Lycée classique d'Echternach

Lycée classique d'Echternach Le profil officiel du LCE
Lycée classique et général du Luxembourg
Ouverture - Encadrement - Effort
📍Echternach - dès 1841

01/09/2026

🇱🇺 Hues du Froen iwwer d’Rentrée? Datumer, Transport, Schoulvakanzen … 🏫📖
👉 Du fënns all d’Äntwerten hei: https://edulink.lu/a0ug
🇫🇷 Des questions concernant la rentrée ? Dates, transport scolaire, vacances scolaires… 🏫📖
👉 Tu trouveras toutes les réponses ici : https://edulink.lu/a0ug
🇬🇧 Questions about the start of the school year? Dates, transport, holidays… 🏫📖
👉 You’ll find all the answers here: https://edulink.lu/a0ug

01/09/2026

🇱🇺 Et sinn nach e puer Woche bis d’Rentrée, mee op www.mybooks.lu kanns de elo schonn deng gratis Schoulbicher fir de Lycée auswielen. 📚

🇫🇷 Il reste encore quelques semaines avant la rentrée, mais tu peux déjà choisir tes manuels scolaires gratuits pour le lycée sur www.mybooks.lu. 📚

🇬🇧 The new school year is still a few weeks away, but you can already choose your free secondary school textbooks at www.mybooks.lu.📚

Mérite JeunesseFir d’Misha Schmitz an de Felix Turk huet d’Summervakanz direkt mat  enger sportlecher Erausfuerderung ug...
20/07/2026

Mérite Jeunesse

Fir d’Misha Schmitz an de Felix Turk huet d’Summervakanz direkt mat enger sportlecher Erausfuerderung ugefaangen: Véier Deeg laang si si als Ekipp vu 7 Schüler*inne mam grousse Rucksak duerch dat schéint Éislek gewandert. Bei héijen Temperature steet ee besser fréi op. Sou konnten si dann den Nomëtten nach an der Piscine um Camping Beefort genéissen. En anere Camping hat als Highlight, dass déi Jonk mat bis dohi frieme Leit eng grouss Partie „Loup-garou“ gespillt hunn.

Dës Mérite Jeunesse Expeditioun um Niveau Gold gouf vum Lycée
Technique du Centre organiséiert. E besonnesche Merci geet duerfir un
d’Larissa Bastian an déi aner 3 Tuteure vum LTC.
Carmen Schares

🇪🇺 MEP 2026 🇪🇺Och dëst Joer erëm, huet eng Delegatioun vu Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée classique d'Echternach un...
20/07/2026

🇪🇺 MEP 2026 🇪🇺
Och dëst Joer erëm, huet eng Delegatioun vu Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée classique d'Echternach un den MEP - Model European Parliament - deel geholl. Dëst ass eng eemoleg Erfarung.
"Et schafft een all Etappe vun enger Resolutioun an engem Committee duerch, vun der Opstellung vu komplizéierte Probleemer, d'Entwécklung vun eiser Resolutioun op déi Probleemer bis op d'Virstellen an d'Verteidege vun eiser Resolutioun am Plenum vum groussen Europaparlament virun den aneren Delegatiounen. Déi dräi Deeg schloen eng Paus an den normale Schoulalldag a bidden eng Erfarung déi e groussen Afloss op déi spéider Decisioune vun engem Schüler kënnen hunn", seet de Marc Bodé (3CC).
E grousse Merci un all d'Organisateuren fir dës flott Geleeënheet. 👏👏

E-Lake FestivalOch an dësem Schouljoer hunn d'Schüler vun der 3e „Optioun Graffiti“ grouss PVC-Bannere mat originelle Mo...
16/07/2026

E-Lake Festival
Och an dësem Schouljoer hunn d'Schüler vun der 3e „Optioun Graffiti“ grouss PVC-Bannere mat originelle Motiver fir den E-Lake Festival zu Iechternach entworf. ✨
Inspiréiert vun der roueger Landschaft ronderëm de Séi 🌿🌅 hu si hir Kreativitéit fräi lafe gelooss an d'Natur a faarweg, kënschtleresch Zeenen ëmgewandelt, déi déi lieweg Festival-Atmosphär mat Musek, Energie a gudder Stëmmung afänken. 🎶🎉🎨

A la découverte de StrasbourgLe 8 juillet, les élèves de 5C2 sont partis à la découverte de Strasbourg. Au fil de leur p...
12/07/2026

A la découverte de Strasbourg

Le 8 juillet, les élèves de 5C2 sont partis à la découverte de Strasbourg. Au fil de leur promenade dans le centre historique et le quartier pittoresque de la Petite France, ils ont présenté de courts exposés consacrés au patrimoine historique, culturel et gastronomique de la ville. La journée s’est poursuivie par la visite du palais universitaire et du jardin botanique, riche en découvertes.

🚑👏 Diplomiwwerreechung vum Éischt-Hëllefs-Cours Am Kader vun der Optioun Éischt Hëllef an engem zousätzleche Cours mam H...
12/07/2026

🚑👏 Diplomiwwerreechung vum Éischt-Hëllefs-Cours

Am Kader vun der Optioun Éischt Hëllef an engem zousätzleche Cours mam Här Christophe Audenaerde haten eis Schüler d’Chance, wäertvoll Kenntnisser a praktesch Fäegkeeten ze sammelen, fir an Noutsituatioune séier a richteg ze handelen.

