25/05/2026
Léif Frënn vum Heidi,
Den LSH invitéiert iech och dëst Joer rëm op Heidelberg fir déi 5. Editioun vum Intercercle ,,De Feierwon’’, deen de 19. bis de 21. Juni stattfanne weart.
De 19. Juni fänkt eise IC mat engem Wëllkommspatt un 🍻 Do ginn mir all zesumme an eise Stammcafé “VaterRhein” oder op Neckarwiese (Wiederofhängeg) fir op de Weekend unzestoussen🥳
Samschdes, de 20. Juni, geet et dann ab 15h30 zu Heidelberg lass, wou mir mam Feierwon (eng Stroossebunn aus de 60er Jore mat enger Bar u Bord) fir 2 Stonnen duerch Heidelberg fueren, an zesumme mat gudder Musek a genuch Gedrénks an den Owend starten. Ab ca. 18h30 organiséiere mir nach ee klénge Flunkyball Tournoi a ginn duerno weider op d’„Hendsemer Kerwe“, wou mir eppes iessen (an natierlech drénken) wäerten an de Recht vum Owend ausklénge loossen.
Sonndes de 21. Juni gi mir da géint 11h00 all zesumme an den “UrbanKitchen” brunchen.
D’Umeldunge ginn den Méinden, den 25. Mee um 17:00 op a si bis den 14. Juni (23:59Auer) op. D’Plaze vun der Bunn si limitéiert, dofir gëllt hei wéi ëmmer: first come first served.
D’Plaze fir de Flunkyball an den Owend op der Kerwe sinn awer net limitéiert, soudass och Léit déi keng Plaz méi an der Bunn kréien oder réischt méi spéit kënnen, da gären nokomme sollen. Gidd dëst just w.e.g. am Formulaire un.
Den Intercercle wäert 21€ kaschten, dat fir de Präis vun der Bunn a vum Owesiessen, den Samsten, ze decken. Leit déi net mat der Bunn matfueren an nokomme mussen näischt bezuelen. D’Gedrénks an der Bunn an op der Kerwe souwéi de Brunch Sonndes moies sinn net am Präis mat dran. D’Präisser vum Gedrénks sinn awer ganz studentefrëndlech! Méi genau Informatiounen iwwert d’Bezuele kommen dann an enger Bestätegungsmail no der Umeldung!
Falls dir eng Schlofplaz braucht, gitt dat w.e.g. am Formulaire un, eng begrenzten Unzuel kënne mir zur Verfügung stellen.
Forms: https://forms.cloud.microsoft/e/xMrK20drgD