16/07/2026
☀️ Schéint Summervakanz! 🍦🍟🍬
Gëschter, um leschte Schouldag, huet d’Elterenvereenegung APEEF Eechternoach de Kanner mat Waasserglacen, Chips a Kamellen eng kleng Freed gemaach. 😊
Et war schéin, esou vill glécklech Gesiichter ze gesinn an zesummen de Start an d’Summervakanz anzelauden.
Mir wënschen alle Kanner, Elteren, Léierpersonal an dem ganze Schoulpersonal eng fantastesch, sonneg an erhuelsam Summervakanz! 🌞🏖️
Merci fir är Ënnerstëtzung am Laf vum Schouljoer – mir freeën eis schonn, iech no de Vakanzen erëmzegesinn! 💚
Är Elterenvereenegung APEEF Eechternoach 💚