14/09/2025
Léif Paraisser,
Et ass erëm Zäit d’Joer gutt unzefänken mat eisem Pot de Bienvenue op der Péniche. 🪩
📍 Wou? Péniche d’Elsa : 10 Port de la Gare, 75013
🕕 Wéini? 20:15 AG mat de Wahle fir den néie Comité - All you can drink Party vun 21:00 bis 02:00
💶 Präis? 20€ Memberen / 25€ Net-Memberen +352 621 193 929
🗳️Um 20:15 fënnt den Opruff fir déi Leit statt, déi sech fir de Comité melle wëllen. Schreift iech bis de 26. September iwwer de separaten Formulaire an der Bio an.
De neie Comité gëtt um Event, während der Assemblée générale, gewielt. Kommt also net ze spéit wann dir mat wëllt wielen. Fir all eis Memberen déi et fir d’AG net kënne packen mee awer mat wiele wellen, ass et och méiglech sëch per Teams bäizeschalten. Schreiwt eis dofir weg privat.
💳Fir kënnen ze wielen, musst dir eng Memberskaart (15€) hunn : Digicash un d’Nummer +352 621 193 929 mat der Mentioun „Memberskaart“ a préziseiert eis dobäi och är Emailadresse.
Falls dir keen Digicash kennt maachen kënnt dir se och op der Plaz kafen. Dës Kaart erméiglecht iech op eis zukünfteg Evenementer Reductiounen ze kréien an och bei der Wahl vum Comité fir d’Joer 2025-2026 deel ze huelen.
‼️ Déi aal Memberskaart ass net mei gelteg fir dess wahlen.
⚠️ D’Plaze si limitéiert – also mellt iech séier iwwer de separaten Link fir d’Péniche an der bio un!
Mir freeën eis, iech erëmzegesinn,
Ären AELP-Comité 🪩🍾
Péniche : docs.google.com/forms/d/1yj3A9NBUDlhtmbSL5e5XR6HN5TbH6UOofMt2eK3Z4Ew/edit?pli=1
Comité : forms.gle/9KbSrRG8yyS445M79