25/11/2025
MERCI ... 💖
Am Numm vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch an de Guiden a Scouten Miersch- Grupp St Michel an der Gemeng Miersch wollte mer all dene Leit Merci soen, déi eise neie Commemoratiounsfilm „Lager 103 - De Feind am Duerf (Deel 1)“ de leschte Sonndeg an de Mierscher Theater kucke komm sinn. Mir waren iwwerwältegt vun Ärer Präsenz.
An eisem Fotoreportage, zesummegestallt vum Oli Frisch, fannt der ee klenge Réckbleck op all déi Performancen vum leschte Sonndeg.
Opgronnt vun der grousser Nofro wou een de Film demnächst a Kinosambiance ka kucken, deele mer Iech mat dat déi nächst Kinos-Séance de 7. Dezember um 17h00 an um 18h00 vum LAGER 103 zu Koler am Kinoler gewise gëtt.
Merci fir Är Ënnerstëtzung a bis ganz geschwënn.
D'Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch.