Natur • Beweegung • Entwécklung

Natur • Beweegung • Entwécklung Méi Informatiounen zu eiser Offer am Natur- a Beweegungsberäich fannt Dir op eiser Websäit. www.nbe.lu
(454)

Heiansdo muss een e Schrëtt zeréck maachen, fir zesummen no vir ze goen. 🌿Eng Equipe verännert sech: Leit kommen dobäi, ...
10/09/2026

Heiansdo muss een e Schrëtt zeréck maachen, fir zesummen no vir ze goen. 🌿

Eng Equipe verännert sech: Leit kommen dobäi, anerer ginn, Rollen änneren – an heiansdo ännert sech esouguer d’Aarbechtsplaz.

Bei engem rezenten Teamprozess hu mir dofir bei de Basis ugefaangen:

🏠 Wien si mir als Equipe?
💬 Wat ass eis wichteg?
🌱 Wat wëlle mir zesumme wuesse loossen?

Als Ofschloss huet d’Equipe hiert eegent „Teamhaus“ opgebaut. All Objet stoung fir eppes, wat si fir eng gutt Zesummenaarbecht brauchen.

An déi lescht Fro:
Wat huet an eisem neien Teamhaus keng Plaz méi?

Well en Neistart net automatesch geschitt.
Heiansdo muss een en zesumme gestalten. 🤝

A firwat kann een LEGO® Serious Play® eigentlech benotzen? 🧩Méi wéi dir vläicht denkt!LEGO® Serious Play® ass besonnesch...
08/09/2026

A firwat kann een LEGO® Serious Play® eigentlech benotzen? 🧩

Méi wéi dir vläicht denkt!

LEGO® Serious Play® ass besonnesch interessant, wann eng Equipe eng echt Fro huet an ënnerschiddlech Perspektive siichtbar maache wëll.

Zum Beispill fir:

🧩 Stäerkten a Wäerter entdecken
🤝 Zesummenaarbecht a Kommunikatioun verbesseren
🧭 Strategien a Visiounen entwéckelen
💡 Nei Iddien a Léisunge fannen
🎯 Gemeinsam Missiounen a Wäerter definéieren

Amplaz nëmmen driwwer ze schwätzen, gëtt gebaut. Iddie gi siichtbar, Perspektive gi gedeelt an nei Verbindunge kënnen entstoen.

Well heiansdo brauch et eppes anescht wéi e klassescht Gespréich, fir eng Equipe wierklech weiderzebréngen. 🌿

👉 www.nbe.lu

Zesumme spillen, zesumme wuessen! 🌲Mat "Soziale Kompetenzen spielend fördern" stäerkt Dir op eng spilleresch Manéier déi...
07/09/2026

Zesumme spillen, zesumme wuessen! 🌲

Mat "Soziale Kompetenzen spielend fördern" stäerkt Dir op eng spilleresch Manéier déi sozial Kompetenze vun Ärer Grupp. 🤝

Kommunikatioun, Vertrauen an Zesummenaarbecht ginn net nëmmen thematiséiert, mee direkt an der Praxis erlieft.

📅 09.10.2026
🕘 09h00 – 17h00
📍 Parc Housen

🎯 Eng praktesch Formatioun fir all déi, déi mat Kanner schaffen a kooperativ Aktivitéiten an hiren Alldag integréiere wëllen.

👉 Interesséiert? Registréiert Iech iwwer d'Formatiounsplattform.
🔗https://plattform.public.lu/fr/formations-standard/12000/12000/12051/session-14261.html

👣 Buerféiss lafen. 👃 Gerécher erroden. ✋ Geheimnisser ertaaschten.Den 12. September fannt Dir eis bei den Nordstad Ëmwel...
04/09/2026

👣 Buerféiss lafen. 👃 Gerécher erroden. ✋ Geheimnisser ertaaschten.

Den 12. September fannt Dir eis bei den Nordstad Ëmweltdeeg – Ettelbrécker Ëmweltfoire an der Däichhal zu Ettelbréck! 🌿

Op eisem Stand waart e klengen „Atelier sensoriel“ fir Kleng a Grouss op Iech. ✨

👣 E Buerféiss-Parcours
✋ Mysteriéis Këschten
👃 Spannend Gerécher
🌱 An nach vill méi ze entdecken!

