12/02/2026
Léif Memberen, léif Frëndinnen a Frënn vum LST,
Zum Schluss vum leschte Joer hu mir e solidaresche Kalenner erstallt a verkaaft, mam Zil Suen ze sammelen an un eng Associatioun ze spenden. Mir wëllen dofir jidderengem, deen zu dësem Projet bäigedroen huet an deems en een oder méi Kalennere kaaft huet, nach eemol e ganz grousse Merci soen!😁
Mir hunn am Ganzen 351 € erléisst, déi mir integral un d’Associatioun Stëmm vun der Strooss a.s.b.l. gespent hunn. D’Stëmm vun der Strooss hëlleft ënner anerem Mënschen an Noutsituatiounen. Méi genee Informatiounen iwwer hir Aktivitéite fannt dir ënner www.stemm.lu
Dank ärer Ënnerstëtzung konnte mir dëser Associatioun hëllefen ze hëllefen. 🤝🏻
Villmools Merci! 🦁