schreiwen.lu

schreiwen.lu

Partager

www.schreiwen.lu schreiwen.lu: D'Orthographie-Campagne vum Educatiounsministère. Och kommerziell Inhalter ginn direkt geläscht.

Dëse Site gëtt geréiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) a soll d'Bierger iwwer d'Lëtzebuerger Orthographie informéieren. De MENJE garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De MENJE kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Ministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun In

05/06/2019
Photos 10/05/2017

“Gewosst wéi!” – Déi nei Brochure vum Educatiounsministère, an där verschidde Reegele vun der Lëtzebuerger Schreifweis a 14 flott opgemaachte Kapitelen erkläert ginn, ka vun elo u gratis op www.schreiwen.lu bestallt ginn.

Schreiwen > Accueil 15/03/2017

Gewosst wéi!

Den Educatiounsministère huet am Januar 2017 eng Ëffentlechkeetscampagne lancéiert iwwert d’Lëtzebuerger Orthographie. Mat bekannten traditionellen a modernen Zitater aus dem Lëtzebuerger Patrimoine culturel (Literatur, Musek a Film) sinn déi Haaptreegelen exemplaresch erkläert ginn.

D’Mediecampagne, mat Affichen a kuerze Videoen, ass grad op en Enn gaang.

Den Internetsite www.schreiwen.lu, als zentraalt Element vun der Campagne, huet scho 55 000 Visiteure kritt. De Site bleift natierlech aktiv a bitt och vum 13. Mäerz un eng Brochure mam Léierwierk vun de fofzéng Haaptreegelen, fir alles op ee Bléck ze hunn.

D’Brochure ka gratis erofgeluede ginn a gëtt och an den nächste Wochen als Printversioun op e sëlleche Plazen am Land verdeelt (Schoul, Bibliothéiken, Gemengen, Jugendhaiser, …)

Hei fannt dir d'Brochure:
https://portal.education.lu/schreiwen

Schreiwen > Accueil

DIALEKTER_MENJE 17/02/2017

Haut gëtt et schonn de leschte Video vun eiser Orthographie-Campagne.
Nodeems déi lescht Wochen ëmmer Reegelen zu spezifesche Schreifweise virgestallt goufen, gëtt haut op d'Varianten am Lëtzebuergeschen higewisen.

D'orthographesch Reegele riichte sech no engem definéierte Standard, wat awer net heescht, datt jiddereen esou schwätzt a schreift resp. schwätzen a schreiwe soll.

A Lëtzebuerg gëtt et vill regional an dialektal Ausdréck a Sproochgewunnechten, déi a kengem (orthographeschen) Reegelwierk festgehale sinn.

Zum Ofschloss vun der Campagne wëlle mir mat engem Zitat vum "De Läb" dowéinst verdäitlechen, datt et net fir alles eng Reegel gëtt!

Falls dir awer méi Abléck an d'Reegele vun der Lëtzebuerger Orthographie wëllt kréien:

www.schreiwen.lu

Vill Spaass!

DIALEKTER_MENJE This is "DIALEKTER_MENJE" by SCRIPT on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.

FIISSCHEN_MENJE 14/02/2017

Mir sinn an der leschter Woch vun eiser Campagne ukomm!

Nodeems mir leschte Freideg d'Thema vun den entléinte franséische Wierder an d'Lëtzebuergescht behandelt hunn, sou geet et am Video vun haut ëm déi däitsch Schreiwungen (am Lëtzebuergesche gëtt iwwregens keen benotzt).

Gouf d'Reegel e Freideg mat Hëllef vun engem moderne Lidd vun den "Dëppegéisser" beschriwwen, sou ass et haut e ganz bekannt Zitat vum "Dicks", dat d'Schreiwe vum am Lëtzebuergeschen exemplaresch erkläert. Aus: "De Wëllefchen an de Fiisschen"

Zu der Reegel:

Déi däitsch , , an ginn am Lëtzebuergeschen en :
Beispiller: Weess, Uess, Fuuss, Fouss, Wuess (däitsch: Wachs), Taass, naass, Faass, Gaass (däitsch: Gasse), Mooss (däitsch: Maβ), fläisseg, wuessen, loossen.

Fir weider Informatiounen iwwert dës an aner Reegelen:
www.schreiwen.lu

Vill Spaass!

FIISSCHEN_MENJE This is "FIISSCHEN_MENJE" by SCRIPT on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.