Kommt laanscht, loosst Iech iwwerraschen an entdeckt d’Natur mat alle Sënner. 💚

📅 12. September 2026
📍 Däichhal, Ettelbréck

Mir freeën eis op Iech! 🌿👣

A wat wann äre nächsten Teamdag mat LEGO® ufänkt? 🧱🌿Net als Spillerei, mee als Method, fir erauszefannen, wat äert Team ...
03/09/2026

A wat wann äre nächsten Teamdag mat LEGO® ufänkt? 🧱🌿

Net als Spillerei, mee als Method, fir erauszefannen, wat äert Team wierklech denkt, fillt a brauch.

Mat LEGO® Serious Play® baut jidderee seng Iddien a Modeller a setzt sech aktiv mat komplexe Froen auserneen. Keen bleift passiv, all Stëmm zielt.

Ob Strategie, Kommunikatioun oder eng gemeinsam Visioun: D’Method hëlleft Equipe, nei Perspektiven ze entdecken an zesummen no vir ze goen.

Bei NBE begleet eis zertifizéiert Facilitatrice dës Workshops als hallwen oder ganzen Dag, ugepasst un äre Kontext. Fir Entreprisen an Educatiounsteams. 🌿

👉 www.nbe.lu

02/09/2026

Zesumme spillen, zesumme wuessen! 🌲

Mat kooperativen Abenteuerspiller stäerkt Dir op eng spilleresch Manéier déi sozial Kompetenze vun Ärer Grupp. 🤝

Kommunikatioun, Vertrauen an Zesummenaarbecht ginn net nëmmen thematiséiert, mee direkt an der Praxis erlieft.

📅 09.10.2026
🕘 09h00 – 17h00
📍 Parc Housen

🎯 Eng praktesch Formatioun fir all déi, déi mat Kanner schaffen a kooperativ Aktivitéiten an hiren Alldag integréiere wëllen.

👉 Interesséiert? Registréiert Iech iwwer d'Formatiounsplattform.
🔗https://plattform.public.lu/fr/formations-standard/12000/12000/12051/session-14261.html

Bougez, jouez, respirez la forêt ! 🌲La formation "Jeux de mouvement dans la forêt" vous propose des activités concrètes ...
31/08/2026

Bougez, jouez, respirez la forêt ! 🌲

La formation "Jeux de mouvement dans la forêt" vous propose des activités concrètes pour intégrer le mouvement dans votre pratique pédagogique en pleine nature. Des jeux simples et reproductibles, pensés pour être directement transposés avec votre groupe d'enfants.

📅 07.10.2026
🕘 09h00 - 17h00
📍 Centre écologique et touristique Parc Housen

Intéressé(e) ? Inscrivez-vous via la Plateforme des Formations !
🔗https://plattform.public.lu/fr/formations-standard/0/800/812/session-3703.html

30/08/2026

🪵 Mir hu rëm een interessante Bëschgedanken fir Iech. Lauschtert mol eran🎙 an net vergiessen ze kommentéiren. 👇

De Bësch als Sproochraum entdecken! 🌳Mat der Formatioun "Sprachförderung im Wald" léiert Dir, wéi den Openthalt an der N...
25/08/2026

De Bësch als Sproochraum entdecken! 🌳

Mat der Formatioun "Sprachförderung im Wald" léiert Dir, wéi den Openthalt an der Natur d'Kanner ureegt sech auszedrécken an nozelauschteren. Iwwer Bewegung, Sënneserfahrungen a gemeinsamen Entdecke gëtt de Wuertschatz spilleresch erweidert, och am Ëmgang mat méisproochege Kanner.

📅 30.09.2026
🕘 09h00 - 17h00
📍 Centre écologique et touristique Parc Housen

Interesséiert? Registréiert Iech iwwer d'Plattform vun de Formatiounen!
Link: https://plattform.public.lu/fr/formations-standard/0/900/908/session-3702.html

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 18:00
Mardi 09:00 - 18:00
Mercredi 09:00 - 18:00
Jeudi 09:00 - 18:00
Vendredi 09:00 - 18:00

Téléphone

+352691120450

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Natur • Beweegung • Entwécklung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager