29/12/2022
Léif Elteren 👋
Heimat stellen mir eis vir!
Mir sinn en Team vun erfuerenen an zouverlässege Babysitter a bidden eis Servicer am ganze Land un. 👶👧🧒
Fir eis steet d’Sécherheet vun ären Kanner an d’Vertrauen vun den Elteren un den vermëttelten Babysitter op Éischter Platz ! Dowéinst léiere mir all eenzele Babysitter perséinlech kennen.
Déi Babysitter, déi fir Family Time gëeegent sinn, duerchlafen eis Schoulungen, souwéi e Babysitter-Cours, en Éischt-Hëllef-Cours a reegelméisseg Formatiounen.
Fir Är Kanner wiele mir nëmmen déi bescht Babysitter aus. ❤️