FLIGER_MENJE 10/02/2017

FLIGER_MENJE This is "FLIGER_MENJE" by SCRIPT on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.

Photos 10/02/2017

Esou kuerz virum Weekend nach eng Reegel aus dem Lëtzebuergeschen, déi sech mat entléinte Wierder beschäftegt. An dësem Fall mat der Traditioun, fir franséisch Wierder an d'Lëtzebuergescht z'integréieren.

Déi franséisch Wierder sinn ënnerschiddlech gutt an d’Lëtzebuergescht integréiert.

Verschidde franséisch Wierder ginn onverännert iwwerholl, mee Substantive gi grouss geschriwwen:
Beispiller: Besoin, Bijou, Dictionnaire, Congé,

Aner franséisch Wierder kréien eng lëtzebuergesch Endung drugehaang:
Beispiller: Chamber, Coiffer, Combel,

Da ginn et franséisch Wierder, déi ganz agebiergert sinn:
Beispiller: Bëtong, Tëlee, Vëlo, Fritten, Jelli, Zooss, Zoossiss, Kaffi,

Dacks huet een d’Wiel:
Beispiller: Pompjee / Pompier, Keessjee / Caissier, schick / chic, Annexe / Annex

Méi iwwer dës an och aner Reegele gitt dir gewuer op:
www.schreiwen.lu

Haut op dësem Freide wäert och erëm ee vun eise Videoen online kommen. An dës Kéier mat enger Reegel, déi mat de franséische Wierder ze dinn huet.
Vill Spaass!

FUTTBALL_MENJE 07/02/2017

Nodeems mir iech leschte Freideg mat Hëllef vum Serge Tonnar d'Diphthonge méi no bruecht hunn, gëtt haut en anert Thema virgestallt. An eisem neie Video kritt dir eng kleng Hëllef, wéini am Lëtzebuergeschen den geschriwwe gëtt. Mir bleiwen an der Musekswelt, mä reese mat dem Colette a Fernand hirem "Futtballslidd" 50 Joer an d'Vergaangenheet.

Wéi ëmmer soll de Video d'Reegel kuerz virstellen an ureegen, fir méi dodriwwer gewuer ze ginn. Méi iwwert dës an all déi aner Reegele gitt dir gewuer op :

www.schreiwen.lu

Mir hoffen, datt eis Videoen an Affichen iech nach gefalen a wéi ëmmer kann de Video ganz gäre gedeelt ginn.
Vill Spaass!

FUTTBALL_MENJE This is "FUTTBALL_MENJE" by SCRIPT on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.

LËTZEBUERG_MENJE 03/02/2017

Hei eisen neieste Video, deen nach eng Kéier d'Phänomen vun de lëtzebuergeschen Diphthonge verdäitlecht. Dës Kéier exemplaresch illustréiert mat Hëllef vun engem Lidd vum Serge Tonnar.
An dësem Format ginn déi eenzel Diphthongen net nëmme virgestallt, mä dir gesitt och nach wéi se ausgeschwat ginn.

Vill Spaass an e schéine Weekend!

Fir méi Informatiounen:
www.schreiwen.lu

LËTZEBUERG_MENJE This is "LËTZEBUERG_MENJE" by SCRIPT on Vimeo, the home for high quality videos and the people who love them.

Photos 02/02/2017

Haut gëtt eng Reegel presentéiert, déi sech mat engem ganz spezifesche Phänomen beschäftegt. Déi éischt Reegelen, déi virgestallt goufen, hunn déi allgemeng Prinzipie vun der Orthographie ageféiert. Dës Kéier awer eppes, wat vläicht net esou bekannt ass: D' Reegel vun , oder virun :

Virun engem plus en anere Konsonant kritt den , oder en derbäi:
Beispiller: äert Kand, hiert Meedchen, wiert Iech, Kierch, Wuerm, Uerteel, Iertum

Dobäi gëtt fir an dat däitscht Schrëftbild gekuckt:
Beispiller: Wierder (däitsch: Wörter), Wieder (däitsch: Wetter), Hierscht, Fierschter, Tuerm

Virun engem ouni en anere Konsonant steet den eleng:
Beispiller: äre Jong, Här, Kär, Pärel

Fir weider Informatiounen an Exercicer zu dëser Reegel:
www.schreiwen.lu

Muer wäert zum Ofschloss vun der Woch eisen neie Video presentéiert ginn!

Vous voulez que votre école soit école la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Type

Adresse

Luxembourg