03/10/2024
Mam schlaue Fuuss Lëtzebuerg (besser) kenneléieren
Wou war d’Gëlle Fra am 2. Weltkrich verstoppt? Wat huet Lëtzebuerg als éischt Land op der Welt agefouert? A wéi engem Joer krut Lëtzebuerg seng éischt UNESCO-Unerkennung? Dat si just dräi vu méi ewéi 500 Froen ronderëm d’Lëtzebuerger Land aus dem Online-Spill Letz Guess. Häss du d’Äntwert op d’Froe gewousst?
Letz Guess ass vu sechs Premièresschülerinnen a -schüler aus dem LAM - Lycée des Arts et Métiers gegrënnt ginn, dat am Kader vum Concours vun de Mini-Entreprisen, dee vun der ASBL Jonk Entrepreneuren Luxembourg organiséiert gëtt. Beim Concours konnte si de Jury iwwerzeegen an hunn et op déi iewescht Träppche vum Podest gepackt. Op internationalem Niveau (JA Europe) sinn déi sechs Kolleegen op déi excellent 3. Plaz komm, eng Première fir eng Lëtzebuerger Mini-Entreprise.
Du wëlls méi iwwer dat Spill gewuer ginn?
Da lies eisen Artikel op https://konterbont.app/letz-guess/
Foto: Jonk Entrepreneuren Luxembourg © Pierre Levy / www.levygraphie.lu