drënner fannt Dir dann och d'Nimm vun deenen 12 Kandidaten, déi sech fir d'Finall vun der 8ter Lëtzebuerger Chimiesolympiad qualifizéierrt hunn!
Dës 12 Finalisten sinn invitéiert, fir samschdes, den 28. Mäerz un engem Formatiounsdag op der Uni Lëtzebuerg (Belval) deelzehuelen, wou si op d'Finall an zum Deel och schonn op d'IChO virbereet ginn!
De 25. Abrëll fënnt d'Finall dann an deene sellwechte Laboen vun der Uni Lëtzebuerg statt an do wäert sech dann decidéieren, wéi eng 4 Kandidaten eis Land am Juli zu Tachkent, Uzbekistan, bei där 58ter IChO wäerte vertrieden!
Do d'Notten vun der Halleffinall och fir de Generalklassement zielen, ginn déi genee Resultater eréischt no der Proklamatioun vun de Gewënner op der Präisiwwerreechung de 6. Mee publizéiert. D'Nimm sinn dowéinst an alphabetescher Reiefolleg affichéiert, an net de Punkten no!
29/01/2026
Dee leschte Freiden hunn 268 Schüler aus 24 verschiddene Lycéeën un der Qualifikatiounsronn vun der 8ter Lëtzerbuerger Chimiesolympiad deelgeholl. Mir felicitéieren hei deene 50 beschten, déi sech mat hirem Resultat fir d'Halleffinale qualifizéiert hunn! Den detailléierte Ranking vun all Schoul kënnt dir bei ären Chimie's Enseignante gewuer ginn.
D'Halleffinale wäert mëttwochs, de 4. Mäerz um 14h30 am Stater Jongelycée stattfannen!
A wien Loscht huet, sech d'Froen vun eiser éischter Ronn nach eng Kéier a Rou unzekucken, kann dat gären hei maachen: https://oasys.olympiades.lu/oasys/?login=Quali2026&password=demo
17/11/2025
Et geet nees lass! 🥳
Fir déi mëttlerweil aachte Kéier organiséiere mir dës Joer d'Lëtzebuerger Chimiesolympiad. An opwuel et nach 8 Méint sinn bis dohinner, stelle mir eis elo schonn eng grouss Fro: ween wäert dës Joer da mat eis op Tashkent an Uzbekistan fueren, fir eis Land do op der International Chemistry Olympiad - IChO ze vertrieden? 🤔
Wann's DU dech dësem Challenge wëlls stellen, da mell dech ab elo a bis spéidstens den 9. Januar op eisem Site un: https://chimie.olympiades.lu/
15/07/2025
🥉 BRONZE an eng 'Honorable Mention' fir Lëtzebuerg!!! 🇱🇺
Mat méi Medailen am Gepäck wéi jeemools virdrun, ass eis lëtzebuergesch Delegatioun gëschter voll Stolz vun der internationaler Chimiesolympiad 2025 zu Dubai zréck op Lëtzebuerg komm!
An 10 intense, mee onvergiesslechen Deeg hu mir net nëmme vill vun Dubai an Abu Dhabi gesinn, mee och nei Frëndschafte geschloss an eisem Wëssen an der Chimie nei Grenzen gesat.
E riesen Bravo un d’ganzt Team fir hir super Leeschtung 🎉! Elo ass et Zäit fir eng gutt verdéngt Vakanz 😎, ier mir am Hierscht erëm voll Motivatioun Richtung IChO 2026 am Uzbekistan starten.