10/07/2026
🇱🇺🇱🇺
🚶♀️🚲 Schoulfest – Mir zielen op Är Ënnerstëtzung! 🚗
Léif Elteren a Frënn vun der Schoul,
Fir datt eist Schoulfest muer fir jiddereen esou angenehm wéi méiglech verleeft, biede mir Iech, wa méiglech, zu Fouss oder mam Vëlo ze kommen.
Wann Dir mam Auto kommt, hëlleft Dir eis immens, wann Dir:
➡️ vun uewen no ënnen duerch d’Strooss fuert, fir de Verkéier an d’Liniebusse net ze behënneren;
➡️ Ären Auto op der lénkser Stroossesäit (a Fuertrichtung no ënnen) ordentlech parkt, fir de Verkéier flësseg ze halen.
Villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mathëllef. Mir freeën eis, Iech muer um Schoulfest begréissen ze kënnen! 🎉
🇫🇷🇫🇷
🚶♀️🚲 Fête de l’école – Merci de votre collaboration ! 🚗
Chers parents et amis de l’école,
Afin que la fête de l’école de demain se déroule dans les meilleures conditions pour tout le monde, nous vous encourageons, dans la mesure du possible, de venir à pied ou en vélo.
Si vous venez en voiture, nous vous remercions de bien vouloir :
➡️ emprunter la rue du haut vers le bas, afin de garder la fluidité de la circulation et de ne pas gêner le passage des bus de ligne ;
➡️ vous garer correctement sur le côté gauche de la chaussée (dans le sens de la descente), afin de faciliter la circulation.
Un grand merci pour votre compréhension et votre collaboration. Nous nous réjouissons de vous accueillir demain à la fête de l’école ! 🎉