09/06/2026
đ±đș Maach mat bei der Ămfro iwwer Social Media, KI an Internet. Fir Jonker vun 18â30 Joer. Ănnert de Participante gi Rockhal-Tickete verloust!
đ snj.lu/radar27
đ«đ· Participe Ă lâenquĂȘte sur les rĂ©seaux sociaux, lâIA et Internet. Pour les 18â30 ans. Des tickets Rockhal seront tirĂ©s au sort parmi les participants !
đ snj.lu/radar27
đŹđ§ Take part in the survey on social media, AI and the Internet. For 18- to 30-year-olds. Rockhal tickets will be raffled among all participants!
đ snj.lu/radar27
01/06/2026
[LU] â ïž Opgepasst: falsch Avast-E-Mailen am Ămlaf
Aktuell kréie Leit dobaussen E-Mailen, déi esou maachen, wéi wann se vun Avast wieren.
An der E-Mail steet, datt een 700⏠iwwerwissen hÀtt an datt en Abonnement fir 60 Méint verlÀngert gi wier.
Dat ass eng Arnaque. DâZil ass, Iech Angscht ze maachen, fir datt Dir sĂ©ier reagĂ©iert.
Wichteg:
- rufft net op dâNummer an der E-Mail un
- klickt op kee Link
- luet nÀischt erof
- gitt keng Bank- oder Kreditkaartendonnéeën un
- gitt keng Passwierder weider
DâPersoune kĂ«nnen och probĂ©ieren, Iech um Telefon dozou ze brĂ©ngen, hinnen aus der Distanz ZougrĂ«ff op Ăren Handy, Computer oder Tablet ze ginn - mat der Absiicht, Ăr DonnĂ©eĂ«n oder Suen ze klauen.
Wann Dir en anonymen Uruff kritt, wou vun Avast rieds ass: net drop agoen an ophÀnken.
Am beschten: ignorĂ©ieren an dâE-Mail lĂ€schen.
Dir kënnt verdÀchteg E-Mailen och bei spambee.lu mellen.
Dir braucht Hëllef? Dann ass d'BEE SECURE Helpline fir iech do: www.bee-secure.lu/helpline
[FR] â ïž Attention : faux e-mails Avast en circulation
Des personnes reçoivent actuellement des e-mails qui prétendent venir de Avast.
Dans lâe-mail, il est Ă©crit quâun paiement dâenviron 700 ⏠aurait Ă©tĂ© fait et quâun abonnement de 60 mois aurait Ă©tĂ© prolongĂ©.
Câest une arnaque. Le but est de vous faire peur pour vous pousser Ă rĂ©agir vite.
Important :
- nâappelez pas le numĂ©ro indiquĂ© dans lâe-mail
- ne cliquez pas sur les liens
- ne téléchargez rien
- ne donnez pas vos données bancaires ou de carte bancaire
- ne donnez pas vos mots de passe
Les personnes peuvent aussi essayer, par tĂ©lĂ©phone, dâobtenir un accĂšs Ă distance Ă votre tĂ©lĂ©phone, ordinateur ou tablette. Leur but est de voler vos donnĂ©es ou votre argent.
Si vous recevez un appel anonyme qui parle de Avast : ne répondez pas et raccrochez.
Le mieux : ignorez le message et supprimez lâe-mail.
Vous pouvez aussi signaler les e-mails suspects sur spambee.lu.
Vous avez besoin dâaide ? La BEE SECURE Helpline est lĂ pour vous : www.bee-secure.lu/helpline
22/05/2026
đŒ DâVirtual DigiRallye ass ideal fir dâPĂ€ischtvakanz!
Sicht dir nach eng flott a gratis AktivitĂ©it fir Kanner vun 9â12 Joer â an der Maison Relais oder doheem?
Bei der Virtual DigiRallye ginn dâKanner op eng digital Entdeckungsreess mat 5 Statiounen geschĂ©ckt. Si scanne QR-Coden, kucken e kuerze Video mam Panda a lĂ©isen duerno dâAufgaben direkt um Ecran.
DâTheme sinn:
đ Passwierder knacken
đŹ Verhalen am Netz
đ§ Komesch E-Mails
đ€ Technologien aus der Zukunft
đ§ Den Internet dee litt
Dir braucht just:
- een Tablet mat der Actionbound-App
- de geprintene
- e puer wÀiss Blieder
- Stëfter
Alles fannt dir op: https://snj.lu/5n
PDF erausprinten, QR-Coden an der Maison Relais oder doheem verdeelen â a lass geet et.
DâVirtual DigiRallye gouf schonn iwwer 300 Mol gespillt.
Knackt dir den Highscore vun 2615 Punkten? đ
20/05/2026
đ± Digital Medien an der Famill
Bei dĂ«sem Elterenowend beĂ€ntweren Experten d'Froe vun den Elteren a gi praktesch Tipps fir e gesonden Ămgang mat de Medien am Alldag.
