30/06/2021
Léif Primaner,
Een langt an ustrengend Joer ass elo endlech/leider eriwwer. Mir haten keen Joer wéi déi aner: keng Fräibéier ’en an aner flott Eventer. Schlussendlech kënnen mir awer nach eng kleng Promm organiséieren!
Dës fënnt den 10. Juli no eiser Diplomiwwerreechung an der Porta Nova um 19 Auer statt. Duerch puer kleng Aktiounen kënnen mir den Präis fir all Primaner (dat heescht och déi nächst Joer erëm d’ Examen schreiwen) op 65€ drécken. Zousätzlech dierfen 50 Primaner nach een Partner matbréngen (first come first served). Deen muss awer 80€ bezuelen. Ofgesinn dovun, dierf dir eis gären soen wéi eng Proffen dir am léifsten fir ären Ofschloss dobäi hätt. Dat musst dir awer bis den 3. Juli gemaach hunn, sief et iwwert Facebook, Instagram oder EMail.
Am Präis ass den Menü den dir och op der nächster Säit fannt wéi och dat ganzt Gedrénks wat nom Menü opgelëscht ass. Zousätzlech hunn mir deen Owend een Fotograf deen vun Ufank un Fotoen mécht. Mir däerfen bis 3 Auer bleiwen. Wann dir virdrunner nach duuschtreg sidd an keen B**g méi hutt, dann musst dir aus ärer Täsch bezuelen.
Méi spéit den Owend geet eng Danzpist op. Den Dresscode ass am Idealfall esou wie op der Diplomiwwerreechung, soss eben “extra chique” an d’ Behuelen d ’selwecht. Wéinst dem Covid-19 muss awer jiddereen een gréngen Covidcheck (Geimpft, Geheelt, zertifizéiert Getest) hunn fir den Owend eran ze kommen. Testen op der Platz ass net méiglech. Ween de grénge Covidcheck net huet kënnt net eran. Dofir däerfe mir ouni Mask ronderëm lafen!
Well mir limitéiert Platzen hunn an awer jiddereen glécklech setzen soll, froe mer iech bei der Umeldung ëmmer ze schreiwen mat wéi engem Partner dir den Owend um Dësch setzen wëllt. Zousätzlech kënnt dir dann uginn mat wéi engen Zweeërgruppen dir dann wëllt zesummen setzen. Mir probéieren dat esou gutt et geet ze erfëllen.
Dir musst iech bis spéitstens den 6. Juli umellen an d’ Suen iwwerwisen hunn (LU25 0019 5955 0209 6000 oder Digicash un den +352 661 727 570). Beim bezuelen ass et wichteg ären Numm an am beschten är Klass unzeginn. Zousätzlech muss dir eis eng Email ([email protected]) schreiwen mat ärem Numm, dem Partner sengem an dem *Zuelencode fir äert Iessen.
Fir weider Froen, zeckt net eis ze schreiwen,
Hoffentlech bis geschwënn!