Mat ville prakteschen Übungen hunn si hiert Wësse verdéift, verschidde Situatioune geüübt a sech optimal op den Eeschtfall virbereet. 🩹🫶

Als Belounung fir hiren Asaz konnten 22 Schüler um Enn hire wuelverdéngten Diplom aus den Hänn vum Här Robert Droulans entgéinthuelen.

✨ Mir gratuléieren allen häerzlech zu dësem flotte Succès a soen de Formateuren e grousse Merci fir hiren Engagement! 👏😊

🏃‍♀️🏃‍♂️ Sponsored Run – Scheckiwwerreechung 💙De Sponsored Run vum LCE ënnerstëtzt schonn zënter Jore mat vill Engagemen...
11/07/2026

🏃‍♀️🏃‍♂️ Sponsored Run – Scheckiwwerreechung 💙

De Sponsored Run vum LCE ënnerstëtzt schonn zënter Jore mat vill Engagement Projete vun der UNICEF. 🌍💛

Mir si besonnesch houfreg, datt mir dëst Joer um Schoulfest e Scheck am Wäert vun 19.581 € un d'UNICEF konnten iwwerreechen. 🎉💶

D’Mme Wohlfart, Mataarbechterin bei der UNICEF, huet den aussergewéinlechen Asaz an déi grouss Solidaritéit vun eiser ganzer Schoulgemeinschaft gelueft. 👏🤝

Besonnesch beréiert huet eis hir Ausso, datt dëse Montant et erméiglecht, 450 ënnerernierte Kanner am Sudan eng liewensrettend Therapie ze finanzéieren. ❤️🌍 All gelafene Kilometer an all Ënnerstëtzung hunn dozou bäigedroen, Liewen ze retten. 🏅✨

E grousse Merci un all Leeferinnen a Leefer, Sponsoren an all helping hand! 💙🙌

🎉 EXIT 2026 – E flotte Schluss fir e gelongent Schouljoer! ☀️🎓Mat eisem Schoulfest hu mir d'Schouljoer op eng richteg fl...
11/07/2026

🎉 EXIT 2026 – E flotte Schluss fir e gelongent Schouljoer! ☀️🎓

Mat eisem Schoulfest hu mir d'Schouljoer op eng richteg flott Aart a Weis ofgeschloss! 🥳

Wärend déi iewescht Klasse mat hirem Regent eng flott Aktivitéit erlieft hunn, konnten déi ënnescht Klasse sech aus ville Workshops een eraussichen:
🎨 Kreativitéit an de Konschtatelieren
🚣‍♀️ Ënnerwee mam Kayak
🚵‍♂️ Op Tour mam Mountainbike
⚽ Vollen Asaz um Fussballsterrain
🏹 Déi éischt Schrëtt am Bouschéissen
🌿 Kraider planzen a Gaardenaarbecht entdecken
🎲 Spaass mat ville Spiller
💃 Rhythmus a Beweegung beim Jazzdanz an der Echternacher Musikschoul

Et war e ganzen Dag voller Beweegung, Kreativitéit, Teamgeescht a virun allem vill Spaass! 💙✨

🙏 E grousse MERCI un all d'Schülerinnen a Schüler an d'Enseignanten, déi mat vill Engagement en Atelier ugebueden hunn. E besonnesche Merci geet och un d'Membere vum Schülercomité, déi dem Tanja Wagener an dem Laurent Weber bei der Organisatioun vum Schoulfest tatkräfteg zur Säit stoungen. 👏

💙 Mir wënschen eng schéi Summervakanz a freeën eis schonn op dat nächst Schouljoer! 🌞🍦

D’Latiniste vu 6e, 4e an 2e waren zu Tréier 🏛️🇩🇪De 7. Juli 2026 waren d’Latiniste vu 6e, 4e an 2e, zesumme mat der Madam...
11/07/2026

D’Latiniste vu 6e, 4e an 2e waren zu Tréier 🏛️🇩🇪

De 7. Juli 2026 waren d’Latiniste vu 6e, 4e an 2e, zesumme mat der Madamm Breuer, der Madamm Kill an dem Här Recht, fir ee flotten Ausfluch op Tréier. 🚌✨
Um Programm stoung ee Rondgang duerch d’Stad, bei deem d’Schüler op 6 verschiddene Statiounen ee VR-Brëll 🥽 opgesat hunn. Si konnten esou eng spannend Rees zeréck an d’Zäit maachen an dat antikt Tréier vu virun ongeféier 2.000 Joer – deemools Augusta Treverorum – erliewen. ⏳🏛️

Den Trevererer Code-Rondgang verbënnt 📜 Geschicht, 🏺 Kultur an 💻 digital Technologie op eng lieweg a spannend Aart a Weis. Hien huet de Schüler d’Méiglechkeet ginn, dat réimescht Tréier op eng ganz nei Manéier ze entdecken. 🤩

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Lycée classique d'Echternach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type