đ
4. Juni 2026
đĄ 18h30 â 20h30
đ Eltereforum Hesperange
33, rue de Gasperich, L-5826 Hesperange
Umeldung: snj.lu/4626
13/05/2026
Du bass net schëlleg.
Wann een intim Fotoen, Videoen oder manipulĂ©iert Inhalter vun dir ouni deng ZoustĂ«mmung deelt, ass dat eng Form vun digitaler Gewalt. DâVerantwortung lĂ€it net bei der betraffener Persoun, mee bei dĂ€r Persoun, dĂ©i Drock mĂ©cht, Inhalter mĂ«ssbraucht oder se weiderleet.
Zu LĂ«tzebuerg gĂ«tt un engem neie gesetzleche Kader geschafft, fir digital Gewalt besser ze bekĂ€mpfen â dorĂ«nner iwwert d' Deele vun intime Biller, Deepfakes an Online BelĂ€stegung.
Intim Inhalter gehéieren der betraffener Persoun. Net spÀicheren. Net weiderleeden.
Hei nach de Link zum Artikel fir méi Infos: https://snj.lu/5m
10/05/2026
Cyberstalking ass mĂ©i wĂ©i just e âProfil kuckenâ.
Wann eng Persoun dech Ă«mmer erĂ«m online kontaktĂ©iert, iwwerwaacht, Ă«nner Drock setzt oder kontrollĂ©iere wĂ«ll, kann dat Cyberstalking sinn. Dat ass net normal â an du muss domat net eleng bleiwen.
Setz kloer Grenzen, reagéier dono net méi weider a spÀicher Beweiser: Screenshots, Messagen, Profiller, Uruffslëschten oder E-Maile kënne wichteg sinn.
Wann s du betraff bass oder net sécher bass, wat s du maache solls: SchwÀtz mat enger Vertrauenspersoun oder mell dech bei der BEE SECURE Helpline: 8002 1234.
Bei direkter Gefor: 113 oder 112.
07/05/2026
Haut ass Welt-Passwuert-Dag đ
E staarkt Passwuert ass wichteg â mee et ass just eng Basis. Fir deng Konten nach besser ze schĂŒtzen, benotz fir all Kont en eegent Passwuert, aktivĂ©ier 2FA wou et mĂ©iglech ass a wiessel op Passkeys, wann de Service dat ubitt.
DÀi Passwuert kanns du op pwdtest.bee-secure.lu testen. Do gesÀis du, wéi widderstandsfÀeg et géint Brute-Force-Attacke ass.
Staarkt Passwuert + 2FA oder Passkeys = vill méi Schutz.
23/04/2026
Op der Schoulfoire an de Foireshalen gouf déi nei Campagne AI =/= Human de Kanner a Jonke virgestallt. Um Stand konnten déi jonk Visiteuren mam René schwÀtzen an natierlech och Fotoe mat him maachen.
De RenĂ© gesĂ€it op den Ă©ischte BlĂ©ck bal mĂ«nschlech aus â mee et fĂ€lt sĂ©ier op, datt hien aus Holz gebaut ass an en Tablet als Kapp huet. An och am GesprĂ©ich gouf sĂ©ier kloer: De RenĂ© kann zwar Ă€ntweren, mee heiansdo erzielt hien och einfach Quatsch. Genee dat mĂ©cht dâCampagne dĂ€itlech: KI ka mĂ«nschlech wierken, ass awer kee MĂ«nsch.
Trotzdeem ass de René ganz gutt bei de Visiteuren ukomm.
A schonns nĂ€chst Woch, den 29. an 30. AbrĂ«ll, kann een him och am Forum GeesseknĂ€ppchen begĂ©inen â tĂ«scht 12.00 an 14.00 Auer.
22/04/2026
KI ass iwwerall. Mee wĂ©i notzt een se eigentlech sĂ©cher a clever? đ€
Beim KI-Workshop vu BEE SECURE a Scienteens Lab entdeckt dir déi kreativ Méiglechkeete vu kënschtlecher Intelligenz a kritt glÀichzÀiteg en Abléck, wéi een KI sécher, kritesch a verantwortungsvoll benotzt.
Och dâThema KI-Chatbots gĂ«tt am Workshop opgegraff. An: de RenĂ© aus der Campagne AI =/= Human ass och dobĂ€i đ
đ
13. Mee
đ 17:30â20:30 Auer
đ Haus 48-50, Merl
đŁïž Op LĂ«tzebuergesch
â ïž Max. 36 Participanten
âĄïž Umellen hei: https://snj.lu/5g
16/04/2026
KI kann hëllefrÀich sinn. Mee KI ass kee Mënsch.
Mam MinistĂšre de l'Ăducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse , der CNEL - ConfĂ©rence Nationale des ĂlĂšves du Luxembourg , dem Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires a BEE SECURE setzt dâCampagne AI â Human â Talk to a person e kloert Zeechen fir e mĂ©i kriteschen Ămgang mat KI-Chatbots.
đ www.nothuman.lu