Naturzäit

Naturzäit Wildnis- an naturpedagogesch Aktivitéiten fir Kanner, Jonker an Erwuessener am Mëllerdall

Et war flott, wéi ëmmer: mat coole Kanner an dem Jess vun Wildchild.lu ☀️🌳🐾
06/08/2026

Et war flott, wéi ëmmer: mat coole Kanner an dem Jess vun Wildchild.lu ☀️🌳🐾

Dobaussen iwwernuechten: wat en Abenteuer!Als Ofschloss vum Bëschjoer hunn d'Kanner dëse Mount an "hierem" Bësch geschlo...
22/07/2026

Dobaussen iwwernuechten: wat en Abenteuer!
Als Ofschloss vum Bëschjoer hunn d'Kanner dëse Mount an "hierem" Bësch geschloof. Di eng am Zelt, di aner ënnert dem Stärehimmel. Schlofplaz prëtt maachen, schnëssen, Feier umaachen, kachen, schnitzen, zesumme sinn, erliewen wéi den Dag an d'Nuecht iwwergeet, sech trauen am däischteren Bësch ënnerwee ze sinn, matzen an der Natur aschlofen, moies mat der Sonn opstoen, Feier umaachen, Schoki kachen, Erliefnisser austauschen 🙏

15/07/2026

Hues du Loscht Zäit mat dengem Kand zesummen dobaussen ze verbréngen? Awer et seet dir näischt eleng mat dengem Kand lass ze zéien?
Wann däi Kand tëscht 3 a 6 Joer al ass, dann ass hei eventuell d'Léisung fir iech zwee!

D'Naturzäit-Zwergen sinn e Bëschspillgrupp deen sech zwee Mol de Mount am Bësch bei Uesweiler trëfft. Kleng a Grouss spillen, liesen, wierkelen an nach vill méi. An dat Bescht: fir di kommend Saison sinn 2 Plazen an dësem flotte Grupp fräi ginn! Mell dech elo séier mat dengem Kand un via de Site vun Naturzäit. Link op der gewinnter Plaz.

Kleng Hänn, deene Vertraue geschenkt gett, kënnen zimlech cool Saachen erschaffen 🔪
02/07/2026

Kleng Hänn, deene Vertraue geschenkt gett, kënnen zimlech cool Saachen erschaffen 🔪



27/06/2026

Loscht op dobaussen? Naturhandwierk, Wëllkräider, chillen, Gemeinschaft an nach vill méi gëtt et an de Wildnisatelier vun Naturzäit fir Kanner an Teens vun 9 bis 15 Joer.
Ab September geet di nei Saison lass an elo kanns du däi Kand umellen!

Et sin nach 2 Plaze fräi am Wildniscamp den 23. Juli! Avis aux amateurs.E Vakanzendag am Summer am Bësch:  spille, schlä...
25/06/2026

Et sin nach 2 Plaze fräi am Wildniscamp den 23. Juli! Avis aux amateurs.

E Vakanzendag am Summer am Bësch: spille, schläichen, lauschteren, handwierken, raschten, zäitlos sinn. Mir genéissen d’Sonn, oder lauschteren dem Reen op de Blieder no. Mir spille wëll Spiller a schnitzen. Mëttes picknicke mir zesummen, maachen d’Feier un an am Nomëtteg genéisse mir e klenge Snack vum Feier, ier et midd et glécklech heem geet. Sou wéi e Vakanzendag am Summer soll sinn.

D'Sonn war zréck haut an d'Bëschkanner hu gudd profitéiert: si hu fantastesch Kloterbeem fonnt, Déierespuere gesicht, Ba...
13/06/2026

D'Sonn war zréck haut an d'Bëschkanner hu gudd profitéiert: si hu fantastesch Kloterbeem fonnt, Déierespuere gesicht, Bampärele fonnt, Karteliese geléiert a Schatzkaarten gezeechent ☀️🐾🌳 🧭


Happy to be back 😎 ☀️🌳E klengen Abléck an di läscht Deeg am Bësch 🐛🌸🪶
22/05/2026

Happy to be back 😎 ☀️🌳
E klengen Abléck an di läscht Deeg am Bësch 🐛🌸🪶

10/04/2026

Wat eng Rees! Firu 5 Joer Naturzäit hunn ech déi éischt Kanner a Familljen an de Bëschgruppen empfang!
Onzähleg Feier hunn ech an der Zäit ugefaang, bei all Wieder ware mir dobaussen, mir hu gespillt, entdeckt, gelaacht, um Feier gekacht, geschnitzt bis mir Bloderen haten, hunn eis mat eis selwer, mateneen an der Natur verbonne.
Vill Kanner an Erwuessener hunn ech begleet, Frendschaften sinn entstanen, ech hu sou munsch mol gezweifelt a Schwieregkeeten iwwerwonnen.
An onzählegen Formatiounen am Beräich Natur, Wildnis a Wëllkräider hunn ech mäi Wëssen vergréissert a si selwer gewues, a villen Hinsichten.
Haut kucken ech mat Stolz drop zréck, dass ech mäi Courage an de Grapp geholl hunn a mech mat der Naturzäit selbststänneg gemaach hunn. An nach ëmmer sinn ech ugedriwwen vun der Iwwerzeegung, dass meng Aktivitéiten e klenge Bäitrag sinn fir eist Zesummeliewen an a mat der Natur ze verbesseren. Op weider vill schéi Momenter dobaussen 🔥 🌳 🐾🪶


Ouschternäschter aus Holzscheiwen, Äscht, Moos a Käerzen mat Beiewues 🪺🥚🐝Inspiréiert vun
26/03/2026

Ouschternäschter aus Holzscheiwen, Äscht, Moos a Käerzen mat Beiewues 🪺🥚🐝

Inspiréiert vun





Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturzäit publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'école

Envoyer un message à Naturzäit:

Raccourcis

Partager